Wéi all Joer kann ech et och dest Joer et net loossen, mer scho méintelaang am Viraus Gedanken ze man, wat dat Joer wuel fir Filmer op mech duerkommen. Vu ménge meeschterwaartene Filmer vum läschte Joer hunn der genee zwee et an d’Top 10 vum Joer gepackt, dofir awer och op déi Positiounen, déi se an där Lëscht schon anhaten. Interessant.

Animania
Ofgesinn vun den animéierte Filmer, déi nach a ménger Top 10 optauchen gëtt et nach eng Rëtsch interessantes op dat een sech freen dierf. Do wieren den net amerikanesche Virtuosen Sylvain Chomet an Hayao Miyazaki hir neiste Wierker: L’Illusioniste an Gake no ue no Ponyo. An dann awer och den a Lëtzebuerg produzéierte 9, dee fuerchtbar interessant ausgesait, souwéi dem Pianocktail Lieblingsregisseur Wes Anderson Fantastic Mr. Fox. A schlussendlech nach dem Robert Zemeckis säin A Christmas Carol mam Jim Carrey.

Fir ze laachen
Op éischter Plaz muss do natierlech de Brüno erwient ginn, den neiste Film mam Sasha Baron Cohen a senger bekannter Roll als schwult éisträichescht Watochëmmer. (500) Days of Summer vum Marc Webb kléngt wéi eng interessant Romanz mam Joseph Gordon-Levitt a Zooey Deschanel. Nailed vum David O. Russell handelt vun enger jonker Fra, déi sech en Nol an de Kapp schéisst an duerno d’Welt e bëssen anescht gesäit. An de Sam Mendes, wéi och de Fatih Akin betrieden en neien Terrain mat hire Komödien Away We Go an Soul Kitchen. Den Ed Wright bréngt an där Zäit eng Comicadaptatioun mam Michael Cera, déi sech Scott Pilgrim vs. The World nennt, während den Jason Reitman den George Clooney an Up in the Air zum Profirausgeheier gi léisst.

D’Dammen hannert der Kamera
The Hurt Locker
vum Kathryn Bigelow, e Film iwwert e bekannte momentanen amerikanesche Krich ass 2008 scho mat Succès op Festivale gelaf, an dem Jane Campion säin neisten Bright Star, ass alleng vum Numm vun der Regisseurin hir jo schon en absolute Must. D’Anna Boden huet zesumme mam Ryan Fleck nach Sugar gedréit. Iwwert en Baseballspiller.

Action, Action, Action
Comicadaptatiounen sinn och dest Joer nees drun: Wolverine a Watchmen sinn do déi mam meeschte Profil. An da gëtt et natierlech na sou Filmer, déi sech Terminator:Salvation an Star Trek nennen.

Europäesch Starregisseuren um Wierk
Souwuel den Alejandro Amenabar an de Lukas Moodysson beginn d’Doudsënn en amerikanesche Film ze dréien. Dem Moodysson säi neiste Film Mammoth ass zu Berlin scho relativ gefloppt, während dem Amenabar säi Projet Agora, deen am réimeschen Ägypten spillt, mech net interesséire géif, wann ech heen net immens fanne géif. Dann gëtt et endlech nees eppes Neies vum Lars von Trier: Antichrist ass de wonnerschéinen Titel fir säin neiste Film. D’Briten Stephen Frears an Paul Greengrass bréngen engersäits en Kostümdrama mam Michelle Pfeiffer mam Numm Chéri, an fir de Greengrass eng weider Kollabo mam Matt Damon am Krichsfilm Green Zone. An de Guy Ritchie bréngt de Sherlock Holmes zréck an de Kino.

Déi Grouss aus Amerika
Den Terrence Malick ass bekannt als Philosoph vum Kino an och a sengem neisten The Tree of Life, iwwert eng Famill an de 50er mam Brad Pitt als Papp, wäert e vill Geleenheete fannen, Wisen an den Himmel ze filmen. De Michael Mann ass och rem do mat séngem Public Enemies, engem Gangsterfilm mam Johnny Depp an Christian Bale. De Rob Marshall dogéint dréit d’Musical Nine an deem sechs (!) Oscargewënner dra virkommen: Daniel Day-Lewis, Sofia Loren, Penélope Cruz, Nicole Kidman, Judi Dench a Marion Cotillard. Dobäi gesellt sech nach d’nominéiert Kate Hudson. Wow. An d’Fergie vun de Black Eyed Peas. Haha. An de Clint Eastwood dréit den Morgan Freeman a Mandela an allebéid wäerten se wuel nees en Oscar gewannen.

Déi vum läschte Joer remkommen an dem Ledger säi wierklech läschten
Nee, The Dark Knight war net dem Heath Ledger seng läschte Roll, dat ass The Imaginarium of Doctor Parnassus. Vu dass en deen allerdéngs net fäerdeg gedréit krut, an dat deet nach ëmmer wéi, hunn den Johnny Depp, Jude Law an Colin Farrell seng Roll weidergespillt. Des weideren kommen dann The Lovely Bones (Peter Jackson), an The Soloist (Joe Wright) dest Joer wierklech an de Kino.

where-the-wild-things-are-20081213081203698_640w

Where the Wild Things Are

#10 Harry Potter and the Half-Blood Prince (David Yates)
D’Bicher sinn top. D’Filmer – not so much. Mee hutt der den Trailer gesinn? Wann de Film nëmmen hallef sou gutt ass, ass en awer na besser, wéi véier vu sénge fënnef Virgänger.

#09 Taking Woodstock (Ang Lee)
Ech si bekanntlech e grousse Fan vum Ang Lee. Ech hu souguer säin Hulk net schlecht fonnt. An dat wëllt eppes heeschen. Hei erzielt en d’Geschicht vum Woodstock Organisator, dee vum Demetri Martin (Pinaocktail Lieblingskomiker) gespillt gëtt.

#08 Up (Pete Docter & Bob Peterson)
Pixar. Muss ech soss na eppes son? Den Teaser huet immens ausgesinn, d’Geschicht u sech huet eppes miyazakieskes u sech an gott verdammt na mol, Pixar. Dat muss ech jo wuel kengem schmackhaft man.

#07 Whatever Works (Woody Allen)
Woody! Woody! Woody! Aha, aha, aha.

#06 Micmacs à tire-larigot (Jean-Pierre Jeunet)
Ech hu keng Anung wourem s et an desem Film geet. An ech muss et o net wëssen. De Jean-Pierre Jeunet huet vill ze laang näicht méi gema, an op en neit Delicatessen oder Amélie däerf ee jo awer wuel ëmmer hoffen. En plus spillt den Dany Boon d’Haaptroll.

#05 Coraline (Henry Selick)
Hei hunn ech schon eppes dozou gesot. Ech sinn e mega Fan vum Selick senger Aarbecht, vu dass ech jo mol The Nightmare Before Christmas zum beschten animéierte Film aller Zäite gekréint hunn.

#04 Shutter Island (Martin Scorsese)
Scorsese, DiCaprio, Ruffalo, Kingsley, Mortimer, Williams, von Sydow, Hayley, Clarkson, Schoonmaker, Ferretti, Powell.
Sou eng wonnerbar Lëscht vun Talent ass mat desem Film verbonnen, dass ech wierklech net anescht kann wéi mech op dese 50 Joeren Thriller ze freen.

#03 Funny People (Judd Apatow)
Virgëschter hunn ech den Trailer gepost. Dee war net immens, mee trotzdem hunn ech d’Gefill, dass dest rem e ganz grousse Coup vum Judd Apatow kéint sinn.

#02 Where the Wild Things Are (Spike Jonze)
De Spike Jonze, bekannt vu Being John Malkovich an Adaptation, adaptéiert dese Klassiker vun engem Kannerbuch an anscheinend ass e sou schaureg schéin, dass Kanner bei enger Testvirféirung schwaachgefall sinn. Dat ass déi Zort Filmer déi ech gesi wëll. En plus gesinn déi puer offiziell Biller bis ewell absolut sensationell aus.

#01 Los Abrazos Rotos (Pedro Almodóvar)
Et gi keng Detailler iwwert de Film bis ewell, just e kuerzen Teaser. Dem Almodóvar säi Blog hunn ech jo scho virgestalt. Op alle Fall, den Almodóvar ass eng verlässlech Gréisst an ech erwaarde mer Grousses. Säin typescht Faarwspill erkennt een alt rem am Teaser an ech ginn dovun aus, dass mer hei rem eppes Geniales geliwwert kréien.