Hiweis: Pianocktail ass en onpoliteschen Blog. Kee wees wéieng Parteikaarten de Nic, de Joki, de Chris oder ech hun, an dat ass och gudd sou. Deen heiten Post bezitt sech ob den Web-Obtrëtt vun de Parteien an hëllt hier Programmer net an Uecht. Politesch Diskussiounen gi wou anecht gefouert.
Am Juni sti rem Wahlen un. An et sin net déi éischt Wahlen wou den Internet eng Roll spillt. An awer ass den Internet emmer méi zentral an eisem Liewen gin, an spéidstens nom Obama misst gewosst sin, dat den Internet eng immens Muecht huet. Dat wéssen och bestëmmt d’Parteien a Lëtzebuerg. Pianocktail beäugt kritesch d’Säiten vun de Parteien an hieren Jugendorganisatiounen. Mir gin all Partei eng Lëtzebuerger Schoulnote ob 60 Punkten! D’Partei zielt zu 2/3, d’Jugend zu 1/3 am Schlussklassement. Wee keng Jugendorganisatioun huet, gett dofir net bewäert mee kritt de béisen Fanger vun eis gewissen.
ADR
D’Partei Den ADR probéiert sech alt rem ze repositionéiren. Bis 2007 haat den ADR en Internetsite dien vun den ästheteschen Gesiitspunkter hier degeulass war. 2007 koum dun en neien Site dien méi flott ze kucken wor, well gesäit den Site ganz nei aus. Et fënnt een alles wichteges, och wann de Site een am Ufank erschléit an et wierklech nerveg ass dass ongefrot Videoen obtauchen. En ass net ganz iwwersiichtléch, an verfehlt och den ADR als eng modern Partei ze weisen, mee de Site mécht den Job. RSS, Twitter an e Parteiblog gett et net. Ausser dee Site mat Kommentarer déi si Blog nennen. En Artikel mat bloggenden Politiker kennt nach noo, déi gin hei net gezielt.
Pianocktail gëtt 39/60 Punkten
D’Jugendorganisatioun verstoppt séch. Et fënnt een en aalen Link, deen dout ass. Wann een no Jugend oder ADRenalin sicht, fénnt een e Pressecommuniqué, déi hier Jugend an hier gudd Aarbecht ennersträicht. Soss fénnt een näischt.
Pianocktail gëtt 6/60 Punkten
Total fir den ADR: 28, knapps ongenügend
CSV
D’Partei De Site vun der CSV ass propper an iwwersiichtlech. Et ass grafesch uspriechend. Wat stéiert sin déi hallefhäerzeg Versich, Web 2.0 ze sin an bei all Plaatz en “Shiny” Effekt anzebauen, ob en ubruecht ass oder net. D’CSV ass och ob Facebook, mee do ass net méi wéi Artikelen aus dem Wort ze fannen. Mysterium. D’Videoen sin och flott a gudd gemaach, et lount sech professionnel Agencen ze huelen. De Site vun der CSV ass flott a propper, en ass net wow, mee Grondzolitt.Pianocktail gett dofir 47 Punkten.
D’Jugendorganisatioun huet e propperen, klengen Site mat allen wichtegen Informatiounen. Interaktivitéit ass zimmlech niddreg. Och hei ass Bloggen wéi bei den aalen Häeren éischter net ugesot. Mir kennt hier Jugend relativ aal viir. Mee Schwamm driwwer. Net vill Extraes, mee alles wat een braucht. Mir gin 42 Punkten.
Total fir d’CSV: 46, gudd
DP
D’Partei Ob der Startsäit vun der DP iwwerkommen een d’Web 2.0 Schudderen. MyDP mecht mech krank. De Site ass ouni iwwersiichtlecht Konzept ob Däitsch an ob Franséich. De Site gesäit gudd aus, och wann dem Claude Meisch säi Gesiicht do wierklech hénnert. Ween eng Partei mat engem Gesiicht wéll verbannen, sollt dofir och e Gesiicht hun. An net soueent. De Meisch ass net den Obama. Och hei sin e puer Videoen, en puer Radiospots, alles gudd a schéin, mee awer net herrausragend. Mir gin dann mol 46. Minus 2 Punkten fir de Claude Meisch.
D’Jugendorganisatioun ass och vun däer MyJDL Krankheet befall. Ween ass dofir responsabel? Erschéissen! De Site ass wierklech flott gesalt, mat e puer Iergernisser. An en ass ganz ob Lëtzebuergesch. Allerdéngs wierken se heiansdo e bessen obgesat. Hier “Act Blue” Campagn wierkt immens kënschtlech an et gesäit een net wierklech méi dohannert wéi Wahlpropaganda. Et feelen Videoen oder sonsteg Interaktivitéit. Dofir 47. Minus ee Punkt fir Act Blue.
Total fir d’Demokraten: 45, gudd
Gréng
D’Partei huet e flotten Site, iwwersiichtlech mee mat vill Informatiounen. Dobäi probéiren si net Web 2.0 auszegesin, obwuel si immens doran engagéiert sin. Léiwer dat, wéi sou prätentiéis wéi déi aaner Parteien ob Web 2.0 ze man. E bessen Interaktioun ass jo schon do, mee net vill méi wéi zB bei der CSV. Dofir och just ee Punkt méi, well et einfach manner gestallt ass. 48 Punkten fir déi Gréng.
D‘Jugendorganisatioun huet einfach e saucoolen Site. Rem net extrem Web 2.0 vu baussen, dofir awer méi Web 2.0 vu bannen. Plus Podcasts, Videoen an RSS Feeds. Hooray. 52 Punkten.
Total fir déi Gréng: 50, ganz gudd.
KPL
D’Partei huet en zimmlech erbäermlechen Site an keng .lu Domain. Ausser Text gett et do näischt. 23 Punkten.
D’Jugendorganisatioun huet e Site mat 3 vun hieren Memberen an Bärenfellmutzen. Dofir gett et vun eis 15 Punkten.
Total fir d’KPL: 21, ongenügend.
Déi Lénk
D’Partei Ech wees jo net wéi dir dat gesidd. Mee ech fannen de Site vun den Lénken einfach gudd. Punkt. Do ass net vill extraes drob, ausser e puer Videoen, mee de Site ass sou kloer an iwwersiichtlech wéi soss keen aaneren Site. Leider ass munches nach net fäerdeg. 46 Punkten.
D’Jugendorganisatioun gett et net.
Total fir déi Lénk: 46, gudd. Mee e béisen Fanger.
LSAP
D’Partei verstoppt hieren Site hannert engem Teaser fir d’Wahlen. Wann een ob de Site kennt fennt een en charmelosen mee propperen Site. Méi gett et iwwert dee Site wierklech net ze soen. Sorry. 38 Punkten.
D’Jugendorganisatioun huet en loschtlosen Minisite, deen kaum ennerhaalen gett, an dofir nach Handynummeren do stoen huet déi mat 021 ugin. De Site gesäit net ellen aus, mee de Contenu ass ongenügend. 25 Punkten.
Total fir d’LSAP: 34, genügend.






gaga:
bass du de Jerome Lulling?
hey gaga, dei lëtzeburgescht huet net genuch mistakz, sou bas de schnell duerchkuckt, du wees dach, dat de luxusbierger net mol seng sproch richteg kann. keng panik, deng tatta huet geschwënn d’pensioun:
hei meng pronosticen:
lsap 2 setz
ard 1 setz
csv 1 setz
gring 1
dp 1
an am oktober rekordchomage zu letzeburg. Nach firun e puer Joer hum mir mat 56% fir eng EU-Verfaassung gestemmt, fraiwelleg Souveränitéit ofgin, ma bravo. Léif Jo-Wieler, lo gesidd der jo waat dodraus gin ass, d’Politik gett net méi um Krautmaart, mee zu Bréissel an Stroossbuerg gemaach. Europa, Hurra !!
En ass rem dooooooo! :)
Wou kenns du dann hier?
@gaga, hues du schon eng Kéier en Aufsatz geschriwwen (wanns de jemols an der Schoul wars) deen ganz gudd war, wous de awer keng Punkten krus an de Proff huet iergendeppes gefasert vun “Thema verfehlt”? Wat d’Thema hei MISST sin, soen mir, an net du.
@k mir hu geduecht 2 Méint virun de Wahlen wier e gudden Zäitpunkt. Mir kennen villes, awer net an d’Zukunft kucken.
Thorben:
> Mir kennen villes, awer net an d’Zukunft kucken.
Serieux? Dann hätt ech awer lo gären meng Suen zeréck!
GAGA ZITAT: Dem AstridLulling säi Site huet net nëmmen d’Kultur vum “politesche” Videoblog op Youtube agefouert…
Déi mickreg ronn 30 Hits pro Video kann ee wuel kaum als Videoblog-Revolutioun bezeechnen. Léiwen Här Lulling, hutt dir d’Unerkennung esou néideg?
(Mol dovunner ofgesinn huet dat naicht mam Thema ze dinn an een, deen behaapt en hätt um Internet eppes erfonnt, deen huet d’Funktiounsweis vum Netz net gerafft.)