Ech hu virun e puer Wochen/Méint doriwwer beriicht gehat, dass den Joaquin Phoenix anscheinend soll ni méi virun enger Kamera stoe wëllen, fir eng Musékscarrière ze starten. Rapper wëll e ginn, a scho sou muncht fuerchtbart Material fënnt sech vu sengem Mangel un Talent am Internet. Vu dass Pianocktail fir seng Qualitéit bekannt bleiwe wëll, kënnt et hei net drop.
Wat awer zënter 2-3 Wochen an diversen amerikanesche Blogs rumouert gëtt, an wat dofir en brennend Thema fir eis ass, ass, dass säin Optrieden an der läscht net eescht ze huelen, mee einfach just e riesegen hoax si soll. Den Joaquin Phoenix spillt, dass e mëll ginn ass, seng Hoer net méi schneid, seng Carrière weggeheit a sech duerch schlecht Rapmusék lächerlech mecht. Et ass also sou, dass en eng Zort performance art ausféire soll. Naja. Wat ech dovunner halen?
Iwwerhaapt glat a guer näicht. Performance art kann extrem interessant sinn – et gi genug Beispiller wou et klappt, denke mer zum Beispill un den Andy Kaufman – mee beim Phoenix, ass et éischtens wéinst senger eegener Vergaangenheet bedenklech an zweetens keng Spuer interessant, polemesch, sozialkritesch oder och witzeg. Et ass einfa nëmmen irrelevant. En plus mecht et mer Suergen: wou ass de Witz dobäi wann e bekennenden un Depressioune leidenden Alkoholiker, deem säi Brudder viru 16 Joer tragescherweis un enger Iwwerdosis gestuerwen ass, sou en Zerfall virtäuscht? Ech gesinn en net.
Hei säin komeschen Optrëtt beim David Letterman vu läschter Woch:
Du kanns et besser, Jong.

“you look different than i remember”
jo.kinnt stemmen.
Sinn denger Meenung. Ziemlech lächerlech.