Et bild sech ob Facebook grad eng “THERE’S PROBABLY NO GOD”-Lëtzebuerg-Grupp. Bei den Administratoren fënnt een vertrauten Nimm rëm, wéi Schockweiler a Buraczyk. An momentan hun ech d’Gefill, sin sou Gruppen am Opwand, no Fraiheet.lu, dann elo dat, Trennung vu Kiirch a Staat gëtt et jo méi lang schon. Dat ass keng Wäertung, just eng Feststellung.
Mee ass et net beandrockend, wéi séier sou Trends emschloën oder obkommen? Wor et nach virun e puer Méint d’Vignette fir d’Fransousen, wor et dono d’Vignette fir d’Idioten, elo ass et de lénksen Eck dien e bessen am Opwand steet, wat kennt fir d’nächst?
Onwessend Leit déi mengen, duerch invitéiren vu Frënn géing een gesin, wien hiert Profil kuckt wéi ob StudiVZ oder Konfetti-Fuesend-Emo-Profiler wéi ob MySpace?

Konfetti-Fuesend-Emo-Profiler? Do wier ech jo bal tentéiert en lol lass ze ginn ;)
Wat die Bus-Kampagne ugeet, naja, ech sinn net sou iwwerzeegt. Et misst op alle Fall en gudden Sproch sinn.
Mee mir gefällt generell den Toun vun deenen meeschten Anti-Religionisten net, en ass ze iwwerdriwwen aggressiv. Dat bréngt och näischt an Konfrontatioun sollt jo net d’Ziel sinn. Eischter géigensäiteg Toleranz (mee villäicht ass dat vun mir jo och naiv unzehuelen, dass dat geet).
Allerdëngs fannen ech dee ganzen rezenten Bruhaha gutt fir eng Diskussioun iwwert d’Plaz vun der Religioun, an der kathoulescher Kierch am Besonneschen, ze starten. An dass een net all Idiotie vun Männer an Jüppen wortlos akzeptéieren muss.
Mee ech sinn, op alle Fall de Moment nach, géint Radikalitéit.
Ehm, DU fënns den Toun vun Anti-Religionisten ze agressiv? Do wier och ech bal tentéiert en lol lass ze ginn. ;)
Sou wuertstaark wéi s du alt deng Meenung lass ginn hues, ass mer dee Sënneswandel do wierklech onerklärlech.
Ech wollt eigentlech guernet déi Diskussioun lasstrieden.
Ech wollt just soen dat Facebook staark trenddomineiert schengt an déi Trends extrem séier sin.
@Chris:
Jo, ech. An soe mir wou ech *ondifferenzéiert* aggressiv iwwer anerer hiergefall sinn? Zumools iwwert Läit, déi usech harmlos sinn. Wat en Poopst, mat senger Muecht, oder och en pädophilen Priest op engem aneren Level natiirlech, net sinn.
@Thorben:
Sorry. An jo, dat ass schon erstaunlech.
Ech wees net, ech hunn d’Gefill, déi Trends hunn emmer just hier Spetzten.
Reliounskritik als Trend an der lenker Szen ass baal sou aal wéi sokrates.lu, Kettenbréifgruppen nom motto “ween kuckt main profil/fernsehkucken duerch facebook” ged et och schons länger, d’Vignettengeschicht waar eischter eng Aktioun-Reaktioun-Saach, genee wéi déi Sprochegeschicht (waat jo quasi aneneen iwergaangen ass).
Trotzdem ass deng Beobachtung net falsch. An jo, interessant, mee daat ass einfach the interwebs. An Facebook ass jo naischt anescht wéi en klengen, iwerschaubaren Internet fir den Misch an den Marc.
@Grommel: Du dréis et sou, wéi wann ech eppes gesot hätt, wat ech net sot. An zwar hunn ech just gesot, dass de heinsdo zimmlech agressiv a wuertstaark op Relioun klapps. Dat ass e Fakt. Ech hunn do net déi Ënnerscheedung gema, mat däer s de dech rausrieds.
Egal, mer sëtze jo all am nämlechte Boot.
An sou iwwerraschend fannen ech déi Gruppe lo net. D’lénks Szen war jo na ëmmer am Internet aktiv an zemols déi Gréng sinn an der läscht méi staark opkomm (wéivill Blogs hu se lo?) Et ass just eben duerch déi sechs Méint an deenen all Dëlpes a Lëtzebuerg Facebook entdeckt huet sou komm, dass op eemol fir all Schäiss eng Souergrupp gegrënnt gouf. An dat fällt eben op, wann een do virdrun (wéi mir) scho méi laang Member an deem Facebookclub war.
joel, grommel: ack.
@Chris:
Jo, ech klappen aggressiv a wuertstaark op die negativ ‘Auswüchse’ oder Aspekter vun der Religioun. Mee déi repräsentéieren och oft just Extremer. An net automatesch all Gleewegen oder d’Bomi, déi Sonndes frou ass an d’Mass ze trëppelen (ausser wann sie ufänkt aner anstänneg Läit ze kritiséieren oder ze jugéieren, just well sie net un hieren onsichtbaren Frënd gleewen).
Mee ech man dat net, mengen ech mol op alle Fall, sou ondifferenzéiert, diffuse a iwwergräifend wéi vill aktuell Anti-Religionisten et man. Ech kennen eng Rëtsch religéis Läit, déi ech fir hieren Asaz respektéieren. Och wann ech hieren Glawen usech kompletten Quatscha fannen. Wat ech hinnen awer net soen, ausser wann se mech nerven a provozéieren. Wat awer bei intelligenten, toleranten religéisen Läit seelen ass.
@Joel, Reliounskritik ass net nemmen sou aal wei Sokrates.lu mee souguer genausou aal wéi dei lenk szen insgesamt (“Religion ist Opium fürs Volk” soot de Marx)
A fir de Recht klengt daat alles grad dest Joer, verdächteg no Wahlkampf….
ps. de neien City-Tunnel Facebook Grupp huet schon iwwer 200 Memberen, jeje. Awer net där gescheitester ;)
Naja, ech fannen nach laang nët dass dat hei als neien Facebook-Trend kann ugesi ginn … An ech wees och nët ob et een wäert ginn … dat hei klengt bessi un den Hoër erbäigezunn :)