Et ass zwar réicht Samsten, mee d’RTL Sonndeszeitung ass schon haut online. An ech hu mäin éischten Lieserbréif ageschéckt, mol kucken ob an wéini dien online kënnt. Wow, bei RTL.lu gëtt och Samstes geschafft. Mee mai Link ob Pianocktail hun se rausgeholl. Déi Penns :)
Wéi ech Enn Dezember déi éischte Kéier zu Clausen wor, gouf ech ëm eng Auer erausgekéiert, obwuel d’Manifestatioun bis dräi Auer ugekënnegt wor, d’Organisateuren hunn erklärt dass de Café “veRso” wéinst Problemer mat de Leit déi a Clausen wunne Stress hätt. Haut stung dann ob RTL.lu dass “e Recours um Verwaltungs-Geriicht vir[lait], an deem Clausener Leit d’Annulatioun vun den Autorisatioune fir de Fonctionnement froen.”
Dat ass traureg. Wee Freides oder Samschdes owes an der Stad rausgeet, weess dass ofgesi vun e puer Ausnahmen och an der Stad ëm eng Auer Moies d’Trottoire erobgeklappt ginn. An dat schued der Stad, well et vill u Liewe fehlt, an dat aus ville Grënn: do wunnen ass fir vill Leit onméiglech, nuets mam ëffentlechen Transport ob Land kommen ass schwéier (glécklecherweis hu mir den NightRider), mä awer och well d’Offer net stëmmt. A genee do setzen d’Rives de Clausen un. Mir selwer gefält et do zwar net extra, mä dovunner mol ofgesi sinn d’Rives de Clausen genee dat, wat eis Stad gebraucht huet. Et ass e Koup vu Caféen, Restaurant’en an Discoe fir all Budget an all Zort vu Mënschen. Dat ganzt an engem propperen an interessante Kader. An a mengen Ae sinn d’Rives de Clausen capabel iwwer Manifestatiounen e Quartier wéi Clausen, an awer och déi Quartierë ronderem rëm zum Liewen ze erwecken. An mol ganz éierlech: Eis Stad ass esou schéin an d’Alstad net ëmsoss UNESCO Weltkulturierwen, et wier eng Schaan dat brach leien ze loossen.
An d’Rives de Clause kéinten dat. Dee ganze Komplex schéngt mir professionell geplangt, gebaut an geréiert, an ech hu gegleeft dass och d’Staad Lëtzebuerg d’Kraaft an d’Méiglechkeete vu sou engem Komplex versteet.
Mee a mengem Studium (Events management) hunn ech geléiert, wann een Manifestatiounen oder ganz Manifestatiounskomplexer bedreiwt, kann een sech ob Protest vun den Uwunner genee sou verloosse wéi ob de Sonnenënnergang: E kënnt ëmmer. An natierlech och hei. Dat ass natierlech och ze verstoen: Jidderee wëll roueg schlofen. An prinzipiell ass dat jo och e Recht vun all Mënsch roueg ze schlofen. Allerdéngs muss een do och Ofstrécher man an differenzéiert ugoen: Ween an enger Stad, an engem Appartement, an engem Studentenwohnheim, nieft engem Fluchhafen oder enger Autobunn wunnt, muss wëssen dat all déi Avantagen déi ee kritt (et ass ee séier iwwerall, et wunnt ee méi bëlleg, et ass ee séier ob der Autobunn) och eng Konsequenz hunn: Kaméidi. Natierlech hun d’Awunner vu Clausen bis elo Gléck gehat, well se matten an der Stad wunnen, awer quasi kee Kaméidi do haten, mä dass dat Privileg iergendwann géing falen, wor ofzegesin, zënter diems een d’Gefill krut “hei, d’Stad wëll eppes aus sech man”.
Mee natierlech sollen d’Clausener Leit esouvill Rou wéi méiglech kréien. Mee éier dass elo kräischend a rosen bei de Juge gelaf gëtt, firwat gëtt sech net mat de Responsabele vun de Rives de Clausen an der Staad un en Dësch gesat? Well d’Méiglechkeete sinn nach laang net ausgeschöpft. Leider léisst den RTL Artikel net duerchsickeren, wéiee Kaméidi d’Clausener genee stéiert. Wann et d’Musek an de Caféen ass, sou ass dat mat e puer Baumoßnahmen ze reduzéieren. Wann et d’Leit sin, déi um Heemwee no engem Patt zevill nach hiert Lieblingslidd gröhlen, da kann een do och eppes man. Ech wunne momentan zu Edinburgh, enger Stad déi en immense Versteesdemech mat Manifestatiounen huet. An hei gin et ob kritesche Platzen, nieft der iwwerdriwwener Police-Präsenz och sougenannten “wardens”. Dat si Leit (keng ausgebilt Polizisten), déi drop trainéiert sinn, wann ee Stress mécht, bei deen ze goen an ze soën “hei, maach mol relax, géi nach e Patt huelen, ameséier dech a looss d’Leit hei schlofen”. An dat funktionéiert. Déi gi bezuelt vun der Stad Edinburgh an d’Suen komme vun de Steieren déi d’Caféë bezuelen. Net vun de Bierger. Sou eppes wier ouni weideres och fir eis Stad denkbar. Dovunner ofgesi kéint een jo och ganz normal mol en rouegt Verhalen dobausse promovéieren, d’Leit drop opmierksam ze man, sech fein a roueg ze verhalen, hir déifgeluechte Blechschachtelen vernünfteg ze fueren (an do gin et jo wierklech Reegelen, déi dann einfach missten duerchgezu gin). An och d’Türstehere vun de Caféë kéinten hei drop opmierksam man, dass et Leit gin déi schlofe wëllen. An anere Stied vun der Welt funktionéiert dat och.
Déi Leit, déi do dee Recours ageluecht hunn man dat a mengen Aen aus Expressegkeet a Verbruetheet. Well d’Méiglechkeete sin nach laang net um Enn, an awer gëtt elo viru Geriicht gezunn. Amplaz sollten se sech bewosst gin, dat se an enger Stad wunnen, an dat net nëmme Virdeeler bréngt. An dat et, zemools an dem doe Fall, aner Méiglechkeete gin, wéi viru Geriicht ze goen. An dat een, zur Ofwiesselung, a wann et nëmme fir eis wonnerschéi Stad ass, och mol iwwer säin eegene Schiet muss sprangen. Verbessert mech wann ech falsch leien.

Ah, die schéin Sonndes-’Zeitung’ …
Usech ginn ech der Recht, mat deem, waats de schräiws, mee ech kann d’Läit aus dem Quartier awer och verstoen. Ech wetten, de meeschten Kaméidi kënt vun den Autoen an dem Gegröls op der Strooss … an dat giff mech perséinlech och ferme nerven, wann ech pennen wéilt … ok, et kéint een villäicht Ourenstëpp huelen … mee héiert een dann Moies de Wecker, wann een misst opstoen? An wéi ass et mat Kanner, wann déi net schlofen kënnen?
Falls et eng Léisung gët, an du hues jo puer Méiglechkeeten ugeschnidden, déi een ausprobéieren kéint, déi fir béid Säiten akzeptabel wier, sou wier dat natiirlech perfekt! Ech sinn gespaant ob se sou eng fannen …
Ech versti jo och dat et nervt. Ech well och kengem zoumudden mat Ourenstepp ze schlofen
oder seng Fensteren duebel ze verglasen, seng Fensteren huet jo well hoffentlech all Mensch duebel verglast.Wa keng Léisung méiglech ass, dann kann een driwwer schwätzen, mee dat doten ass dach nemmen bornéiert. Mol kucken ob et Réaktiounen gin ob RTL.lu
Ech gin der Recht – Mee ech machen zwar och baal eng Wett, daat déi dooten Méiglechkeeten un den stuuren Letzebuerger ofprallt wéi eng Meck un engem Elefant sengem Allerwertesten…
Kleng Remarque: “d’Sonndeszeitung” (waat ech dovunner haalen wesst dir) ass emmer schon Samsdes online, wiesou och emmer …
Punkto Duebelverglasung: Nach laang net all Mensch huet seng Fenstern doubel verglast, an ech wees op manst vun engem Haus an der Stadt, wou d’Fenstern net doubel verglast sinn. Besonnesch bei aalen Haiser ass daat net emmer immens einfach, wéinst Oplaachen asw. An Draifachverglasung ass souwiesou nach besser fir de Klima, d’Ouren an de Portemonnaie!
Am groussen ganzen ginn ech der Recht, och wann ech d’Rives de Clausen perséinlech net immens gären hunn.
Natierlech mécht et dat. Ech kéint dann och scho rem flippen, wann ech d’Kommentarer liesen “DEN LETZEBUERGER ASS NACH EMMER MAM AUTO OWES OP D’PLAATZ GEFUER.”, an dofir wär Clausen Blödsinn. Mee Clausen bidd Alternativen. An déi 10-Minutten Navette ass jo wuel wierklech eng Alternativ. Mee et gi Leit, déi sin onverbesserlech.
10 Minutten Navette??? Eng Zoumuddung!
Dann léiwer 45 Minutten eng Parkplaatz sichen.
Do sinn masseg Suen investeiert an jet Arbeschtplatzen geschaffen gin. Falls do och nemmen deen klengste Fehler bei den Prozeduren gemach gouf gett den Butteck zou gemach. Resultat den Promoteur geet sech d’Suen (zou Recht) per Gericht fun der Gemeng erem sichen. Bezuelen därfen dann alt erem dei normal Leit an d’Arbeschtplatzen sinn mat fort.
Dir kennt dach all divers europäesch Stied. Ass iech eng Eenzeg bekannt wou eppes Vergleichbares genehmengt an gebaut gouf, ouni dat et mat dem öffentleche Verkeier ereechbar ass? Mier nët. An dei (nodreiglech agerichten) Navette ass net öffentlech! Dei gett esou weit ech wees fun den Cafésbedreiwer an dem Promoteur bezuelt. Ofgesinn do derfun wei kommen ech bei dei Navette, ouni Auto?
P.S. Beim Wort gett Sonndes geschafft, wei geifen se soss d’Zeitung fier Meindes hin kreien? Den Monde kennt zum Beispill Sonndes eraus, dofier Meindes net.
Jein. Däer Platzen gin et, an do erlaaben sech dann d’Stied, den ëffentlechen Transport ze stellen. Dat mécht d’Stad Lëtzebuerg net.
Mécht awer näischt, well d’Cafén sech selwer hëllefen an sech un de Glacis ubannen, eng Plaatz déi mat NENG Buslinnen ugebonnen gett an 1562 Parkplaatzen hues, 1262 dovunner sin suguer GRATIS. Oho. An et fueren 2 Buslinnen direkt viru Clausen. Mee leider ass de Bus net gudd mam privaten Transport ze erreechen.
> Mol kucken ob et Réaktiounen gin ob RTL.lu
Aua … do huet een eng Äntwert mam CAPSLOCK geschriwwen … Ech hunn se dofir net gelies.
Ech hun se gelies an geäntwert. Mee do ass alles moderéiert. Glecklecherweis.
Also dann mol bessi éischt Hand expérience, fir een deen genuch laang am Härzen vun eiser ausgestuerwener Stadt gewunnt huet. Ech well bemierken datt ech mer dat nie erausgesicht hun, meng Eltren iwregens och net (Dengschtwunneg déi un den Job gebonne war).
Et kann ee lo mol net behaapten datt “vill” um Fëschmaart lass war, mee ech ka mech u genuch Owender erënneren (zB virun Prüfungen, ei warren dat nach Zeiten) wou ech bis 1, 2 oder 3 Auer net konnt schloofen, well versoffen Pänz (an de Wëlle Mann ass net onbedengt vu Jughendlechen frequentéiert gin) do versoffen Lidder gebiirelt hun. Police an d’Kafésbesëtzer huet dat wéineg intresséiert, mech schon. Dann ass et sou zimlech all puer Minutten fierkomm, datt iergenten Panzvollist mat 80 de Pavé eropgedonnert ass fir datt en och je keng 5 m ze weit muss laafen fir säin Pättchen. Da get d’Stross blockéiert fir ze parken inklusive getuuts vum nächsten deen awer well lanscht kommen. Dann war eis Garage konsequent zougeparkt, an net all Stross an der Stadt ass Oofschleefwoon gerecht geplangt gin. Oh jo, dann ass et och emmer ganz schéin wann ee Moies d’Entrésdier voll gekatzt/geschass/gepisst huet… dat kent oft genuch fier, keng Angscht.
Sou muss een sech dat fierstellen, an der Stadt ze wunnen, zumindest hun ech et sou erlieft. Ech verstin d’Awunner vu Clausen dofir och. Och do wunnen aal Leit, krank Leit, Kanner, déi all haalen secherlech recht wéineg dovun “datt emol endlech Liewen an d’Stadt kent”. Si sollen sech dann lo op en Desch setzen mat den Organisateuren? Et huet sech secherlech keen mat hinnen am Fierfeld op den Desch gesat wéi se déi Rives dohin gesat kruuten. Natiirlech sin déi Leit roosen, an natiirlech greifen se dann zu deem eenzegen Mëttel, mat deem se villäicht nach eppes ereechen kennen.
Ech wëll eben just soen datt net all Mensch de Luxus huet, sech kennen erauszesichen wou e wunnt. Ech wëll och erausgoen a Spass hun, ouni dass et um 12 Auer eriwwer ass. Ech ennerstetzen och grondsetzlech sou Initiativen. Quite datt ech mech un Stadter Koméidi iergentswann gewinnt hun: ech schloofen ni sou roueg an erhuelsam wéi wann ech zu Berbuerg sin.
Jo Charel, maach jo alles sin, mee mäi Punkt ass dat et aaner Léisungen gëtt an dat een soueppes wéi déi Rives kann hun ouni Stress.
Firun divers Joeren war et genau dat selwecht mam Utopolis. Et ass a mengen Aaen onlogesch esou eppes ze plangen an dann och nach ze genehmegen ouni ze wessen wei d’Leit dohinner kommen.
Mier sinn nun emol eng ländlech Geigend. An datt een am Dag an engem Duerf, daat 20km oder mei fun der Staat ewech leit, all 15Min e Bus kritt ass Luxus. Dass daat Nuets net meiglech ass, ass logesch. Aus deem Grond kommen dei meeschten Leit owes mam Auto an d’Staat.
Deemendspriechend misst bei esou eppes en praktikabelen Transportkonzept fun fier eran ageplangt gin. Obwuel dat wahrscheinlech och keng 100% Leisung wier, wei een bei Appartementshaiser geseit. D’Reglementer gesinn fier dat bei Residencen pro Appartement X Parkplatzen derbei gebaut musse gin. Dann geet den Promoteur awer hin an en verkeeft dei Parkmeiglechkeeten eenzel. D’Resultat ass dat d’Strossen an den Dierfer zougeparkt gin well wann d’Appartement bis bezuelt ass keen mei Suen fier d’Stellplatz huet.
Ech verstinn och Leit dei nierft esou Platzen wunnen. Allerdings ass och keen erfreet iwert eng Deponie an geint en Supermarché gett och eng Ennerschreftenaktioun lanceiert.
Dat ass am Geigendeel fum Transportproblem awer a mengen Aaen net ze leisen well d’Menschen nun emol esou sinn. Ech gin och ganz gären ob esou Plazen wellt awer net dernieft wunnen.
Ech wees net wéi et duermols wor, mee den Utopolis ass elo super mam Bus ze ereechen, Parkplatzen gin et ouni Enn. Uséch misst do a mengen Aen eng Stad vill méi flexibel sin. Wéi eis Uni gebaut gouf (virun 2 Joër, matzen an der Pampa) wor et fir d’Stad Edinburgh keng Fro, dat eng Buslinn géing iwwert de Campus goen, dat ass keng nei, mee eng existéirend déi einfach e Schlenker vu 5 Minutte mecht.
Dat do kee Konzept geplant wor, ass debil an net ze verzeihen. Mee esou wéi et elo ass, ass et gudd geléist, well et e Riesen-Parking ass, an et huet ee kee wierklechen Zäitverloscht. Dat eenzegt wat am Wee steet, ass déi lëtzebuerger Attitude, den Auto emmer mussen a Siichtwäit ze hun. An dat et keng Parkplazen gin, ass eng geographesch Begebenheet vun der Platz, dierf awer kee Grond sin, se versaueren ze loossen. An der Abtei Neumünster gin et och keng Parkplatzen, an awer sin do emmer riesen Fester am Summer. An ze Fouss vum helleg Geescht bis do rower dierft net méi séier sin, wéi mat der Navette vum Glacis rof.
Ech war réit eng Kéier an de Rives de Clausen, an hun uewen um helleg Geescht geparkt. Dat waren dann 5-10 Minutten ze Fouss goen, an de Parking war komplett eidel obwuel et Freides war. Dat war mer op alle Fall vill léiwer wéi 20 Minutten no enger Parkplaatz nobäi ze sichen an um Enn wahrscheinlech awer am Parkverbot ze stoen.
Eng aner witzeg Aktivitéit wann ee mol bei de Rives de Clausen ass: hollt iech Popcorn an e puer Campingstill mat an setzt iech domat bei d’Afahrt vum Parkhaus a laacht déi sëlleg gescheit *räuser* Leit aus déi mat hierem déifgeluechtenen Auto de Buedem ofhuwwelen. Et sinn der méi wéi ee mengt.
Hehe, daat wier dach en genialen liveblogging-Event, fede ;-)
Mech faszinéiert daat ganzt e bessen. Wéi eppes kann scheitren, well et keen ordentlechen öffentlechen Transport ged. An ech woen einfach mol ze behaapten, daat vill Accidenter an Ierger kéint vermidden ginn, wann et méi Late-Night-Busser an Zich(!) géif ginn. Well: Freides Owes um 3 kennt een zwar op Jonglenster an op Kärch, mee net op Ettelbreck.
Wee wëll dann och op Ettelbréck? Da kanns de jo direkt op Dickweiler.
Ech wees net ob et scheitert. Trotz Transportproblem gin d’Leit dohinner. D’Fro ass weisou? Just aus Manktum un Alternativen?
Ech hat eben weinst deene Problemer dermatt gerechent dat dat Ganzt relativ seier geif ofhuelen. En Samschdeg firun enger Woch war et awer struppvoll. Geparkt hate mer iwreens och am Helleg Geescht. Ass natirlech neischt fier Leit dei an der Deischtert färten respektiv net gudd zoufouss sinn.
Beim Utopolis war am Ufank deen selwechten Chaos. D’Foire hat versprach den Parking ob ze machen, huet dun awer bis deif an d’Nuescht eran kasseiert an hat eng gudd Zeit esou guer ganz zou. Den Auchans Parking war Nuets komplett zou. Wei et mam P+R war wees ech net mei, erennere mech awer do alt emol no Parkplatzen hun missen ze sichen. An Late Night Bussen an ähnleches sinn et keng gin, jidefalls net fun do wou ech wunnen.
Dat mat Ettelbreck verstinn ech guer net. Do misst dach wirklech all Stonn en Zuch hin fueren. Dann kennt een jo och net ob Diekirch an ob Miersch? Et ass jo net ewei wann do keen geif wunnen.
Chris, zu Ettelbreck ass emmer eng lass. Wann alt keen “gepickt” ged, dann steht alt d’Police samt Unité Spéciale virum Nopeschhaus an versicht eran ze kommen (et huet awer keen opgemaach!).
Den leschten Zuch fiert um 23:50, den eischten (Samsdes) em 4:50, Sonndes natirlech nach méi speit.
Ech kréien als Äntwert op den Problem emmer nemmen “Dach maach dach endlech de Führerschain!” ze héiren ;)
Ech si vläit schon ze midd, mais ech hoffen dat hei: “[Helleg Geescht] Ass natirlech neischt fier Leit dei an der Deischtert färten respektiv net gudd zoufouss sinn.” war ironesch gemengt …