De 6. Februar leeft The Curious Case of Benjamin Button endlech am Vereenegte Kinnékräich un, e Film wou der sécher wësst, dass ech mech schon iwwert e Joer domadder beschäftegen, an deen mäin meeschterwaartene Film vum Joer ass. Lo sinn ech op des wonnerbar Säit gestouss, wou een nokucke kann, wéi de Benjamin Button duerch visuell Effekter zum Liewen erwächt gëtt. Et ass absolut faszinant, an ech roden jidderengem, egal ob en sech op de Film freet oder net (a bei Pianocktail Lieser erwaarden ech lo mol, dass dat éischt de Fall ass), sech et unzekucken.
The Science Behind The Curious Case of Benjamin Button
Username: sfx
Passwuert: buttonsbuttons

Impressionnant.
Ball genau sou impressionant wei d’Biller am Film ass dei Netz-Säit ;-) Merci fir de Link!
Wierklech immens.
Mega ! Krass Szenen di Computer Geschichten do. Wéi funktionnéiert daat ? Verstinn ech net… lol