E virale Video mat engem dramateschen Hamster. Klick fir de Video.

E virale Video mat engem dramateschen Hamster. Klick fir de Video.

Virale Marketing – eigentlech besser Viral Reklamm – ass eng genial Saach: et mécht een eppes witzeges, wou iergendwou ob eng Mark – offensichtlech oder net – obmierksam gemaach gëtt, an d’Leit këmmeren sech, soubaal de Steen ugestouss ass, selwer em d’Verdeelung.E Beispill ass deen heiten Video vum Taylor Momsen, engem US-Celeb, dat am Parkour-Stil virun Reporter flücht. Mee dësen Video wäert net a Lëtzebuerg funktionéiren, well hei keen d’Taylor Momsen kennt, an de Video selwer awer net cool genuch ass, fir dat et weidergeschéckt gëtt. Wann dat doten d’Marie-Therèse wier, wier de Video elo schon ob allen Blogs. Also froën ech mech: Funktionéiert Viralen Marketing hei am Land -  a wann jo, wéi?

Dat einfachst ass, Saachen ze kucken, déi viral woren, ouni dass dat gewollt wor. An dat ass guernet sou einfach, ech géing Iech bieden, an de Kommentarer Saachen ze vermierken, déi ech iwwersin hun. Mäin absoluten Favorit ass de Klassiker vun de Flicken déi wéi debil Moooooiiiiiiieeeeeeennnn an d’Kamera brëllen, dat Déngen ass fir t’éischt als eMail verschéckt gin, an wéi YouTube bis akzeptéiert wor och masseg iwwer YouTube gaangen. Wann ee kuckt wéieng Videoën mam Keyword “Luxembourg” ob den Top-Platzéirungen sin, fennt een komescherweis ob Platz 5 och ee Video vun engem Lëtzebuerger, deen an enger Mähdrescher-Simulatioun Wees ernten geet. Kee Schaiss, fir all déi aus dem Osten: Jo, et ass de Fries. Wéi dat ze bewäerten ass wees ech net. Dann ass et nach déi Geschicht mam Yeti a Lëtzebuerg gin, wou een e vermeintlechen Yeti filmt, ma wann dat net mol den Di Bartolomeo wor. Dann gin et d’Kanner, déi de Geck mat enger aaler Fraa maan, e Spill wat ob der Fouer freckt an de Max, dien eng Fréndin sicht. Legendär ass de Jong, deem alles egal wor, hauptsaach eng Gänz. An alles wat eisen Premier betréfft, sief dat dass en den Préjudas auserneen hëllt, Kentucky schreit ficken zitéiert oder dem Berlusconi eng ob d’Bomm gëtt, dee kennt emmer gudd un.

Mee eng wierklech Viral Reklamm kennen ech net. Soot mir wann ech falsch leien. Eng Lëtzebuerger Agence, Culture-Buzz, Deel vun der Vanksen Group huet séch doran probéiert, an ënner aanerem probéiert, en gemeinsamen Punkt an der lëtzebuerger Bloggerszene ze bilden an ass dobäi groussaarteg gescheitert. Zwar hun se een Treffen organiséiert, wou suguer de Joël obgetaucht wor, déi effektiv bei den Medien (RTL, France 2, Wort, Woxx a sou weider) vill Couvrage krut, mee leider vun den Alphadéiren vun der Blogszene net ugeholl goufen. Mir woren alleguerten do, hun eis gefreet eis ze gesin, hun interessant Leit kennen geléiert (virun allem de Jean-Jacques Subrenat) an dat wor et. Et woren also Leit do, et woren Pressmenschen do an gudd Schnittercher, an awer ass de Projet Blogdelux gescheitert? Firwat? Vanksen si jo anscheinend nawell ganz capabel Leit?

Wëll se Lëtzebuerg net verstin!

Viral marketing ass net kontolléierbar, dofir kënnen sou Saachen immens erfollegräich gin. Mee grad sou schwéier ass et, den Erfolleg viraus ze soen, well Viral Marketing esou affin muss sin, dass de Client d’Saach vu séch aus matmecht. Wann ech am Kino eng Reklamm vu Luxlait gesin, hun ech kee Choix se ze kucken. E Video muss awer vill méi uspriechend sin, fir et weiderzeschècken. An dat ass schwéier. Et gin Agencen a Lëtzebuerg, bei deenen ech den Androck hun, se verstin d’Lëtzebuerger, an ënnert deenen allem virun Binsfeld an Mikado (och wann ech leschten Kéier an der Coffee Lounge un engem Dësch sutz wou niewendrun zwou Binsfeld Employéen sech obgereegt hun das “de Marc” emmer nemmen blond Fraen géing astellen) déi Reklammen man déi (mat Ausnahmen) uspriechend sin. Mee d’Lëtzebuerger sin e schwéiert Vollék, mir sin wéineg, hun en immensen Hannergrond, vill Sprochen an vill verschidden Gesiichter, vläit méi wéi iwwerall soss. An dat mécht et schwéier, gudden Marketing ze man, well mer onendlech segmentéiert sin.

An dat mécht a mengen Aen Viral Marketing onméiglech. Mir hun eng katastrophal Blogsphär: Jhiddereen kennt jhiddereen, an entweder du bass en Deel dovunner oder net. Mir hun ausserdem kaum Alphablogger déi eng Muecht hun, sou wéi een dat an Däitschland kennt oder nach méi an de Staaten. Mir hun wéineg Communities, ausser ZAP.lu gëtt et net méi villes, an d’Méiglechkeeten fir do eppes virales ze man, si begrenzt. Et ass also schwéier eppes ob eis zouzeschneiden.

Well wéi missten d’Saachen sin dat se gefaalen? Huelen mer de Video mat der Gänz: Se mussen natierlech kreativ sin, a witzeg. Se mussen d’Lëtzebuerger Eitelkeet zervéiren. Am beschten och an eiser Sprooch. Sou wéi den T-Shirt Shop bei der Bom um Eck, dee säit Joëren genial Shirts mécht. Wann eng Campagne dat packt, ass e Schrétt gemaach. Mee wéi kritt een se an d’Rullen? Falsch Identitéiten déi Saachen posten sin zumols an engem klengen Land schwéier, wann et géing obfléien, wier een diskreditéiert. D’Blogosphär? Pah, do wees keen, wéi se wierklech funktionéiert an et gi keng Statistiken wien se liest, ass et iwwerhapt méiglech mat eis Obsehen ze erwecken? Facebook? Vläich. Dem Chris seng “You know you’re from Luxembourg when…”-Grupp ass viral gin, maach dat mol een noo. Eveant funktionéiert och sou. Mee och déi zervéieren haargenee déi uewen genannten Faktoren. An elo, wa mer et tatsächlech gepackt hun, eng viral Geschicht un d’Rullen ze kréien, wien profitéiert dovunner. An kritt een eppes ob säin Investissement fort? Wann ech e Video man deen 500 Milliounen Leit kéint uspriechen (dat ass d’Bevölkerung vun den USA) wéi deen vum Tyler Momsen dann eloeng Millioun Impressions kritt an déi Campagne 20′000 Dollar kascht huet, muss vun däer enger Millioun Leit, muss Nike dofir 1000 Puer AirMax verkaafen (wa mer dovunner ausgin dat 70 Euro Schung Nike 20 Dollar d’Puer bréngen). Dat ass ee Promill vun der ereechtener Bevölkerung, 0,0002% vun der Gesamtbevölkerung. Plus den Imagegewënn. An wat sin 20′000 Dollar fir Nike. Wann een elo 0,0002% vun der Lëtzebuerger Bevölkerung als Keefer rekrutéiren well, dann sin dat 0.8 Awunner, deen e puer Turnschlappen fir 20′000$ kaafe muss.

Natierlech ass dat eng Mëllechmeederchersrechnung an féiert dat ganzt ab absurdum. Do gin et nach 10000 Faktoren an déi Beträg sin an d’Gréngt gerooden. Et soll einfach just weisen, wat beim Viral Marketing den Trick ass: Vill Leit bëlleg ereechen. An a Lëtzebuerg gin et net vill Leit, an wann ech den Choix hätt eng Reklamm bei Binsfeld ze buchen wou ech wees, dat se herno jhiddereen kennt (Fernand Fox geet ëmmer, leeft elo eigentlech nach d’Reklamm mam Thierry senger Fotell?), oder eng Viral Marketing Campagne, déi suguer wann se klappt net de gewënschten Impact huet, géing ech déi klassesch Reklamm buchen. Déi Gaardenzwerger an der Stad fir Tele2 sin un de Blogger laaschtgaang. Well just ee Véirel vun de Lëtzebuerger iwwerhaapt an “der” Staad wunnt.

Schlussendlech ass Viral Marketing a Lëtzebuerg a mengen Aen extrem delikat ze plangen. Eng Chance wier et awer, Publicitéiten prinzipiell ob YouTube ze setzen an ze hoffen dat een se obgräift. Sou wéi ech dat lo mat der Bofferdéng-Reklamm man. Bofferdeng wier do Kandidat, mee hun en aneren Problem: Egal wéi gudd d’Reklamm ass, soulaang Bofferdéng sou schmaacht wéi Bofferdéng numol schmaacht, wäert ech et net kafen. Mee ech bezweifelen dass eng geplangten viral Marketingcampagne wierklech Sënn géing man. Wat denkt dir?