Dass ech kee grousse Frënd vun den animéierte Filmer vun Dreamworks sinn, hunn ech schon em puer mol erklärt. Allerdéngs schéngt et mer ëmmer méi, dass ech meng Meenung revidéire misst. No Kung Fu Panda ass Monsters vs. Aliens den zweete Film bannen zwee Joer vun deem ech ganz labber behaapten, dass et de beschte Film ass, deen Dreamworks Animation bis well gemaach huet.

Monsters vs. Aliens spillt intelligent mat de Filmer vun de 50er Joeren, an deene Monster an Aliens als grouss Gefoer fir de Planéit an virun allem d’Vereenegt Staaten duergestallt ginn – dese Film léisst se lo géinteneen untrieden. D’Äerd gëtt zënter 50 Joer duerch eng amerikanesch Organisatioun vun optauchende Monster “beschützt”, bis dass d’Susan optaucht, wat um Dag vu senger Hochzäit vun engem Meteorit getraff gëtt a sou zu engem Ries mutéiert. Dese Meteorit, an d’Substanz déi d’Susan wuesse léisst, gëtt allerdéngs vun engem Alien gesicht an dofir schéckt desen seng Truppen op d’Äerd fir et ze fannen. Also ginn d’Monster befreit fir d’Aliens ze bekämpfen.

Sou ass Monsters vs. Aliens e Film voller Referenzen u Sci-Fi Klassiker, deen allerdéngs och extrem kandsgerecht geroden ass. Nieft dem typeschen Witz iwwer d’modern politesch Lag an eenleches, dee virun allem Erwuessener soll ameséiren, gëtt et och sou munches, wat exakt op Kanner zougeschnidden ass. An dat ass och dem Film seng eenzeg Schwächt – Kanner ginn alt nees fir domm verkaf, eppes wat bei Pixar net geschitt. Et ass en allgemengen Ierglawen, dass Kanner vereinfacht Witzer brauchen fir sech ënnerhal ze fillen. Trotzdem huet Monsters vs. Aliens genuch Stäerkten fir dest z’iwwerbrécken, sief et den urkomesche B.O.B. (geschwat vum Seth Rogen), den immensen Insectosaurus, oder och den Dr. Cockroach (Hugh Laurie). Mee virun allem D’Susan/Ginormica ass en immens gelongene Personnage, well genee sou wéineg wéi am üblechen Hollywoodfilm eng weiblech Figur däerf den Held sinn, ouni e Latexkostüm unzedon, ass dest an animéierte Filmer de Fall. Do ass dese FIlm dach erfrëschend a mol eppes neies.

Bewertung: ***/****