D’Brite gi fir villes geluewt. Zu Recht! Villes waat äus dem UK kennt, ass effektiv Top-Qualitéit.

Zumools hiren herrlechen Humor get esou oft geluewt. Wee ka schonn eppes géint Black Books, Blackadder oder Monty Python soen? Mee wann een hiren TV-Programm méi am Detail kuckt, da gesäit een, datt en am Fong méi eidel a méi banal ass, wéi ee sech daat esou virstellt. Als groussen UK-Fan muss esouguer ech zougin: D’Meeschtere vun der Telé waren nach emmer d’Amerikaner.

Et stëmmt, déi aal britesch Sitcoms si bis haut oniwwertraff. Fawlty Towers huet eng bestëmmten Zort Humor iwwerhaapt eréischt fir d’Telé méiglech gemaach, an déi Série ass net wierklech aal gin. Mee no Blackadder huet et ganz ganz laang gedauert, bis d’Brite rem ugefaang hun innovativ Sitcoms ze schreiwen. Datt Sendunge wéi ‘Gimme Gimme Gimme’ iwwerhaapt äusgestrahlt goufe weist datt déi britesch Sitcom iwwert e laangen Zäiträum an en déiwe Schlof gefall war, an an där Zäit hun d’Amerikaner d’Führung iwwerholl. Seinfeld an d’Simpsons waren d’Virleefer vun neie Méiglechkeete Sitcoms ze schreiwen an ze weisen, Situatiounskomik an Expressionismus hun hire Wee zreck op de Bildschirm fonnt, an zwar sou erfollegräich, datt se de Programm bis haut entscheedend geprägt hun.

Mee zumools an der Kategorie Drama kënne mer de Brite Virwierf maachen, well do hu mer säit laanger Zäit guer näischt Verstänneges méi vun hinnen héieren. Och dee sou oft geluewtenen Doctor Who reboot ass schlussendlech näischt aaneres wéi e bellegen Ofklatsch  vun deem waat d’Amerikaner an der Kategorie Science-Fiction an de Joere virdrun établéiert hun. A wéi kéint iirgenteen och nemmen haut mat deem Professionalismus mathaalen deen d’Amerikaner hautzudaags an hir TV-Produktiounen investéieren?

Wee behaapt, amerikanesch Telé wier schlecht an niveaulos, soll sech mol Beispiller vun hirem wierklech sophistikéiertem Schreiw- a Produktiounsstil ukucken, hei komme lo e puer Beispiller:

Sendungen, déi ech regelméisseg kucken a vun deenen ech vill (wann net alles) gesin hun:

Seinfeld, The Simpsons, Southpark, Buffy the Vampire Slayer, Friends, Lost, House, Heroes, Curb your Enthusiasm, Home Improvement, Twin Peaks, Flight of the Conchords

Sendungen, déi ech mer demnächst wäert ukucken, déi och solle brilliant sin:

The Sopranos, The Wire, Six Feet Under, Desperate Housewives, The Corner, Generation Kill

Déi Qualitéit, déi eng US-Serie mettlerweil op der Telé huet, ass déi vun engem Kinosfilm. Do si sie bis elo deenen aanere sou wäit vir, an daat huet menger Meenung no wéineger mat Budget ze din, wéi mat héichprofessionelle Produzenten, Auteuren, Regisseuren a Schauspiller. Do kenne sech déi aaner all eng Scheiw ofschneiden.

A wéi gesäit et mat Lëtzebuerg äus? Dem Kommissär Kniwwel seng Fäll kennen dach net allen Eeschtes daat Eenzegt si waat mir capabel si fir d’Telé ze produzéieren? Do si jo polnesch Synchronspriecher besser Ennerhaalung! GËFF WAAKREG LËTZEBUERG! (oder fir et mat de Wierder vun engem aale Frënd ze soen: ET GEET DUER, RTL!)

Wann ee Loscht huet nach e puer nennenswäert Sendungen dozouzewäerfen, sou ass daat nëmmen erwënscht. Ech mengen ech wäert an der nächst méi iwwer Telé bloggen, do sin ech am Moment zimlech drop hänkebliwwen ;)