Buffy: Eng Série déi TV-Geschicht geschriwwen huet. Eng Série déi Leit wéi d’Sarah Michelle Gellar an d’Alyson Hannigan zu Teenie-Idole gemaach huet. 7 Staffele laang huet d’Vampir- an Dämonejuegd gedauert, daat sin 144 Episoden. Ass et en Zoufall datt haut nach dovu geschwat gouf, an ass et e Meeschterwierk oder dee gréisste Kabes dee je äusgestrahlt gouf?
Leit, deenen et nët gefällt datt eng attraktiv Blondinn all Nuecht iwwert de Kierfeg spadséiert fir do engem Vampir nom aaneren e Steck Holz duerch d’Häerz ze joen, si ganz oft déiselwecht, déi sech regelméisseg Filmer ukucken an deenen eng Grupp Typpe mat laangen Hoer probéieren e Réng ze zerstéieren, well an him de Geescht vun engem Superbéise verstoppt ass, oder an deenen e jonke Spunt mam Zuch vu London op eng Zauberschoul fiert an där et u Secherheetsvirsiichtsmoosnahmen extrem mangelt. Verstidd mech net falsch, ech si ganz groussen Harry Potter- a Lord of the Rings-Fan, ech well ledeglech dorops hiweisen, datt Realismus als Argument an enger Diskussioun iwwer Fantasy komplett idiotesch ass, an datt den Inhalt vun enger Sendung, engem Buch oder engem Film nach laang nët onbedengt eppes iwwer d’Qualitéit äusseet, an datt deen eng reng Affaire de Goût ass. Wäerfe mer dowéinst mol e Bléck op d’Strukturen an d’Techniken déi den Auteur Joss Whedon beim Entworf vun dëser Sendung benotzt huet, a firwat sech déi vun aanere Sendungen déi sech gär als daatselwecht verkaaft hun ennerscheeden.
Eppes, waat jidferengem op deen éischte Bléck opfällt bei Buffy sin d’Charakteren. Déi Charaktere sin alles aaneschters wéi stereotypesch, au contraire: Sie sin archetypesch! All Charakter schengt op deem éischte Bléck engem bestemmte Cliché, engem bestëmmte Muster ze entspriechen, mee déi Clichéë gi sou schnell gebrach wéi se krééiert goufen. An dee Paradox deen all Charakter enthällt mecht se zu Archetypen:
D’Buffy: Eng jonk 16-jähreg, typesch amerikanesch Schülerin: interesséiert sech fir Cheerleading, Frënn déi gudd äusgesin, eräusgoen, etc. Et wunnt mat senger Mamm, et huet Problemer an der Schoul, blablabla.
MEE: Wann et däischter gët, gët äus hir eng Superheldin, hatt muss sech an déi ganz Welt géint Dämonen a Vampire verteidegen. Hatt entsprecht also ganz a guer net deem sexisteschen Image vun der Blondinn, deen et bis dohinner gin huet, déi Blondinn, déi an deenen éischten 10 Minute vun engem B-Movie vun engem Monster an zwee geseet gët. Hatt ass eng staark Persoun, a kee Mënsch hätt daat vun him geduecht. Esou gëtt d’Buffy zu engem vielschichtegen, extrem feministesche Personnage, dee souwuel e männleche wéi och ee weibleche Public ugezunn huet.
Den Angel: E ganz feinen, e bessi komeschen Typ, deen dem Buffy emmer rem mat Problemer weiderhëlleft. Hien ass hëllefsbereet a géif kenger Méck eppes zuleeds doen.
MEE: Den Angel ass e Vampir! An him schlummert nach emmer den Angelus, säi béisen alter ego, deen emmer erëm dann zum Virschäi kënnt, wann den Angel ee Moment vun Zefriddenheet erliewt. Gottseidank sin e puer Zigeiner op d’Iddi komm him eng Séil ze gin, soss wier e permanent esou aggro wéi an der zweeter Staffel.
D’Willow: Eng jonk Streberin, bescht Frëndin vum Buffy. Hatt hëlleft dem Buffy an der Schoul, mat Recherchen iwwer béis Dämonen, a verbrengt seng Zäit am léiwsten an der Bibliothéik hannert engem Buch.
MEE: D’Willow ass extrem vun deenen däischtere Kräften ugezun, a gët emmer méi geféierlech fir sech a fir déi ronderem. An der 6. Staffel gët d’Willow esouguer selwer zu enger Art Endgéigner fir d’Buffy. Top Geschir!
Den Giles: E britesche Fuerz, dee gär an der Bibliothéik schafft, dem Buffy säi verklemmtene Mentor an Ersatzpapp, deen dem Buffy léiwer nokuckt wéi selwer aktiv ze gin.
MEE: Den Giles war selwer net emmer dee bravsten, huet a senger Studentenzäit mat Kollegen Dämone beschwuer a ganz louche Spillercher gedriwwen. Seng Vergaangenheet verfollegt e bis haut.
De Xander: De Xander ass einfach nëmmen do, rappt cool Sprëch a blaméiert sech (virun allem wann en oprappe wëll). Hien ass mam Buffy a mam Willow extrem gudd befrënnd, an hëlleft sou gudd e kann (andeems en an engem Eck sëtzt a cool Sprëch mat Referenzen un d’Popkultur rappt)
MEE: …Okay, beim Xander gët et kee wierkleche Paradox. Hien ass den Alldaagsmënsch, deen d’Série bräuch fir méi mënschlech a méi no um Public ze wierken. Allerdengs kann ee soën datt grad doduerch eng Zort Paradox entsteet, duerch de Kontrast tëscht him an deenen aaneren.
Beim Spike, beim Dawn a beim Anya sin déi Paradoxer genee sou offensichtlech, dir verstitt waat ech soe wëll? Ok, da maache mer weider.
Waat fir e Genre ass Buffy eigentlech? Soap? Mystery? Jo daat trëfft zou, och wa Mystery e falschen Anglizismus ass an éischter daat bedeit waat mir enner enger Detektivgeschicht verstinn. Fir Amerikaner an Englänner ass daat waat mir enner Mystery verstinn éischter Fantasy oder Horror. Déi zwee treffe sou. En plus huet Buffy extrem vill Comedy Elementer. D’Kategorie Drama a Familliendrama kommen net ze kuerz, an an enger Folg äus der 6. Staffel ‘Once more with Feeling…’ kréie mer souguer eng Portioun Musical. Oft ënnerschaat am Verglach zu der Musical-Episod ass déi Episod an der 4. Staffel (‘Hush’) an där iwwer op mannst 30 Minute kee Wuert geschwaat get. Mer fannen also och nach Stommfilm-Hommagen a Buffy erëm. Daat ganzt gët nach e bessi gewürzt mat enger ironescher Rekréatioun vun der Atmosphär vu bëllegen amerikaneschen B-Horrormovies. An aanere Wierder: Bei Buffy komme wesentlech méi verschidde Genren zesummen, wéi an all aanerer Série déi ech kennen.
An daat geschitt op intelligensten Art a Weis. Nie schengt eppes déplacéiert ze sin, alles huet seng Plaatz genee do, wou et sollt sin: D’Geschicht vun enger Rei Teenager déi amgaang si grousszegin ass d’Basis vun der Geschicht. Duerno kënnt eréischt deen iwwernatiirlechen Deel, deen nët einfach esou dropgeklaakt gët wéi a Bëllegproduktioune wéi Charmed, mee mat hëllef vun Metapheren an extrem vill Virsiicht an d’Storyline mat agebaut gin. De Roboterfrënd vum Buffy senger Mamm ass also näischt méi wéi eng Metapher vun engem brutale Mënsch deen d’Duechter vu senger Liewensgefährtin mësshandelt, den Angel ass de Frënd dee sech, nodeems e mat senger Frëndin geschlof huet, an e komplett ofstoussenden Typ verwandelt, etc.
Mër fannen also bei Buffy eng Série, déi an allméiglech Richtunge geet, ouni je déi eege Rumm ze sprengen, an daat ass nëmme méiglech, wann et vun engem extrem talentéierten Auteur geschriwwe gët. Dëst ass den Joss Whedon, dee mat Buffy beweist, waat een äus enger Série alles maache kann, wéi een d’Richtunge ka ganz äusnotzen. An daat mëcht en net op eng kaal kalküléiert Art, wéi een et vun aanere Sérien (zumools Sitcoms) kennt, mee hie get sengem Public d’Impressioun, datt en extrem vill Freed mat sengem eegene Wierk huet. Esou huet hien och d’Sprooch vun der Série seng eege gemaach. Adjektiver gin Nomen (‘No biggie.’ ‘My bad.’), an den Dialog ass net nëmmen Standartdialog fir d’Geschicht weiderzedreiwen, nee, e liewt! Dofir ass et och net wierklech empfehlenswäert sech d’Série op Däitsch unzekucken, wou vill Subtilitéiten einfach verluer gin.
Et ass einfach onméiglech fir seriö Argumenter géint Buffy ze sin. Dofir ass all Storyline vun all Staffel vill ze gudd entwuerf, a wéi ech grad uewendriwwer bewisen hun, stëmmt d’Struktur einfach. Lo kann et sin, datt verschiddener sech um Riley, Fëschmänner, Eeër an enger dämlecher Fast-Food-Episode stéieren… Ech hu se och net gär, mee bei 144 Episode kenne jo wuel e puer Schwächte virkommen (zumools waat den Inhalt betrëfft).
Fakt ass: Buffy ass zweifellos eng vun deene beschte Sérien déi je produzéiert goufen. Et ass filmtechnesch fir déi Zäit op engem ganz gudden Niveau, Schauspilleresch akzeptabel bis ganz gudd, a vum Schreiwstil hir op der Spëtzt vum TV-Mount-Everest.
Ween et nach net gekuckt huet, soll elo ufänken.

Wéi kanns de nëmmen den Oz vergiessen z’erwienen? ;)
Du wees, dass ech deemols fuerchtbar genervt war, wéi de Riley opgetaucht ass, mee hey, ech war jonk, a lo gesinn ech dat alles méi differenzéiert.
Buffy ass top.
Ech hunn Buffy nie gekuckt. Well, eischtens waar ech ze jonk an hunn net dirften/wollten esou laang virum Fernseh setzen (Ech hunn effektiv leiwer Harry Potter & co. gelies!). Eng Kéier hunn ech erangekuckt an do sinn dann Dämonen mat Karate-Kicks vermöbelt ginn an meterwait geflunn. Daat huet mech net immens motivéiert, mer méi vun der Serie eranzezeihen. Mee vlaischt doen ech dem ganzen jo Onrecht?
Den Daniel Kulla beschäftegt sech jo och des öftern mam Thema “Klassenkampf bei Buffy”: http://www.classless.org/index.php?s=klassenkampf+bei+buffy+the+vampire+slayer
Joël, ech kennen dech net, mee du dees deem Ganzen Onrecht. Daat ass iwweregens kee Karate, mee Taekwondo ;) , wann daat en Ennerscheed fir dech mecht, oder dech dozou motivéiert Buffy vläit eng weider Chance ze gin. Déi Action Szeene sin iwweregens säugudd choreographéiert.
Action… ulalah! Ee ganz offensichtleche Genre deen ech vergiess hun z’erwienen. Den Oz hätt ech och net dierfen op der Säit loosse stëmmt. Ech editéieren et vläit nach…
Buffy ass d’Zitatschlaraffeland. Ech sin och der Meenung dass Leit dei Buffy einfach sou blöd fannen, schlicht keng Ahnung hun. Jiddereen dee sech engkeier eeschthaft domat ausenee gesat huet, muss einfach gesin dass an der Serie wierklech Qualiteit stecht.
Ob dass den Joss Whedon eis nach lang erhale bleiwt. ^^