Iwwert eise Pianocktail Wonschphone op Facebook huet eisen treien Pianocktailfrënd Joël well fir d’zweet no enger Lëscht vu Filmer gefrot, déi een onbedéngt gesinn hu muss. Eng Kanoniséirung vun där Zort gëtt bekanntlech allsäits bedriwwen: sief et d’Imdb Top 250, déi genial Aarbecht vun They Shoot Pictures, Don’t They? oder och dat allsäits beléiftent Buch 1001 Movies You Must See Before You Die.
Mat sou enger Kanoniséirung dinn ech mech allerdéngs schwiereg. Éischtens, denken ech net, dass et e Geheimrezept gëtt fir Leit, déi wëllen hire Filmhorizont erweideren, fir dat op iergendeng Aart a Weis séier hinzekréien an deem een eng 20-50 Filmer kuckt, an da bescheed wees. Zweetens fannen ech et ëmmer e bëssen umoossend anere virzeschreiwen, wat se kucke, liesen, läuschtre sollen. Goûte si verschidden, an ënnert ménge 25 Filmer, déi ech fir de Joël ausgewielt hunn, sinn der, déi munch aneren net op déi Plaz gesat hätt an et feelen der, déi wuel soss Leit onbedéngt jidderengem recommandéire géifen.
Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. Zum engen hunn ech allerdéngs opgrond vun der Schwieregkeet vum Thema decidéiert just ee Film pro Regisseur zouzelossen. Do geet Film einfach Hand an Hand mat ménger Astellung zur Literatur: probéier villes, a wat der gefällt, kanns de dech weider drop alossen. Kee wees op en den Emir Kusturica gutt fënnt, bevir en e gesinn huet – allerdéngs sollt jidderee probéiren säin Horizont z’erweideren. De 14. Hitchcock Film ass nach ëmmer technesch brillant, mee beaflosst déng Filmkompetenz net nei, wéi et däin alleréischte Film vum Jane Campion mecht. Dofir jidderee soll a méngen Aen probéiren vast Kino ze kucken, wann en sech dofir interesséiert, an da rauspicken wat séng Pärele sinn. Mir zum Beispill gefällt den Akira Kurosawa wéineg, dofir orientéiren ech mech anescht. D’Meenung hunn ech mer awer als éischt gebild, bevir ech decidéiert hunn aneschters weider ze kucken.
An do komme mer bei dat Anert wat d’Leit am Kapp hale mussen: éischtens ginn et bei ménge Proposen hei nach ëmmer Grënn vu perséinlecher Preferenz am A ze behalen, zweetens hunn ech probéiert net an Nischen ze denken. Kloer, “Stand by Me” ass ee vu méngen absolute Lieblingsfilmer, mee muss jiddereen e gesinn hunn? Ech gleewe kaum – et steigert d’Filmverständnis manner, wéi déi 25 Filmer hei ënnendrënner et man.
A schlussendlech hunn ech nach decidéiert nëmme Filmer bis 1999 ze berücksichtegen, vu dass ech spéider am Joer nach méi en détail op d’Filmer vun desem Joerzéngt wëll zréckkucken.
Le Voyage dans la Lune (Georges Méliès, 1902)
De Georges Méliès war do, wéi d’Bridder Lumière den éischte Film virgefouert hunn. Deen Dag nach huet en decidéiert selwer Filmer ze man, an e groussaartege Regisseur vu Kuerzfilmer war gebuer. Zwar net säin éischt Wierk, mee säi bedeitendst a bekanntendst.
Battleship Potemkin (Sergei Eisenstein, 1925)
Propagandist, jo, mee wat fir een. D’Metaphorik vum Eisenstein séngem Wierk ass sou genial wéi séng Biller wonnerschéin. Wéineg Regisseuren gi bewosst, wéi onbewosst souvill zitéiert.
The Gold Rush (Charlie Chaplin, 1925)
Chaplin ass a Punkto Humor onbestreidbar de wichtegste Virreider vum heitege Kino. Obwuel séng Situatiounskomik sou genee nëmmen nach an éier geschmacklose Filmer noproduzéiert gëtt, muss een séng Aarbecht allerdéngs ëmmer rem mat Begeeschterung ophuelen.
Metropolis (Fritz Lang, 1926)
Lo wou déi komplett Faassung an Argentinien rem opgetaucht ass, muss ech de Film onbedéngt nach emol gesinn. Et ass artistesch gesinn sou eppes immenses, dass ech denken, jiddereen, dee sech fir Konscht um Ufank vum 20ste Joerhonnert interesséiert, dese Film gesinn hu muss.
The Wizard of Oz (Victor Fleming, 1939)
E Film, deen net nëmmen den amerikanesche Kino, mee d’amerikanesch Kultur generell sou vill wéi bal näicht anescht gepreegt huet. Am Fong geholl gëtt et wuel an all zweetem Film, an an nach méi Telesserien eng Referenz op dese Klassiker. Et ass eent vun deenen Urwierker, déi jidderee gesinn hu muss, fir Filmer ze verstoen.
Citizen Kane (Orson Welles, 1941)
Muss ech eppes dozou soen? De Film, deen allgemeng als de beschten aller Zäiten zielt. Ech hunn e lo och endlech gesinn, a ganz éierlech et muss een e gesinn hunn. Wéi beim The Wizard of Oz ass en e wesentleche Bestanddeel vum heitege Kino.
Casablanca (Michael Curtiz, 1942)
Wann ee mech freet, wat de beschte Film ass, dee je gemaach gouf schwanken ech meeschtens tëscht Casablanca an Taxi Driver. Konscht plus eng perfekt Story, déi generell momentan Situatiounen ofspillen awer trotzdem zäitlos sinn, fannen ech generell onverzichtbar.
All About Eve (Joseph L. Mankievicz, 1950)
Ee vun de wéinege Filmer, an deene Fraen wierklech als Protagonist duerstinn an dofir e Must. Et ass wéi d’Jane Austen oder d’George Eliot vum Kino. Just besser. (Woubäi ech näicht géint d’Jane Austen gesot hunn.)
Det Sjunde Inseglet (Ingmar Bergman, 1956)
Ech vergötteren den Ingmar Bergman a fannen et eigentlech schued, dass ech net méi Filmer vun him op DVD hunn. Dese Film huet et mir vun em am meeschten ugedon – immenst Schauspill, eng komplett Metapher vu vir bis hannen. De beschte Film vun de 50er.
12 Angry Men (Sidney Lumet, 1957)
Dest ass de Film, deen a méngen Aen am beschten beweist, dass Theater a Kino verschidden Aart a Weisen hunn fir e Schauspiller en scène ze setzen. D’Aarbecht vum Sidney Lumet hei ass onbeschreiwlech. Wéi en et packt e Film, deen an engem Zëmmer gefilmt gëtt, sou staark riwwer ze bréngen ass sensationell.
Vertigo (Alfred Hitchcock, 1958)
De beschte Film vum zweifellos talentéierteste Regisseur an der Geschicht vun Hollywood. Talent, net a Punkto Innovatioun, mee einfach well en all Knëff drop hat. De master of suspense muss jiddereen, dee Film gäer huet studéieren.
A Bout de Souffle (Jean-Luc Godard, 1959)
Nouvelle Vague Kino ass sou eng Saach. Sou genial wéi munches vum Godard ass, vu dass e sech un iwwerhaapt keng Regelen hält, sou null ass och aneres. Mee trotzdem muss een säin éischt Wierk gesinn hunn – e Film, dee sou komesch, wéi onsënneg, mee ëmmer spannend an interessant ass.
La Dolce Vita (Federico Fellini, 1960)
Wann een dese Film fir d’éischte Kéier kuckt ass een iwwerascht, wéivill een draus scho kennt. Direkt den Ufank gëtt a Good Bye, Lenin! geklaut. D’onwahrscheinlech Schéinheet vun desem Film an déi ikonesch Szenen, déi een ni vergësst, man en zu deem geniale Wierk, wat et ass.
West Side Story (Robert Wise/Jerome Robbins, 1961)
Dat beschte Musical, wat je gefilmt gouf. A vu dass Musicals e wichtege Bestanddeel vum Kino sinn, muss een och dese Film gesinn hunn. Wéinst der Musék, a wéinst der Kreatioun vum Bernstein senger Welt op Film.
Playtime (Jacques Tati, 1967)
De Jacques Tati ass nom Charlie Chaplin den zweete grousse Meeschter vun der Comedy hei an der Lëscht. Sou gutt wéi wéineg aner Comédien an en absolute Must fir jiddereen.
The Graduate (Mike Nichols, 1967)
Den zäitlose Film iwwer d’Jonksinn. Eng Sënnkris, begleet vu Simon & Garfunkel. Gott, wat wëll ech dee Film lo gesinn. Mee dat wëll ech eigentlech all Dag eng Kéier. Jiddereen iwwer 21 Joer, deen dese Film na net gesinn huet, huet säi Liewe bis dohi verschenkt.
2001: A Space Oddyssey (Stanley Kubrick, 1968)
Net mäi léifsten Film vum Stanley Kubrick, mee mat grousser Wahrscheinlechkeet de wichtegsten an den aflossräichsten. Nach e Film, deen zum Beispill a Good Bye, Lenin! seng Referenz kritt. Et ass erstaunlech wéivill vun de Filmer hei an aneren weiderverwend ginn. Mee dat ass jo och deels de Sënn vun deser Lëscht.
Chinatown (Roman Polanski, 1974)
Cool Personnagen, genial Regie an de wuel véiertberühmteste Schlussaz an der Filmgeschicht. (Ech hunn dat lo mol sou aus dem Stegreif nogezielt, an denken et misst esou sinn.)
Taxi Driver (Martin Scorsese, 1976)
Wann ee mech freet, wat de beschte Film ass, dee je gemaach gouf schwanken ech meeschtens tëscht Casablanca an Taxi Driver. Konscht plus eng perfekt Story, déi generell momentan Situatiounen ofspillen awer trotzdem zäitlos sinn, fannen ech generell onverzichtbar.
Annie Hall (Woody Allen, 1977)
Hach, wat soll ech soen. Ech fannen de Woody Allen genial. Ech hätt och kënnen Manhattan, Interiors oder The Purple Rose of Cairo kënnen erwienen. Mee Annie Hall ass einfach den Ursprong. Den Alpha, quoi.
Apocalypse Now (Francis Ford Coppola, 1979)
Perséinlech hunn ech déi éischt zwee Godfather vläicht e krack léiwer, mee dofir ass Apocalypse Now zwäifelsfräi en Opwand gewiescht, wéi kaum e Film bis well gebraucht huet. Wann een d’Geschicht vun der Entstéiung kennt, da wees een, dass dese Film epesch si muss.
E.T. The Extraterrestial (Steven Spielberg, 1983)
Bei der Fro nom Spielberg ass et natierlech sou, dass een tëscht senger eeschter Säit an der fantastescher ënnerscheede muss. E.T. verbënnt déi zwee a gewësser Hinsiicht sou wéi keen anere Film. An dofir muss een och dese Film gesinn hunn.
Blue Velvet (David Lynch, 1985)
Am moderne Kino lafe vill jonk Regisseure Gefor pretentiéis ze ginn, well se sech selwer fir méi clever an talentéiert halen, wéi se sinn. Hei e Knëff, do nach eng Referenz a mer hunn e Meeschterwierk. Blödsinn. Mee, Gott sei Dank, ass den David Lynch, den Meeschter vu surrealem Kino, wierklech sou clever.
Toy Story (John Lasseter, 1995)
Den éischten animéierte Film, dee ganz am Computer entstan ass. Et muss een en dofir alleng schon gesinn hunn. Dovunn ofgesinn, steet en fir d’animéiert Filmer (op Zeechentrick oder Computertechnik) am Ganzen. Film ass méi wéi just Schauspill duerch eng Lëns. Et ass e kreative Prozess, deen no neie Grenze sicht. Dofir steet Toy Story, wéi soss kaum e Film.
Magnolia (Paul Thomas Anderson, 1999)
Natierlech, ech sinn e riesege Fan vum Paul Thomas Anderson, an dat huet mäi Choix hei och beaflosst. Mee gläichermoossen ass de Film en zineastescht Meeschterwierk, wat a méngen Aen d’Geschichtserzielung um groussen Ecran revolutionnéiert huet.

Mol endlech eng Lëscht wou ech de gros kennen. Den Vertigo hun ech viru kuerzem réicht als 70-mm-Copie gesin, ganz toll.
Good job!
Merci. Vun denen meeschten Saachen hunn ech schon héiren, ganzer zwee hunn ech schons gesinn.
Ech wärt mech defintiv un déi Lescht erunmaachen. No den Oscaren.
Interessante Lëscht! Ech wees net, ob ech géing tëscht “Taxi Driver” an “Casablanca” schwanken fir de beschte Film, esou genial ewéi se sinn. Et ginn nach vill zevill aner Kandidaten (“The Third Man”, zum Beispill).
Schued, dass de nemmen ee Film pro Regisseur zoueglooss hues, an domatter den genialen “M” an der Lëscht feelt. An ech fannen et och e bësse schued, dass de dech just op westleche Kino beschränks. Koreanesch, japanesch an australësch Filmer iwwertreffen westleche Kino ganz oft em Meilen.
An den Emir Kusturica muss ee gudd fannen. :P Den “Underground” ass ee vun de wéinege Filmer, déi ech emmer erem kéinnt kucken. :)
D’Saach mam koreaneschen a japanesche Kino ass déi, dass ech se net als sou eng Mussesaach an engem “Aféirungscours” gesinn. A wéi gesot, ech si kee grousse Fan vum Kurosawa zum Beispill, an deen ass den Nonplusultra dohannen. Wann ech en Asiat rabruecht hätt, da wier et den Satyajit Ray gewiescht. An e war no drun, genee sou wéi den Almodóvar, Buñuel, “Star Wars” an “Blade Runner”.
Op der anere Säit, denken ech, dass den australesche Kino zemols réicht déi läscht 15 Joer grouss ginn ass. Ausser du ziels Geschir wi “Mad Max” oder “Crocodile Dundee”. A wéi gesot, iwwer dest Joerzéngt schwätzen ech méi spéit am Joer, an da ginn och Filmer wéi “Chopper” oder “Jindabyne” erwient.
Am grousse Ganzen hannerleet dat awer meng These, dass jiddereen eng aner Lëscht zesummestelle géif. An dat ass jo och gutt a schéi sou.
Was mam Fahrenheit 451? Ee vun deenen genialsten Filmer iwwerhat….
Muss der awer na vill vun daer Lescht kucken…
“Natierlech ginn et méi Filmer, déi jidderee gesinn hu sollt, wéi déi 25, déi ech hei opzielen. ”
5 Kommentarer, an alt rem stellen ech mer d’Fro ob d’Leit eigentlech och liesen, wat ech schreiwen virun deem se kommentéiren.
2 Daumen heich fir deng Lescht&deng Approche Chris.
Schéinen Layout. ;)
Flott Filmer dobäi, hunn se allerdéngs nach net all gesinn, muss ech éierlech gestoen.
ET ass een vun de Filmer déi ech immens staark mat menger Kandheet verbannen, et ass ëmmer ganz komesch de Film haut ze gesinn.