OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat Clap Your Hands Say Yeah hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.
Eent vun de grousse Verbriechen vum neie Joerdausend, wat et sécherlech och éischter scho gouf, mee well réicht sou richteg ausgelieft gouf sinn iwwerlaang Bandnimm, oder nimm déi konfus sinn. Dat kann deelweis ganz cool sinn (wéi hei), heinsdo awer och extrem penibel, wéi et zum Beispill des Bands ënner Beweis stellen:
- I Love You But I’ve Chosen Darkness
- You Say Party! We Say Die!
- Someone Still Loves You Boris Yeltsin
- Thunderbirds Are Now!
Nuff said.
Clap Your Hands Say Yeah dogéint geet vum Numm hir sou grad nach. Musikalesch absolut Spëtzt. Leider hunn ech absolut keng lëschteg Anekdot ze zielen. Éier eng traureg, well anscheinend hunn d’Eefalten sech well rem getrennt. Wat jo och rem guer net geet. Mee bon, se sinn net déi eenzeg Band am Countdown, déi net méi zesummen ass… dir wësst wuel ween ech mengen. Ween et richteg an de Kommentarer erréit, gewënnt e weidere Marshmallow.
D’Band aus Brooklyn, New York huet sech under Connecticut University getraff an ab 2005, wéi se ugefaang hunn zesumme Musék ze man fir Opmierksamkeet gesuergt. Souwuel hiren eponymen Debutalbum, wéi och den Nofolger “Some Loud Thunder” si bei de Kritiker (a mir) genial ukomm, während keng Sau se kaf huet (ech o net). Hei hir éischt Single “Is This Love?”:

en super album.an en dauren Schued dat do hechstwahrscheinlech naischt mei nookennt.
Du nenns si Eefalten well se sech getrennt hunn nodeems keen hieren Album kaf huet – och du net, obwuels de e gudd fonnt hues?! Gëff eenz.
Gëff selwer eens.
Eng opzeféiren, wéinst dem Wuert “Eefalt” ass héichgradeg lächerlech.