OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat d’Fleet Foxes hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.

2008 war e komescht musikalescht Joer – op eemol waren Hippies rem net nëmmen akzeptabel, mee souguer in an d’Highlight vum Joer. D’Fleet Foxes hu rem salonfäheg gema, wat iwwer Joeren verschmäht gouf. D’Band, déi aus der berühmtester Rockstad vun den 90er, Seattle, staamt, huet bei Kritiker an allen Ecken mat hirer melodiéiser Indiepopmusék iwwerzeegt. Hiren selwerbetitelten Debutalbum huet se zwar finanziell net onbedéngt an déi héchste Klass gespillt (an Thierry, ech hunn e souguer!), mee hir Concerten waren iwwerall ausverkaf a si de renomméiertsten Newcomer vum Joer.

Aus dem Album Fleet Foxes, déi zwee super Lidder “White Winter Hymnal” an “Tiger Mountain Peasant Song”: