En Trailer bei dem mer d’Waasser am Mond zesumme leeft. Zemols an der leckerer HD Qualitéit, déi der bei Apple kritt. An ech son et nach emol: all dat wonnerbart Geschir wäert mech herno dozou bréngen, dass de Film mech enttäusche wäert. Publizéiert mol eppes net sou Guddes, just fir mech e bësse vum Trip rofzebréngen.
(Merci un de Joël fir den Tipp.)

waah do as en jo endlech.:)
ma bedankt.
Wei schéin.Arcade Fire.Freen mech drop.
: )
Mir hunn d’Buch d’lescht Joer am “Writing for Children” Cours duerchgeholl. Ech ginn zou, firdrunner hunn ech dat Buch net kannt. Mee ech freen mech sou krass vill op dee Film lo. An d’Monsteren gesinn an der neier Versioun guer net méi sou schrecklech aus (ech hunn jo zwar déi éischt Versioun vum Film net gesinn, mee hei gesinn se eigentlech zimlech léiw aus).
Exzellent.