Lues awer sécher fänken ech un mech ze froen, wéini ech eigentlech soll zum Studéire kommen, wann permanent Filmer rauskommen, déi mech interesséieren. Dass ech eng Schwächt fir den Ang Lee hunn, wësst der opmannst duerch meng Verteidegungstaktiken fir seng Versioun vun Hulk, dass den Demetri Martin ee vu menge Lieblingskomiker ass, dierft och bekannt sinn, an da wier do nach den Emile Hirsch, deen an allem brilliant ass, an mat Into the Wild an als menger Meenung no beschtem Niewenduersteller a Milk grad op enger Well vu Succès schwëmmt.
Klak nach e bësse Rock’n'Roll dobäi, nenne mer et mol de gréisste Rockfestival an der Geschicht vun der Mënschheet, an du hues e Film, deen ech net verpasse wëll. An dese Film nennt sech Taking Woodstock an huet well en Trailer:

mir fällt op dat all keiers wann ech am kino en “focus features” gesin de film mer gefällt.hun wahrscheinlech och schons schrott produzeiert mee nach keen deen ech gesin hun.just sou “am Rande”.:)
Gesäit gutt aus!
An dee Concert giff op menger Lëscht vun Events stoen, déi ech mat erliewen wéilt, falls je eng Kéier eng Zäitmaschinn erfonnt get :)
Focus Features stinn och bei mir ënnert engem gudde Stär, genee sou wéi Fox Searchlight an Paramount Vantage.
Jo, dat mat Focus ass mer och schon opgefall. Woer net och ‘Eternal Sunshine’ bei hinnen?
“Eternal Sunshine” ass Focus, genee sou wéi zum Beispill “Milk”, “Atonement”, “Brokeback Mountain”, “Pride & Prejudice”, “Lost in Translation”, “The Pianist”, “Gosford Park”, “In the Mood for Love”, “Traffic” a “Being John Malkovich”, déi et alleguerten op meng Top 10s vum entspriechende Joer gepackt hunn.
Chris: QM?
Fede, pack dech.