Ouni haut.
Dann ass Dezember 2011. Een Mount ob deen ech mech immens fréen. An deem Mount geschidd eppes waat dann virun genau 10 Joer och schon geschidd ass awer sait 2003 net méi. Et ass eppes vun deem ech net duecht dass et an där Form rem geschéien kéint. Et ass zwar schon een Joer bekannt, mais d’Detailer kommen réicht lues an lues.
En Wierk vum J.R.R. Tolkien gett verfilmt an kennt dann an den Kino. An zwar The Hobbit. Den Prequel zu Lord of the Rings. Daat héiert sech jo ganz gudd un. Mais déi gudd Noriichten kommen réicht.
Regie féiert den brillianten Guillermo del Toro (Pan’s Labyrinth). Net den Peter Jackson? Nee. Deen mecht nämlech waat en am beschten kann an spillt executive producer. Dass en net Regisseur ass fannen ech just hallef sou schlemm, well engersaits den del Toro wierklech en aussergeweinlecht Talent ass, an aanerersaits den Jackson sech sou em daat kemmeren kann woumat en (ennert aanerem) Lord of the Rings zu deenen groussartegen Filmer gemach huet déi et waren: Léit sichen, se un d’Schaffe brengen, kucken dass all Rüstung no eppes ausgesait an oppassen dass d’Orcs maachen waat se sollen. Daat eenzegt waat LotR als Film iwwerhaapt konnt iwwertreffen war LotR als Projet. D’Specials op der Special Extended Edition sin doduech grad sou iwwerwältegend wéi den Film selwer.
Mam Jackson u Bord hun aaner Nimm natierlech net ob sech waarde geloos. D’Screenplay ass niewt dem Jackson an dem del Toro och vum Fran Walsh an Philippa Boyens geschriwwen, produzéiert gett vum Mark Ordesky, d’Musek mecht den Howard Shore, an den Alan Lee an den John Howe sin als concept artists um Wierk. Alles wichteg Mataarbeschter bäi LotR.
Zeguer d’Nimm Ian McKellen an Andy Serkis (Gollum) sin schon gefall. Gedréit gett natierlech an Néi Séiland an zwar zum Deel ob den aalen Sets, déi just mussen renovéiert gin. Déi Saache loosen d’Fan-Härz natierlech emmer rem méi héich schloen. Eppes aanescht waat mech ongemeng freet: Et gin 2 Deeler. Deen zweeten kennt 2012 an den Kino.
2003 war ech bestemmt net als eenzege niwwerraschend trauresch wéi op eemol keen LotR méi z’erwaarden war. Déi ganz Fierfreet war fort. Lo ass se rem do. An d’Angscht dass The Hobbit nemmen een schwaachen Oofklatsch vun der Trilogie gett besteht fier mech net wierklech. Éichtens ass en néien Regisseur do, waat d’ “Ech man just daat, waat secher klappt”-Gefohr schon enorm reduzéiert an de Recht vun der Ekipp kann een och net wierklech als Under-Achiever bezeechnen.
Ech genéissen d’Fierfreed. All 24 748 Stonnen dervun.
(D’Review fannt der dann op Pianocktail-TV)

Hell yeah. An ech gi 24 a sinn eventuell schon um Schaffen.
Dat gleews de jo net.
Guillermo del Toro? Da ginn ech deen awer villäicht kucken …
Mee ass den Hobbit net usech d’Kannerversioun vun LoTR?
An ech gin 25 an schreiwen meng Bacheloraarbecht.
Grommel: nee.
@ Grommel
Jein. Also den Hobbit ass eng aaner Geschicht (keng aaner Versioun) an der Zaitlinn vun LotR. Et spillt sech firum eigentlechen LotR oof an beschreift wei den Bilbo (dem Frodo sain Monni) den rank fonnt huet.
Dass et als Kannerversioun ugesin gett ass zum Deel berechtegt, zum Deel net. Déi domm daitsch Iwwersetung “Der kleine Hobbit” ass do net onschelleg drun.
D’Buch an sech schengt och ganz gudd fier Kanner ze funktioneiren. et war schliesslech (an ass?) ganz populär als Kannerbuch. Mais daat ass eppes waat den Tolkien sou un sech huet. En fänkt un eng Geschicht ze schreiwen an huet net den Hauch vun enger Ahnung wou se ophaalen soll. (Geschicht = Rees) Sou fänkt den Hobbit ganz beharrlech an märchen-like un, andeems en Hobbit an e puer zwergen sech op d’Rees maachen bai en Draach. Ennerwee begeinen se dann Trollen an sou. Alles kannergerecht. Mais no an no gin obeemol Orcs geschnetzelt, Schwerter mei genau beschriwwen wéi déi, déi se haalen an et kulmineiert an enger Schluecht mat 5 Arméien.
LotR (d’Buch) selwer ass awer genau sou. Den Ufank ass beschaulech an déi schlemmsten Géigner vun den Hobbits sin 9 Leit op Pärd. Längst ent sou dramatesch wéi am Film. (Do heeschen se nach “black Riders”, wesentlech mei harmlos wéi Nazgul.) den Jackson huet daat och gudd sou riwwerbruecht, mais en huet déi méi dramatesch Elementer schon méi fréi rabruecht. Ausserdem huelen ech un dass den del Toro och wärt verschidden Saachen der Dramatik no upassen, wéi den Jackson. (Bombadil raus, Aragorn deen Nazgul ooffaakelt ass vill méi cool.)
LotR gouf jo emmer als “onverfilmbar” bezeechent. Daat ass nemmen zum Deel wéinst der epescher Dimensioun (an sin mer éierlech, grouss Schluechtszenen waren nie onméiglech) mais virun allem, well d’Buch als solcht net méi eng schlecht Filmfierlaag hätt kennen sin. Saiten an Saiten ouni wierklech Handlung, déi awer d’Story erklären (Prolog), Handlung déi een kaum engem Kinobesicher zoumudden kann (Tom Bombadil), Characteren déi ouni vierstellung einfach ob eemol dosin an rem verschwannen (Glorfindel).
Jackson & Co hun deen Problem am LotR geléist, dann dieft den Hobbit keen Problem sin.
Thorben: Wéini haas du an deenen 30 Sekonnen, déi ech fier main Kommentar gebraucht hun, Zait och eppes ze schreiwen?
C&T: Dier sidd dann allen 2 bäi “Pianocktail Media Group” täteg.
Nic: Wat mengs de firwat mir béid a sou Luxuswunnéngen liewen? Mir verdéngen eist Geld mat Client-Support :)
1030
1029 he so
Wann s de dat do duerchzitts bis zum Kinostart, bezuelen ech der d’Entrée.
Deal, mais ech behalen mer d’recht fier Pausen fier Vakanzen ouni Internet anzeleen oder et mol en Dag ze vergiessen. ;)
Du kriss, wéi jidderee soss och 28 Deeg plus Weekender.
Ech freen mech och, well ech hunn genee daat Gefill och gudd kannt. Den LotR 2 an 3 ass emmer den eischten Daag vun der Chreschtvakanz rauskomm, an ech sinn mat engem Kolleg emmer direkt no der Schoul an d’Stadt gefuer an do hunn mir dann stonnenlaang op den Film gewaard. Bah, op manst bei Deel 2, bei Deel 3 hunn mir eis den Triple-Feature ungedoen an waaren iwer 9 Stonnen am Kino. Ech well daat Gefill erem hunn, och wann et mat 23 net daat selwescht wärt sinn …
1028
1027
1026
1025
1024
1023
http://www.youtube.com/watch?v=SWf3iJjqYCM
Ech weess zwar wat de Chris vun de Feedreaderen hält, mä ech fannen et blöd, wa während den nächsten 1023 Deeg all Dag e Countdown-Comment zu dësem Post an ärem Feed optauche géif. An herno huet de Witz méi e laange Baart wéi de Gandalf.
Et ass kee Witz. Wann den Nic et fäerdegbréngt, kritt en d’Entrée vu mir bezuelt.
Ma virun, Nic.
Ech wees jo net waat en Feedreader ass, mais ech huelen un dass ech grad e puer Blogs iergendwei heimat zouspammen. Daat deet mer zwar Leed, mais wees du waat Kino hautesdags kascht?
1022
1021
1020
1019