De Concours ass fäerdeg an de Gewënner steet fest, dee ginn ech awer réicht méi spéit bekannt.
Passend zum heitegen Dag, dem St. Patrick’s Day, eng nordiresch Band, där hir Memberen op der University of Dundee studéiert hunn. Snow Patrol sinn Coldplay am Anescht. Well, wéi ech rausfonnt hunn, an mat Entsetzen feststelle muss, hunn Snow Patrol 1998 hiren éischten Album rausbruecht, an dofir eigentlech näicht op deser Lëscht verluer. Ech zéien se awer na mat, well ech net wees, wéi ech dat Ongläichgewiicht soss gekippt kréien. Well Linkin Park huelen ech beim beschte Wëllen lo awer net a meng Lëscht op.
Richteg bekannt gi si Snow Patrol mam Album “Eyes Open”, wann och de Virgänger “Final Straw” schon zimmlech vill Opmierksamkeet geschenkt krut. Hir Musék ass melodesche Pop, ebe wéi Coldplay, mee eng Grëtz manner versichend d’eege Musék zu méi ze man, wéi se ass. Snow Patrol genéissen hire Sound méi an schummen sech wuel och manner fir de Begrëff Pop. Hire gréissten internationalen Hit ass “Chasing Cars”, deen an all Telésserie op der Welt eng Kéier virkomm ass, iwwerall an den Charts war an iwwerhaapt, a souwisou. Des Prominenz huet se dunn dofir qualifizéiert den offizielle Song fir de Spider-Man 3 Soundtrack ze schreiwen, deen sech “Signal Fire” nennt an onwahrscheinlech cool ass.
Um Pukkelpop 2006 hunn ech se iwwregens live gesinn. Mee Instrumenter haten se keng dobäi, déi sinn um Flug verluer gaang. Sou koum et dozou, dass se e wonnerbart Akkustikset gespillt hunn. Iergendwéi sinn hir Lidder jo och perfekt Open Mic Night Lidder. Hei sinn “Open Your Eyes” an “Chocolate”:
http://www.vimeo.com/732514 http://www.vimeo.com/1022038
Eng vu mengen léiwste Bands. An dat nemmen op Plaz 30. Lo mussen awer nach ferm gudder nokommen.
Dat heescht du hues nach ni “Songs for Polar Bears” héieren? :|