Man mer mol eppes fir d’”Popkultur a Lëtzebuerg”. Pianocktail’er sin hardcore Kinogänger. Ech wees net wéi oft de Chris an de Kino geht, ech gin wann ech a Lëtzebuerg 50-70 mol am Joër an de Kino, awer och well ech an engem schaffen, wann ech hei sin awer wahrscheinlech emmer nach 20-30 mol.

Den Ufank vum lëtzebuerger Kino ass 1896, kuerz nodems de Film usech erfonnt gouf, zu Iechternach gemach gin. De Photograph Jacques-Marie Belwald huet am Hotel du Cerf deen éischte Film am Land gewissen. Deen éischten richtegen Kinossall ass dann 1912 zu Rëmeleng vum Conrad Massard ageriicht gin, mee am Gebai goufen schon sait 1907 heiansdo Filmer gewissen. De Conrad Massard ass den Ur-Grousspapp vum Raymond Massard, quasi déi eenzeg richteg Kinodynastie am Land, dien haut – ënner aanerem – de Kino zu Belval bedreiwt (hei gëtt een jo als Rassist vernannt wann een Bieles an Belval verwiesselt).

Am Laaf vun de Joëren goufen et dun emmer méi Kino’en, ma nom zweete Weltkrich huet de Kino a Lëtzebuerg, sou wéi iwwerall ob der Welt, eng Blütezäit erliewt. Wéi déi Enn 70er, Ufank 80er oofgeholl huet, sin och emmer méi Kino’en zougaang. Haut gin et nach 15 Kino’en, d’lëtzebuergesch Wikipedia wees vun 65 (!) Kino’en, déi et net méi gin.

D’Situatioun haut ass usech an zwéin Griew gespléckt. Mee zrèck an der Geschicht: 1980 huet sech den Ciné Club 80 gegrënnt, deen eng Reih vu Filmbegeeschterten vereent huet, ennert hinnen Fernand Courtois, Nico Simon an Joy Hoffmann. De Nico Simon ass haut CEO vun der Utopia SA, eng vun de gréissten Kinofirmen a BeNeLux, de Joy Hoffmann ass de polariséirendsten Filmkritiker niewt dem Chris Pesch. Déi sin, obwuel jhiddereen gesot huet “Kino ass riwwer” rasant méi grouss gin, bis zum Utopia mat 770 Platzen, sou wéi mir en haut kennen. Mëtt 90er hun se nach eppes gemach wou vill Leit gesot hun “Loosst et bleiwen”, se hun en Multiplex gebaut. Dat wor um Ufank och recht schwiereg, wëll se hier Plaatzen fir Caféen ënnen an net lass goufen an dat ganzt net sou obgaangen ass, wéi se wollten. Well klappen d’Leit sech drems.

Mir hun esou groussomodo fënnef Kinoinstanzen am Lëtzebuerger Land: D’Cinémathéik vun der Staad Lëtzebuerg huet eent vun den bedeitensten Filmarchiver vum Kontinent. Si besëtzen 13’000 Filmer (!!!), dorënner Filmer wéi den Yellow Submarine, wou d’Copie’en um fräie Marché bal verschwonnen sin (eng Copie oder e Print ass en Ausdrock fir de physeschen Film, déi laang Bunn aus Plastik mat Biller drob), oder aaner Filmer, wou et um Planéit nëmmen nach 1 oder 2 Copien gin. Leider weigert séch d’Cinémathéik (oballenfall wéi ech virun 4 Joer mol gefrot hat), hieren Index rauszegin, sou dat een nemmen kann ahnen, wat fir Schätz an hieren Archiver laueren.

google-earthscreensnapz001

D'Lëtzebuerger Kinolandschaft: Roud sin d'Caramba-Kinoen, donkelbloo d'Utopia SA, moof d'CDAC an wäiss d'Cinémathéik.

Dann gëtt et d’Massard-Dynastie an hier Firma Caramba. Si sin wuel déi, déi am längsten dobäi sin. Zu Caramba gehéiert enner aanerem de Kursaal an den Ariston (dien virun enger Reih Joeren vun Utopia un Caramba iwwergang ass). De Kino gehéiert uséch der Kierch, wat ganz besonneg lëschteg ass, well et an den 80er éischter en Pornokino wor. Am Ariston leeft en Cinemeccanica Victoria 9 Projektor an en digitalen Kinoton Projektor, dien anscheinend eng Impulsuschaafung vun hierm Chef wor, deen séch, sou well d’Legend et, net déi Schmaach wollt bidde loossen, den “Léif Lëtzebuerger” net dierfen ze weisen, well se just e Beamer haten, an annerhallef vun enger Woch en digitalen Projektor hat. Sou well et d’Legend. Dann hun se nach de Kinosch, e klengen, rabblegen Kino, extrem charmant. Si hun en aalen Bauer Projektor, deen zwar net wierklech gudd Biller mécht, mee dat ergëtt awer en stëmmegt Bild vum Kino. An natierlech den CineBelval. Säit kuerzem ass aus den Räng vum CDAC och den “Le Paris” zu Beetebuerg bei Caramba gewiesselt.

Dann gëtt et d’CNA, déi eegen Filmer huet an produzéiert. Si hun säit neistem 2 Kinossäll ob der Schmelz.

D’Utopia SA huet a Lëtzebuerg 2 Kino’en, den Utopolis an den Utopia an eng Rëtsch Kino’en am Ausland.

An dann gëtt et do nach de Rescht. Déi gehéiren zu enger ASBL namens CDAC, Centre de Diffusion et d’Animation Cinématographique. Dat ass eng ASBL wou déi kleng Kino‘en Member dra sin, an déi mat Hëllef vum Utopolis Filmer bucht. Dat leeft ënnert engem ganz fairen Prinzip, all Woch kritt ee klengen Kino en neien Film, an deen geet dann ob Tour. Sou hun verschidde Kino‘en vun Zäit zu Zäit emmer rem déi neisten Filmer, an spillen dann déi aaner Filmer aus de leschten zwéin Méint. Zum CDAC gehéiren den Orion zu Ëlwen, de Scala zu Dikkrech, de Cinemaacher zu Gréiwenmaacher (dee virum Summer nach Caramba wor), de Sura zu Iechternach, de Starlight zu Dudelange an de Prabbeli zu Wolz.

Den Utopia, CNA an d’CDAC hun eng gewëssen Proximitéit. Engersäits well do deelweis vill Leit sech kennen, aanerersäits well d’CDAC an deem Eck obgebaut gouf. An wann een ennert diem Aspekt d’Landkaart kuckt, ass déi territorial Verdeelung krass frappant. De Süden (mat Ausnahm vum Cinestarlight) ass an fester Caramba-Hand während alles nördlech vu Beetebuerg (oofgesin vun der Cinemathéik) zum Eck CDAC/Utopia gehéiert.