Ech hu mer no der kuerzer Diskussioun iwwer Mixtapes hei geduecht ob een net sollt probéiren dat alt Mixtape-Kettenbréif-System Web 2.0-fäheg ze man. An voilà, hei starten ech dat ganzt. De Prinzip ass einfach: Hei drënner hudd dir en Intro mat engem éischten Lidd. Ech delegéiren un en aanere Blogger weider, do en Lidd drunzehänken. Dien veröffentlecht en Post am Stil vum Text hei drénner, an délegéiert un en aanere Blogger, soulaang bis mer 10 Lidder hun. Dann kritt all Partizipant d’Kassett mat engem flotten Inlay geschenkt. Zousätzlech verlousen mer 5 Mixtapes un all d’Lieser, déi hei nach niiie e Kommentar oofgin hun. Super, ne? Alles wat se dofir mussen man, ass um Post wou dat Finalt Tape viirgestallt gëtt kommentéiren. Toll toll toll!
D’Säit wou den Hues leeft ass hei. Do fannt dir all wichteg Infoen, wou mer dru sin, ob wat dir musst obpassen wann dir gewielt sidd dat ganzt weiderzeféiren etc.
Ech fänken dann un.

Lidd Nummer Eent…
…kennt vum Thorben
…heescht Je t’emmène au vent vu Louise Attaque
…bedeit him laang Owenter bis moies em véier am Flying mat sou villen Leit an esou villen gudden Momenter.
…an passt heibai
…an de Bengel geet weider un de Chris, well et nunmol säi Blog ass, an hien fir gudd Musék garantéiert.
[audio:Baton1.mp3|autostart=no|bgcolor=0x000000]
Bengel Versioun 1: http://blog.pianocktail.lu/audio/Baton1.mp3

A vu dass dat heien eng absolut wonnerbar Iddi ass, muss ech do natierlech dobäi sinn.
Saucool Idee. Ech sinn gespaant, wéi et wéider geht – d’Lidd mescht mech danzen wellen.
Programmer fir Windows: Audacity(.de). An iwerblenden muss Pflicht sinn, net nemmen rechtlech, mee well et saucool ass :p
Wow, saucool Idee. Ech kucken mer Audacity den Owend och mol un, an eventuell man ech och en Lidd drun. ;)
claude^e, wann dann een et gudd mengt mat dir, an de Bengel un dech weidergett :)
einfach immens, ech waarden op dem Chris säin Track.
Achso, najo dann eben net. ;)
http://staater.blogspot.com/2009/03/pianocktail-mixtape-bengel-pt-10.html