Ech liese jo eigentlech net sou gäer wat de Malte Welding sou schreift, well en en arrogante Kärel ass, dee mengt doduercher, dass en sënnlos mee eloquent Vergläicher zitt, d’Wourecht gepacht huet, wann och vill Bäitreeg vun em net vu grousser Intelligenz zeugen. Onverständnis produzéiren, ass net en Zeeche vu Sënn maachen.
Egal, dat heien, wat ech bei em fonnt hunn ass trotzdem genial, an ech denken sou zimmlech jiddereen an eiser klenger bescheidener Bloglandschaft kann et appreciéiren. Et handelt sech em The Hero Factory, e klengen Tool mat deem s de der däin eegene Superheld bastele kanns. A wee vun eis huet sech net scho mol virgestallt e wier een?


Kéint een och Déirenkäpp oder sou eppes benotzen, hätt ech main Superheldenalterego aus menger Kandheet, den MEGADUES realiséiert. Den Erzfeind huet iwregens Dr. Shredder geheescht an waar net glaichbedeitend mam Shredder aus den Teenage Mutant Ninja Turtles.
Dat ass jo mol rem sou sexistesch. Superhelden sin natierlech Männer. Wat geing eis Luxbiergerin do soen :) D’Hannergrondmusek ass iwwregens top!
In dieser Sprache lesen sich die größten Unverschämtheiten gleich viel netter. Sollte ich auch mal versuchen.
Thorben:
Do hues de natierlech komplett Recht! :)
@Thorben: et kann een dach och eng Fra wielen.
@malte: (Hoher Besuch in meinem Blog. Ich fühle mich geehrt.) Unverschämtheit, ja. Und wenn ich sie mir jetzt so anschaue, glaube ich, habe ich doch etwas übers Ziel hinausgeschossen. Arrogant bist du ja, aber eigentlich mag ich deine Texte viel mehr als dass es den Anschein macht. Tut mir jedenfalls leid.
Hihi.
Wow, de Chris kann och bescheiden sinn a sech entschëllegen ;)
Jo, wann ech iwwer d’Zil raus schéissen, kann ech dat och mol man. Mee ech gi souwisou dovun aus, dass en ni méi zréck kënnt, da kann ech dat jo och mol schreiwen.
An dass déi Reaktioun vun iech zwee kéim, wousst ech scho wéi ech et geschriwwen hunn. ;)
Gutt. Et ass dach berouegend previsibel ze sinn ;)