OPGEPASST: Virun deem ech erklären wat Röyksopp hei an der Lëscht man, wëll ech iech op e Concours opmierksam man, deen ech heimadder als oppen erklären. Wat der man musst fir matzeman? Schéckt mer är Tipps fir d’Pianocktail Top 10 Muséker vum Joerzéngt op chris at pianocktail punkt lu an. Als Tiebreaker sot der mer nach wat äre Choix fir de Muséker oder d’Band vum Joerzéngt ass. Wat der gewanne kënnt? E Mixtape (op Kassett) mat den vu mir handgepickte beschte Lidder vun der Band vum Joerzéngt. Leet lass, a mat ärt bescht beim Errode vu méngen Top 10! De Concours leeft bis dass ech méng #30 bekannt ginn.

Ufank vun desem Joerdausend, wéi d’Welt sech grad un déi nei elektronesch Herrscher Daft Punk an Air gewinnt hat, sinn op eemol zwee jonk Hären aus Tromsø an Norwegen opgetaucht an hunn hirt eegent Stéck Land op der ruhmräicher Bühn vun der internationaler Popwelt agefuerdert – a krut, wann och just fir eng kuerz Zäit. Well haut si Röyksopp eigentlech scho rem sou zimmlech komplett vergiess. Am Mäerz kënnt allerdéngs en neien Album vun hinne raus, an domadder denken ech, kann ee jo mol dovunner ausgon, dass se eventuell rem am Mainstream optauche wäerten.

Röyksopp ass norwegesch an ass eng Zort Champignon, hiert bekannteste Lidd “Eple” ass norwegesch fir Apel. Dofir huet sech Apple et och mol geschnappt gehat – aus Coolnessgrënn. A well d’Lidd sou gutt ass, läuschtre mer lo mol ran:

http://www.vimeo.com/2278799

Nom Broch nach hir aner Hits “Remind Me”, “Sparks” a “Poor Leno”.

http://www.vimeo.com/2285902

http://www.vimeo.com/2351689 http://www.vimeo.com/2286031

Wat déi zwee Norweger virun allem och extrem immens mecht, ass hir Videokonscht, déi et halt sou bal just bei elektronesche Muséker gëtt (denk un Massive Attack, Moby, Daft Punk, Justice, Chemical Brothers, Digitalism, etc.). Dofir géif ech mol jidderengem uroden d’Videoen alleng aus ästhetesche Grënn unzekucken. Anert Wëssenswärtes fannt der op hierer Website Royksopp.com.