Nodeem de Joël e wonnerschéint Cover vum beschte Lidd aller Zäiten op Facebook gepost huet, an ech just en einfacht “Fantabulous” dozou bäisteiere konnt, hu munch Nörgler d’Meenung ausgedréckt dat Lidd dierft een net coveren. Meng Meenung: natierlech dierf een et coveren, wann een et an eng kreativ Richtung brénge kann, ass dat souguer wënschenswert. Intertextualitéit a Popmusék ass grad sou wichteg, ënnerstëtzenswert an interessant wéi an der Literatur an am Kino. Just, do féiert keen eng op. Oder op mannst net sou krass.

Dofir spille mer lo mol rem d’Coverspill, wat den Nic viru puer Méint mat dem allsäits beléiften “Hallelujah” bruecht huet.

  • Pixies – de Klassiker schlechthin. Beschte Lidd aller Zäiten. Coy koi.
  • Emmy the Great – d’Cover, wat de Joël bruecht huet. An absolut genial. Dat kënnt dem Original ganz ganz no. Ech ka mer virstellen, dass dat bei e Sonnenopgang grad sou gutt passe géif.
  • Placebo – méi rockeg, mam Brian Molko senger herrlecher Stëmm, mee am grousse Ganzen net vill anescht. Dofir gutt, mee éischter onnéideg.
  • M.I.A. – “20 Dollar” ass net wierklech e Cover, mee e Sample. A fantastesch. Live nach méi.
  • Nada Surf – zimmlech okay, mee net sou memorabel.
  • Chantal Kreviazuk – meeeega cool. Dat wëll ee vu Covers hunn.
  • Girl Talk – “Hold up” ass e Mash-up an deem ënnert anerem och de Klassiker vun de Pixies virkënnt. Net wierklech gutt.
  • James Blunt – ech wëll em einfach an d’Fress han. Seng Stëmm mecht mech suizidär.