Ouni haut.
Dann ass Dezember 2011. Een Mount ob deen ech mech immens fréen. An deem Mount geschidd eppes waat dann virun genau 10 Joer och schon geschidd ass awer sait 2003 net méi. Et ass eppes vun deem ech net duecht dass et an där Form rem geschéien kéint. Et ass zwar schon een Joer bekannt, mais d’Detailer kommen réicht lues an lues.
En Wierk vum J.R.R. Tolkien gett verfilmt an kennt dann an den Kino. An zwar The Hobbit. Den Prequel zu Lord of the Rings. Daat héiert sech jo ganz gudd un. Mais déi gudd Noriichten kommen réicht.
Regie féiert den brillianten Guillermo del Toro (Pan’s Labyrinth). Net den Peter Jackson? Nee. Deen mecht nämlech waat en am beschten kann an spillt executive producer. Dass en net Regisseur ass fannen ech just hallef sou schlemm, well engersaits den del Toro wierklech en aussergeweinlecht Talent ass, an aanerersaits den Jackson sech sou em daat kemmeren kann woumat en (ennert aanerem) Lord of the Rings zu deenen groussartegen Filmer gemach huet déi et waren: Léit sichen, se un d’Schaffe brengen, kucken dass all Rüstung no eppes ausgesait an oppassen dass d’Orcs maachen waat se sollen. Daat eenzegt waat LotR als Film iwwerhaapt konnt iwwertreffen war LotR als Projet. D’Specials op der Special Extended Edition sin doduech grad sou iwwerwältegend wéi den Film selwer.
Mam Jackson u Bord hun aaner Nimm natierlech net ob sech waarde geloos. D’Screenplay ass niewt dem Jackson an dem del Toro och vum Fran Walsh an Philippa Boyens geschriwwen, produzéiert gett vum Mark Ordesky, d’Musek mecht den Howard Shore, an den Alan Lee an den John Howe sin als concept artists um Wierk. Alles wichteg Mataarbeschter bäi LotR.
Zeguer d’Nimm Ian McKellen an Andy Serkis (Gollum) sin schon gefall. Gedréit gett natierlech an Néi Séiland an zwar zum Deel ob den aalen Sets, déi just mussen renovéiert gin. Déi Saache loosen d’Fan-Härz natierlech emmer rem méi héich schloen. Eppes aanescht waat mech ongemeng freet: Et gin 2 Deeler. Deen zweeten kennt 2012 an den Kino.
2003 war ech bestemmt net als eenzege niwwerraschend trauresch wéi op eemol keen LotR méi z’erwaarden war. Déi ganz Fierfreet war fort. Lo ass se rem do. An d’Angscht dass The Hobbit nemmen een schwaachen Oofklatsch vun der Trilogie gett besteht fier mech net wierklech. Éichtens ass en néien Regisseur do, waat d’ “Ech man just daat, waat secher klappt”-Gefohr schon enorm reduzéiert an de Recht vun der Ekipp kann een och net wierklech als Under-Achiever bezeechnen.
Ech genéissen d’Fierfreed. All 24 748 Stonnen dervun.
(D’Review fannt der dann op Pianocktail-TV)

668
668 (Lady Céline Chatterley)
667 natierlech.
666
665
664
663
662
661
660
659
658
657
356
656 natirlech.
Ech ka mer dee Blödsinn hei geschwënn net méi ukucken… Hälls de op wann ech der däin Ticket bezuelen????
Nee.
655
654
Ah sou.
652
650
649
648
647
646