Dat Reklammen ob YouTube emmer méi ausgetrickst gin, ass cool. Mee dat heiten toppt a Saachen Videoreklamm alles (oballenfall vum technesch opteschen hier).
Aus der Kategorie Webkonfusiounen
Dat Reklammen ob YouTube emmer méi ausgetrickst gin, ass cool. Mee dat heiten toppt a Saachen Videoreklamm alles (oballenfall vum technesch opteschen hier).
Interessant, wann d’Reklamm ronderem de Video, dee sélwechte weider féiert.
Net mi sou interessant, wann duerch de massiven Asaatz vun JavaScript, Flash & co. doduerch den eigentleche Video ruckelt wi Sau.
Immens, ech wollt ë lo nach eng Kéier kucken (hu mol all d’Hannergronnprogrammer ausgeschalt) a lo leeft de Video guer net méi, mee d’Reklamm ronderem awer ouni Problemer. Dichteg!
bei mir leeft de buttek.an ech fannen daat do nawell decken gas an schecken weider.ma merci.:)
Wierklech verreckt an saugail. Ech haat zwee Ruckler dran, mee daat kann och un der Bandbreed geleen hunn, bzw. dorunner, daat den Firefox dann dach awer schon relativ laang leeft.
An ech hun eng hallew Sekonn laang iwerluecht, fir mer en Honda Hybrid ze kaafen. Bis mer angefall ass, daat ech keen Führerschain an keng Souen hunn.
Hei ass de Video tiptop gelaf. Wahnsinn. Mir ass et wéi dem Joël gaang. Hun zwar e Führerschäin, mais dann awer trotzdem keng Suen. Mais ech hätt do lo alles kaaft.
dat do as zwar effektiv gail gema, hun lo extra nach eng 2.kéier gekuckt. war bei der 1.kéier sou op di figuren konzentréiert dat ech guer keng autoen do erkannt hat ;)