Just fir déi, déi d’Lëtzebuerg Privat Storiën sollten vermëssen; et gin se nach. Iergendwann wäerten mer Iech eppes vu Baumäerkt an Tankstellen zielen. Bis dohinner: Och wann d’DPA an d’DDP eis bestätegt huet, dat si mat der Privat a Kontakt getrueden ass (aus Grënn vun der Beruffsethik verooden si allerdéngs näischt iwwer Schuedensfuerderungen), klauen se nach emmer monter weider, wann och manner. Aktuell Ausgab:

Kuckt emol d'Foto vun dem vermummten Kämpfer a klickt dann ob d'Bild, copyright Lëtzebuerg Privat (deelweis)
Och deen Abriecher do ass eis spuenesch Viirkomm:


Nees gutt geschafft, Jongen. Wéi fannt der die Originalfotoen? Einfach iwwer Google?
Den Thorben war dat hei, mee am grousse Ganze jo.
D’Method hate mer hei jo mol erklärt:
http://blog.pianocktail.lu/2008/12/02/dbiller-an-der-letzebuerg-privat-an-de-jean-nicolas-a-seng-vergaangenheet/
Jo Grommel. An dat mat den Banalsten Suchbegrëffer. An dem doten Fall via “Einbrecher”. Dat zweet wor méi kniffleg. Entweder wollt déi minder begabt LP Grafikerin net, dass mer et rausfannen, oder si huet an der Bildung versot, ech hun d’Bild iwwert de Suchbegrëff “Fatah” fonnt, déi jo momentan éischter marginal ass.
An dat Spill kanns de quasi all Woch man. Soubals de an der LP e Bild fënns, wat ausgesäit, wéiwann e Profi et gemaach hätt, kanns de dovunner ausgoën, dass sech do een zervéiert huet.
LP huet Grafiker? A wat man déi den ganzen Dag? Kaffi?
Dat ass eng Geschicht fir en aneren Bäitrag…
lol
@Grommel, souwait ech wees hun se däerer souguer 2.
Absolut dreist, wéi déi dee Blogger an dee Jandrisovits do einfach déi Fotoën aus der Lëtzebuerg Primat klauen!
2 Grafiker? Muss bei der LuxPrimat souvill Kaffi gemaach ginn?
Mee villäicht këmmeren sie sech och gläichzäiteg em deen brillianten Design vum proreferendum.lu!
Also:
1.den jean nicolas hat vum Prinzip hier eng gudd Idee,well eng Boulevard zeitung ass,soen ma mol OK fier en Land.
2.den jean nicolas hat Courage.
3.Ech fannen Emsetzung mei wei Entauschend well et ass keng BoulevardsZeitung mee en Bladd wat net informeiert mais desinformeiert an hetzt geint Leit op engem Niveau deen net Boulevard wurdeg ass!
4.Wien vun iech wees eigentlech wat den Jean nicolas fier en Mensch ass?ech kennen en net,ausser eben duech Tele.Ech froen mech wat en dozou dreiwen kann esou zynesch ze sin?wien wees z.b wei sein Wee bis elo wa?well den wiki artikel schengt jo net grad objektiv ze sin.
Merci fier Liesen
Salut Jean.
1. Ass zur Diskussioun. Wat net zur Diskussioun ass, ass dass en eng eidel Niche fonnt huet.
2. Et ass mengen ech net wierklech Courage, wann een souwisou näischt ze verléiren huet.
3. Full ack
4. De Wikiartikel ass vun him geschriwwen. Wat erwaard ee sech. Ech wees net wat en fir e Mensch ass, ech geing vu kengem Mensch behaapten, ech wéisst wéi en wier. Et schéngt awer sou, wéiwann en mol en obstiewenden Journalist wor, deen emmer rem probéiert huet déi Grouss unzeschäissen an mangels wat-och-emmer dofir der ob d’Schnëss krut. Mecht dat Leit zynesch? Ech wees et net.
Salut Jean, laang näicht méi vun der héiren, vu dass de mer net op méng E-Mail geäntwert hues.
1. Dat ass e Punkt, deen ech anescht gesinn, well ech Boulevard als iwwerflësseg betruechten. De Boulevard beriicht ménges Uechtens näischt, wat wierklech vun ëffentlechem Intérêt ass.
2. Courage – jein.
3. Full ack.
4. Also wann s de e bëssen um Internet recherchéiers, (Gleef mer, mir hunn dat zimmlech breed gema!) da fënns de allerhand Saachen, déi dorobber hindeiten, firwat de JN sou handelt, wéi en et numol mecht.
Mee da froen ech dech awer och nach emol gäer dat heiten: wéi kënnt et, dass de déi nämlecht IP hues wéi de faméisen Tim Ewerart an engersäits als nekkelcrusher wëlls de JN freckt man, als Tim Ewerart eis Recherche sabotéiers an als Jean/Denzel tëschent zwee Still stees. Däerf ech dech do fir eng Präzisioun bieden?
*pawned!*
Also ech kennen leit dei neeft em gewunt hun, lo neeft em wunnen, an och een deem seeng Fra vier en geschafft huet.
Anscheinend ass et een Deckkapp mat deem een nik kann eenz gin, an och soss nik roueg kann sen. Ouni Reiwereien ass deen nik glecklech.