Ech sinn dobäi eng Lëscht vun de 50 wichtegste Musékacts vum Joerzéngt opzestellen, dat heescht vun de Joeren 2000-2009. Et ass net all ze einfach, a lo stellt sech mir eng extrem wichteg Fro: soll ech Muséker a Bands aschléissen, déi virun dem Joer 2000 Alben publizéiert hunn (z.B. Red Hot Chili Peppers, Daft Punk), oder soll ech mech ganz op déi Bands a Kënschtler beschränken, déi souzesoen Kanner vun den 00er Joeren waren (z.B. Franz Ferdinand, Bon Iver)?
Sot dir mir!

Dat Zweet géif ech méi logesch fannen. Well soss misst du nämlech och Led Zeppelin an deng Lëscht ophuelen.
Dat Zweet.
Dat zweet. MEE fir dat eischt muss de awer och nach eng Lescht man.
Dir sitt iech scho bewosst, dass ech da wichteg Bands, déi d’Joerzéngt eendeiteg geprägt hunn (Radiohead, Daft Punk, Tocotronic, Muse, z.B.) net an d’Lëscht ophuelen?
Mee äre Wëllen ass mir Befehl. Ech waarde mol nach, wéi de weideren Echo ass.
Jo, ech wees dat déi dann net obtauchen. Mee Tocotronic kennen sech roueg mat den Rolling Stones an sou weider moossen. An dJoerzegt ass jo glaich riwwer…
ech sin och fir dei 2t Approche.
d’90er kennen ech auswenneg.:)
Daat zweet. Och wann d’Nonzeger esou schéin-schrecklech waaren.
Wann dat Gruppen sin, déi d’Joërzengt geprägt hun duerch een Album deen an däer Zait rauskomm as, kéins de déi roueg mat ophuelen, fannen ech.
Ech ziele mat. Et steet: 5-2. Ech sinn neemlech dem benem sénger Meenung.
Hei eng Iddi: ech erstellen eng Lëscht vu 40 Bands/Muséker, déi ausschließlech an desem Joerzéngt aktiv waren an eng weider Lëscht vun 10 mat Formatiounen, déi schon éischter do waren an dest Joerzéngt awer matgeprägt hunn?