Ech hat jo well ugekënnegt, dass ech d’50 Muséker/Bands vum Joerzéngt oplëschte wéilt. A mat ärem Seegen, man ech dat da lo och. Natierlech muss een em puer Regelen observéiren, wann een e Monsterprojet, wéi eng Lëscht eben ass, an Ugrëff hëllt. Déi wieren an desem Fall:

  • an d’Wertung alafen just Muséker, deenen hieren éischten Album fréistens 2000 publizéiert gouf. EPs zielen hei net, et kënnt just op propper Alben un. Äddi: Muse, Oasis, Radiohead, Red Hot Chili Peppers, Death Cab for Cutie, Tocotronic, Noir Désir, Louise Attaque, Daft Punk, Bob Dylan, The White Stripes, Faithless, Outkast, Sigur Rós, etc.
  • sou leed et mer deet, mee insgesamt hunn ech just Artisten mat internationalem Standing afléisse geloss. Dat ass vläicht net ganz am Sënn vum Erfinder, mee ech denken, dass et insgesamt méi dorëmmer geet eng international méi wäit gefächert Aflossnam a Betruecht ze zéien. Äddi: Wir sind Helden, Sportfreunde Stiller, Kettcar, Curse, Locas in Love, Starflam, Cali, Raphaël.
  • fir méng Wertung z’erstellen hunn ech méng eegen iTunes Library, last.fm an acclaimedmusic.net ofgeklappert. Komplettheet an Objektivitéit beusprochen ech net wierklech – ech denken awer, dass ech e gudden Duerchschnëtt fonnt hunn.

Domadder zu der éischte Formatioun an eisem Countdown: The Dø. Nee, déi sinn net aus Dänemark, mee aus Frankräich.
D’Grupp besteet aus dem Dan Levy an dem Olivia Merilahti, an wat se man, däerf ee wuel als Avant Garde/Indie/Pop bezeechnen. Den éischten Album “A Mouthful” ass 2008 an d’Buttéker komm an enthält och hieren absoluten Iwwersong “On My Shoulders”, deen schon 2007 als Single verëffentlecht gouf.

Méi Lidder vun hinnen fannt der natierlech och op Myspace. Firwat The Dø an der Lëscht sinn? Well hir Musék ganz einfach modern an awer klassesch ass – se erënneren un déi fréi Cardigans, a sinn trotzdem komplett am 21. Joerhonnert verankert. D’Kombinatioun vun engem Mann/Fra Duo ass eng ëmmer rem optauchend Phänomen vun der Musék aus de läschten 10 Joer, wéi et se virdru wéineg gouf – et sief dann a Popkatastrophen wéi Kylie Minogue/Jason Donovan oder Sonny & Cher.