Morrissey ass Perrecy Fan. Merci Photoshop.

Ech hun et – suguer hei am Kinnekräich – gepackt The Smiths an hieren charismateschen (anscheinend) Frontsänger Morrissey gekonnt ze ignoréiren. 80% vun de Leit hei soen: “Wien ass dat? Dien mat deem Buch iwwer Sex?”, 18% soen “Oh mai Gott! Deen ass sou genial!” an 2% soen “Hype. Nemmen Hype. Don’t believe the hype.”. Zu wéienger Grupp ech gehéiren, wees ech awer nach net. Zur éischter sécher net, wa mäin Ëmfeld mech mol assimiléiert zur zweeter, oder vläit awer zur drëtter, kee wees et.

Oballenfall huet dee Mann, die mäi Liewen säit Joeren verkomplizéiert, mech dann dozou bruecht Smiths/Morrissey ze lauschtren. Den Thees Uhlmann (yuhu, Kufa, alles hin) huet bei senger Band Tomte als Virband eng relativ onbekannt Band names Perrecy matbruecht. Perrecy coveren Morrissey-Songs. Ob Däitsch. Den Thees Uhlmann huet en Concert vu Perrecy sou beschriwwen: “Da stehen so 200 Morrissey-Fans. Und dann spielen Perrecy, die Ewigkeiten verbracht haben, die Texte zu übersetzen, ihre Songs. Und dann sieht man in den Augen der Fans wie die Texte in Echtzeit wieder zurückübersetzen. Ja hallo – wozu übersetzen die die Texte denn?” Perrecy spillen Ukulele an hier Iwwersetzungen sin heiansdo, naja. Et ass bestëmmt net einfach Morrissey ze iwwersetzen. Dach. Ass et wuel. An Lyrics déi ob Englesch super-romantesch woren, sin ob däitsch abeemol Lächerlech. Vläit misst een englesch Bands méi hannerfroen, well mer oft net matkréien ob hier Lyrics lo wierklech gudd sin, oder eben net. Beispill gefälleg?

And if a double-decker bus
Crashes into us
To die by your side
Is such a heavenly way to die
And if a ten-ton truck
Kills the both of us
To die by your side
Well, the pleasure – the privilege is mine

U Romantik jo net ze toppen, mee ech hu bei der Iwwersetzung misse laachen

Und wenn ein zweigeschoss’ger Bus
fährt uns zwei zu Mus
zu sterben mit Dir
ist so ein himmlischer Exitus
und wenn ein LKW tötet uns beide
zu sterben mit Dir
welch eine Ehre und welch ein Pläsier

Ech fir mäin Deel genéissen Perrecy, well et einfach Spaß bréngt, a iergendwou kann ech d’Smiths an de Morrissey och nach lauschtren ouni mech ze schummen. Hei énnen nach e puer Video’en. Dozou nach e MySpace-Link an en YouTube Channel.

There is a light that never goes out / Da ist ein Licht das niemals erlischt
YouTube Preview Image
YouTube Preview Image

Irish blood, English heart / Preussisch Blut, Bayrisch Herz
YouTube Preview Image
YouTube Preview Image