Hiweis: Pianocktail ass en onpoliteschen Blog. Kee wees wéieng Parteikaarten de Nic, de Joki, de Chris oder ech hun, an dat ass och gudd sou. Deen heiten Post bezitt sech ob den Web-Obtrëtt vum ADR.

Den ADR ass nach ëmmer belaascht mat der Usiicht se wieren populistesch an hätten keng richteg Motivatioun. Dat loosse mir mol am Raum stoen. Déi lescht Joëren probéiren si sech emmer méi ze repositionéiren. Aus dem Aktiounskomitee 5/6 gouf dann den Aktiounskomitee fir Demokratesch Rentengerechtegkeet an dann elo déi Alternativ Demokratesch Reformpartei.

Am Cader vun hierer Repositionéirung, déi lo schon eng Zäitchen a klengen Stéiss geet, gouf 2007 den ADR-TV agefouert. ADR TV gouf am Ufank vu ScoopTV produzéiert, déi Boîte déi zum Groupe de Presse Nicolas gehéiert. Dat mindert de Viirworf vu Populismus net, wann een wees dat dee Grupp d’Zeitung Lëtzebuerg Privat rausbréngt, eng Zeitung déi ëmmer rem duerch mangelhaften Journalismus obfällt, duerch Liggen an Hetzcampagnen. Außerdem gouf dëss Sendung am Ufank aus Café’en gefilmt. Et kéint een zwar argumentéiren, dat géing Volleksnooheet demonstréiren, aanerersäits gëtt een awer sou de Viirworf vu Stammdéschpopulismus net lass. Dat schéngen se och rausfonnt ze hun, si senden well virun neutralem Hannergrond. Awer ass et nach ëmmer eng mëttelméisseg produzéiert Sendung. Et sprécht näischt géint Amateurvideo’en generell, wann een awer well eeschtgeholl gin, muss een sou Saachen richteg man, an net hallefhäerzeg. Hallefhäerzeg ass dann och d’Tatsaach, dass déi Videoen einfach just blann robgelueden gin, an dofir entweder gestrechted, ge’letterboxed oder suguer ge’windowboxed sin. Deen eenzeg seriö’en Video ass deen vun hierem Metro City-Tunnel. Deen ass allerdéngs och vun enger Agence namens medienbox produzéiert – eng Agence aus Däitschland ugestallt vun enger Agence aus Lëtzebuerg.

Den ADR versteet dat Video’en wichteg an extrem kraaftvoll sin, mee se verstin net, wéi empfindlech se sin. Wann si hier Kandidaten an Video’en viirstellen, ass dat eng super Iddi. Mee dann dierf et net sin, dass Kandidaten do mam Sonnebrëll stin an hier Nolauschterer net an d’Aen kucken. Et ass och net rühmlech, wann een seet dass d’politesch Motivatioun ass well een “léif vu Bekannten gefrot gouf” oder behaapt seng Stäerkt wier “ech ka mech gudd upassen, ech beschwéiren mech net fir eppes, wann een mech eppes freet soen ech emmer direkt nee, dono ass et awer jo” – dann awer behapten si hätten keng Schwächten. Och Leit déi, während se iwwert den “versautenen Schoulsystem” meckeren, den Androck man se géingen vun engem Teleprompter oofliesen, den John F. Kennedy “jiiiih-efff-kaaah” vernennen wierken einfach pathetesch. Ech well dofir guernet jugéiren, ob déi Leit lo gudd oder schlecht Kandidaten sin. Mee Wahlen sin en eenzegen Schéinheetscontest. An do ass keng Platz fir éierlech Meenungen oder perséinlech Feeler, mee et geet drëms wien seng Punkten am beschten verpaakt kritt, sou dat se de Leit gefaalen. An do ass keng Platz fir dilletantesch Video’en. Et ass keen Zoufall, dat Politiker mat groussem Afloss ganz oft bal perfekt duerchchoreographéiert gin a Leit hun déi fir se hier Rieden schreiwen.

An engem Video prangert den ADR d’Slogans vun den Parteien un déi näischtsoend wieren, sou wéi “Nei Weer wielen”, “Mir paken et un”. De Slogan vun hierer Positionéirungscampagne ass – villsoend – “Maach mat!”. Fairerweis muss ee soen dat dass net hieren Slogan ass. Hinnen hieren Geniesträich, hieren neien Slogan, ass souwäit ech dat matkritt hun: Mir wëllen behalen wat mir hunn. Net nëmmen dat se mat désen Slogan vu Lénksaktivisten einfach an den Eck geréckelt gin mat deenen Brongen, nee, “ech hoffen, datt mir dat behale wat mir hunn” ass och nach en Zitat vum Jean-Claude Juncker. An villsoend ass och dése Slogan net.

Schlussendlech ass d’Homepage vum ADR net optimal. Et huet een d’Gefill, se gouf eng Kéier vu Profien entworf, an dann vun Amateuren weidergefouert. En ass iwwregens vun der Firma RDTS aus Tréier gehost. Do gëtt zum Beispill de Begrëff Blog méssbraucht (leider kann een net richteg verlinken, well se Sessions benotzen, ob dem heiten Link no Mach Mat Blog sichen). E Blog ass net einfach nemmen e Site mat Neiegkeeten. Features wéi RSS feelen. Dobäi missten se et besser wessen, den Alain an de Roy hun och hieren Blog a sin suguer ob Facebook. Woubäi just dem Alain Frast säi Blog d’Impressioun vermëttelt, hien géing d’Wichtegkeet an d’Kraaft vu sou Outil’en verstoën an en ass och hallefwegs am Web 2.0 ukomm. Zrèck zur Homepage. Do gëtt emmer rem den Design vun schlechtem Textsaatz auserneen gerappt. Emmer rëm sin – sou bei der Säit zu den Europawahlen – Grafiken, déi net zum soss professionellen Erscheinungsbild vun der Homepage passen. Et wierkt geschoustert.

Den Obtrëtt vum ADR am Internet verbockt e bëssen hiert obtrieden. An dat läit net u mangelden Suen. Eng aaner, nach méi kleng Partei, déi Lénk, maan et viir. Hieren Site ass méi kleng, wierkt awer méi seriö.

Et ass leider sou, dat bei Reklamm méi de Schäin zielt, wéi den Contenu. Dat ass menger Meenung noo net richteg, mee et ass eng Realitéit. An Réalitéiten gellen och fir den ADR. An dofir brauch eng Partei, egal ob se grouss oder kleng ass, en kohärenten Marketing. An net dat Gepiddels wat den ADR do viirleet.

Update 31 Mäerz: ech hu grad gelies, hiere Motto wier “mir wëllen erhaalen, wat mer hun”. Dat ännert natierlech alles. An eng Partei, noo däer meng Mamm a mai Papp net dierfen nieft hierer däitscher Nationalitéit déi Lëtzebuergesch “als Accessoire” (sou ongeféier den Tounfall) unhuelen (si liewen säit 46 bzw 30 Joer hei), huet keng Léisung fir mech. Och wann dat een vun hieren Slogan’en ass.

Update N°2 – 31 Mäerz: Vu Bloggen versteet och d’DP näischt. D’CSV e béssen méi an déi Gréng am meeschten. Déi Lénk wessen net wat e Video-Podcast ass.