Nodiems riets Gruppen ob Facebook esou lues langweileg gin an hieren Reiz verléiren, dee legendären Facebook-Rottweiler well och bloggt (mengen mol), ass et hei um ‘nocktail roueg gin. Ech hun grad déi heiten Grupp fonnt:

firefoxscreensnapz001

Iergendwéi mangelt et do dach u Konsequenz. Éischtens sin d’Fotoen wahrscheinlech bei Google well iergendeen Honk vergiess huet, unzeklicken dat säi Facebook Profil net soll bei Google gelist gin. A suguer wann een säi Profil sou oofschott wéi de Joël oder de Grommel oder sou, wäert een dach net gleewen, dass en domat wierklech richteg zou ass? Wien sech bei Facebook registréiert, gëtt seng perséinlech Donnéen zum Oofschoss fräi. Déi nei AGB vu Facebook verhënneren suguer, dat verschwënnt wat mol gesot gouf. An Google veröffentlecht d’Biller net. Google lëscht se just ob.

Den Internet ass grouss a geféierlech. An Google ass eng grouss Datensammelmaschinn. An dat ass net schéin an net gudd mee et ass esou. An weem dat net passt, dee keeft sech en Heel a geet kappen. Oder start eng Schéisserei am Guggenheim.