…de Charel huet hei säin Bäitrag geleescht.

Lidd Nummer Véier

kennt vum Charel
heescht Bumbo vum Moondog
bedeit him een Lidd, waat ee fesselt an dobäi an eng parallel Welt eranzit, déi wäit eweg an dach nobäi ass. Eppes lieweges fléisst duerch seng musikalesch Oderen, de systolesche Rythmus erënnert mech un draam-ähnlech Sequenzen, déi ech nëmmen aus Lynch Filmer an Luciden Dreem hier kennen.
an passt heibäi:

Komm mir probéiren mol de Bengel weiderzeschéissen un de Staater

An domat geet eisen begehrten Bengel weider. Wann een net wees, u ween weidergin, denkt drun, de Joël, de Claude an sou wëllen och nach e Stéck! Do fällt mer grad ob dass de Charel vergiess huet, säi Lidd un déi aaner drunzehänken.
Update: De Charel ass e fläissege Jong, weider geet et.