ghost-worldMuer leeft de vill erwaartene Watchmen un. Ech ginn en dese Weekend kucken, mee als éischt awer nach déi 10 beschten Comicverfilmungen (live action).

#10 Batman Begins (Christopher Nolan, 2005)
De Chris Nolan ass vill geluewt ginn fir seng Neioplag vun der Batman-Saga, a wann och net ganz sou am zweeten Deel, sou denken ech awer, dass den éischten Batman Begins zimmlech gelongen ass. De Jacques wäert mech lo rem op déi SMS, déi ech em aus engem Stockholmer Kino geschéckt hunn opmierksam man, mee ech bleiwen dobäi The Dark Knight ass net sou gutt wéi säi Virgänger.

#09 A History of Violence (David Cronenberg, 2005)
Dass den David Cronenberg mautsch an der Bir ass, ass iergendwéi gewosst. Dat mierkt een spéitstens wann ee seng krass, oft grandios Filmer gesäit. A History of Violence, mat de brillante Viggo Mortensen, William Hurt a Maria Bello ass do keng Ausnam.

#08 Ghost World (Terry Zwigoff, 2001)
Iergendwéi fannen ech dee Film méi cool, wéi e woerscheinlech ass. Ech hunn en awer och scho laang net méi gesinn, a sou ass et wuel de Scarlett-Effekt, deen sech op mech auswierkt.

#07 American Splendor (Bergman/Pucini, 2003)
Den éischte Beweis, deen de Paul Giamatti a senger Carrière geleescht huet, dass en och an Haaptrolle kann Filmer mat sech zéien. An et ass e saugelongene, selbstreferenziellen a stilistesch immense Film ginn.

#06 Batman Returns (Tim Burton, 1992)
De beschte Batman Film, a wann och just, well d’Michelle Pfeiffer sou genial dran ass. Naja, wann dat wierklech duergoe géif, wier The Dark Knight wuel de beschten, vu dass keen den Heath Ledger toppe kann. Mee trotzdem ech bleiwen dobäi.

#05 X-Men (Bryan Singer, 2000)
Et ass eng genial Verfilmung vun der intelligentester Comicserie, déi mer momentan afällt. (Ech leien honnertprozenteg falsch domadder.) De Bryan Singer huet zwee Filmer geschaf, déi absolut kuckenswert sinn, an den Brett Ratner huet dunn alles, naja, verschass mat enger méi wéi mediokren Fortsetzung.

#04 Road to Perdition (Sam Mendes, 2002)
Den Nic hat a sengem alleréischte Bäitrag viru gutt zwee Joer iwwert dese Film geschriwwen. De Sam Mendes ass, an ech bleiwen dobäi, ee vun de villsäitegste Regisseuren, déi mer momentan hunn a Road to Perdition ass zemols wéinst dem Jude Law senger Brillianz an der exzellenter Kamera an Art Direction e wonnerbare Film.

#03 X2: X-Men United (Bryan Singer, 2003)
Et ass eng nach genial Verfilmung vun der intelligentester Comicserie, déi mer momentan afällt. (Ech leien honnertprozenteg falsch domadder.) De Bryan Singer huet zwee Filmer geschaf, déi absolut kuckenswert sinn, an den Brett Ratner huet dunn alles, naja, verschass mat enger méi wéi mediokren Fortsetzung.

#02 Spider-Man (Sam Raimi, 2002)
Okay, ech hu mech schon öfters misse rechtfertege viru Leit, déi net gesi wéi genial dese Film ass. An ech gesinn et net an, wéi iergendeen dat ofstreide kann. Et ass absolut perfekt Ënnerhalung fir jidfereen. Superhelden, CGI, eng onglécklech Léift, et geet em Frëndschaft, Schold a Pflicht. Do ass de Batman näicht dogéint.

#01 Spider-Man 2 (Sam Raimi, 2004)
Bei Spider-Man 2 scheeden sech d’Geeschter normalerweis manner. Vill Leit akzeptéiren, dass en de beschte Comicfilm aller Zäiten ass (mer erwienen deen anere Film, dee sou bezeechent gëtt lo mol net méi), an dat ass och richteg esou. Alles wat gutt um éischte Film ass, gëtt hei nach emol gesteigert. Dat Wichtegst: den Humor vun de Comics, egal wéi dramatesch d’Geschicht, gëtt vum Sam Raimi absolut respektéiert. An dat fannen ech extrem wichteg.