25wire-6001

#10 MAN ON WIRE
(James Marsh)

“Feel-good film of the decade” gëtt Slumdog Millionaire op de Poustere genannt, eppes wat ech scho mol kritiséiert hunn. Mee de Film, dee wierklech e gutt Gefill an engem ausgeléist huet dest Joer, ass Man on Wire. Den Documentaire iwwert de franséische Seeldänzer, deen 45 Minuten tëscht den zwee Tierm vum World Trade Center séng Show ofgezunn huet, ass sensationell schéin. An e gëtt engem e gutt Gefill – sou e gutt Gefill, wéi soss wéineg Filmer produzéiren, vu dass en neemlech déi Schéinheet implizéiert, déi an American Beauty beschriwwe gëtt: eppes wat sou schéin ass, dass et bal net z’erdroen ass.

milktop10

#9 MILK
(Gus van Sant)

Ech si kee grousse Fan vu Biopics, normalerweis si se wéi Malen-nach-Zahlen: flott, mee et ass keng Konscht. Ech si kee grousse Fan vum Sean Penn, normalerweis iwwerspillt en séng Rollen fuerchtbar.

Mee Milk ass eng aner Saach. De Gus van Sant erzielt d’Geschicht vum Harvey Milk mat vill Léift an Mutt zur Documentatioun, eppes wat net anescht z’erwaarden ass vun engem visionäre Regisseur wéi desem. E Film, deen dräi Joer no Brokeback Mountain e weidert Kapitel an der Geschicht vun der Homosexualitéit an Amerika erzielt an, wann och net grad sou kraaftvoll, awer mat enormem Succès.

wendyandlucytop10

#8 WENDY AND LUCY
(Kelly Reichhardt)

Dese Film ass sou kleng a sou minimalistesch, dass en eng grouss schauspilleresch Leeschtung an eng gutt Geschicht brauch fir z’iwwerliewen. Béides erreescht en, mat dem absolut genialen Michelle Williams. D’Wendy muss léiren, dass et fir hatt net méiglech ass an Alaska ze reesen, sou laang wéi et net ufänkt no sech selwer ze kucken, amplaz no séngem Mupp, dem Lucy. Wendy and Lucy ass ee vun den interessantesten Filmer aus der Indieszen vun desem Joer, a wann en och kee grousse Message mat sech dréit, sou bewierkt en awer permanent e Matgefill, wat eminent wichteg ass.

un_conte_de_noeltop10

#7 UN CONTE DE NOËL
(Arnaud Desplechin)

E Film iwwert eng franséisch Famill, déi net méi funktionnéiert, an déi sech Chrëschtdag trëfft. Den typesche Chrëschtdagswahnsinn a villes méi, wéi al Wonnen opgerappt ginn. Den Arnaud Desplechin ass ee vun de läschte grousse franséischen Auteuren am Kino, a bréngt en Ensemble zesummen, wat sénges gläiche sicht. Seelen sinn ech an der läscht sou begeeschtert gewiescht vun engem franséische Film, an et ass den zweeten Film mam Mathieu Amalric deen et bannen de läschten zwee Joer a méng Top 10 gepackt huet.

paranoidparktop10

#6 PARANOID PARK
(Gus van Sant)

Dass ee Regisseur zwee Filmer bannent engem Joer publizéiert geschitt net oft. Dass béid Filmer gutt sinn, nach manner. Dass allebéid zu den 10 beschte vum Joer gehéiren, ass sensationell. Nach sou e klengen, traurege Film, deen et a méng Top 10 gepackt huet, ass dest en Drama iwwert Schold, den Dout an d’Jugend. Wat wann een e riesege Feeler mecht, dee bannent Millisekonne geschitt, an e selwer net wierklech versteet?

De Gus van Sant fänkt des Situatioun mat sénger üblecher Brillianz an, a gëtt sou dem Film den artisteschen Hauch, deen en zu dem geniale Film gi léisst, deen et ass. De Film zerstéiert dech, mee du wëlls en fäerdeg kucken. Dat ass genial.

ildivotop10

#5 IL DIVO
(Paolo Sorrentino)

Normalerweis ass den italienesche Kino international net méi wierklech virweisbar. Dest Joer ass dat anescht – Il Divo, e weidere Biopic iwwert den Giulio Andreotti, fréiere Premier vun Italien a séng Lienen zu kriminelle Kreeser. Wat sou genial um Film ass – en ass fuerchtbar cool an der Ausféirung, an dem Ierwen, deen en erzielt sech zur gläichen Zäit absolut bewosst. Technesch perfekten europäeschen Independentkino ass eppes, wat een net oft gesäit. Il Divo packt dat.

revolutionary_roadtop10

#4 REVOLUTIONARY ROAD
(Sam Mendes)

Dem Sam Mendes säi gréissten Erfolleg hunn ech virdru scho mol erwient, hei, a séngem zweetbeschte Film bis haut, bréngt en d’Stars aus dem gréissten Kinoerfolleg aller Zäiten rem zesummen: séng eege Fra, D’Kate Winslet, an där hire beschte Frënd, de Leonardo DiCaprio. Am Géigesaz zu hirem éischte groussen Optrëtt op engem wuel bekannte Schëff, falen se hei allerdéngs net vireneen, mee auserneen, an um Schluss bleift net vill méi wéi e Koup Schiebelen fir jiddereen.

Als Frënd vu Virstaddramen, sinn ech natierlech och hei mat u Bord, vu dass ech seelen eent gesinn hunn, wat mat sou enger Duerchschlagskraaft zum Erfolleg kënnt, a mat sou enger Präzisioun an Agressivitéit d’ellent Gesiicht vu gescheiterte Bezéiungen uprangert.

waltzwithbashirtop10

#3 WALTZ WITH BASHIR
(Ari Folman)

En animéierten Documentaire iwwert eng Episod vu séngem eegene Liewen dréien, kléngt schon interessant genug. Wann des Episod d’Massaker an den Sabra a Shatila Lager am Libanonkrich 1982 ass, sou brauch ee schon eng grouss Dosis Mutt an Talent fir dat Ganzt zum Funktionnéiren ze bréngen. Béides kann een dem Ari Folman net ofstreiden, deen mat sénger Mëschung aus Zeechentrick a CGI den alleréischten israeleschen animéierte Film am Laangformat produzéiert huet.

De Film ass emotional, perséinlech wéi geschichtlech fuerschend an analyséiert d’israelesch Geschicht ouni Distanz, mee vu bannen eraus. En erzielt vu jonke Kärelen, déi net wierklech wëssen, wourop se sech alossen, wat an der Welt lass ass, an Zeien vun engem ganz speziellen Danz mat engem Maschinnegewier ginn –emzingelt vu Pousteren an dem Numm vum libanesesche President Bashir.

5_gomorra_g

#2 GOMORRA
(Matteo Garrone)

Wann ech generell net begeeschtert vun desem Filmjoer war, sou steet Gomorra awer a villerlee Hinsiicht als eppes eraus, wat mech extrem faszinéiert huet a vun deem ech mer gewënscht hätt, dass et méi grouss rauskomm wier. E Film, deen op Zéiwespëtzen ufänkt an an enger grousser chaotescher Explosioun ophualt. E Film iwwer Eenzelschicksaler, déi zesummegeholl de Verfall vun enger ganzer Stad – enger ofgetrennter, mee fir eis Zäit sënnbildlecher Gesellschaft – demonstréiren.

An eng Hoffnung, déi gëtt et net. War mäi léifste Film vum Joer 2007 een, deen eis dat gi wollt, wat mer net hu konnten: en Happy End, sou wielen ech am Obamajoer, trotz der Hoffnung, déi sech all Mënsch vun him versprëcht, eppes wesentlech méi düsteres, eppes wat wéi deet, eppes wat trotzdem faszinéiert zu méngem zweetbeschte Film vum Joer. Jiddereen, dee Gomorra gesinn huet wäert wuel verstoen, watfir ee groussaartegt Stéck Kino et ass. Schued, dass net méi e gesinn hunn.

button600

#1 THE CURIOUS CASE OF BENJAMIN BUTTON
(David Fincher)

Wat soll ech soen? Säit laanger Zäit waarden ech drop, dass dese Film rauskënnt, an et ass a méngen Aen onvirstellbar de Film net als de beschte vum Joer ze wierdegen. D’Poesie vum F. Scott Fitzgerald gëtt vum Pobeier op d’Leinwand iwwerdroen a mat enger Liebesgeschicht verbonnen, déi sou ongewéinlech wéi wonnerschéin ass. Des Rees duerch d’zwanzegst Joerhonnert beriicht vun de wichtege Bewegungen vun de läschten honnert Joer.

Vu villen mam Eric Roth séngem erfollegräichen aneren Dréibuch Forrest Gump verglach, sinn d’Eenlechkeeten sécherlech onméiglech ofzestreiden, zur gläichen Zäit ass de Film awer och selbststänneg an eng ganz aner Liga. Technesch, wéi erzieleresch brilliant, weist de Film, d’Liewe vum Mënsch, wéi et sech duerch verschidden Alteren zitt. Wann en och d’Premiss vum Fitzgerald liicht opgëtt, ze kucken, wéi et ass, wann all déi schéi Momenter zum Schluss kommen, an all déi ellen um Ufank, amplaz emgedréit, sou weist den David Fincher säi Genie allerdéngs doduercher, dass en méi no un d’Wourecht réckelt. All eist Liewen ass vun momentanen Réckschléi duerchzunn. Et muss ee just weider man, egal a wéieng Richtung et geet.