Zeguer als bekennend absolut onmusikalesche Mensch kommen ech net dolaanscht ze gesin wéi daat grandiost Hallelujah vum Leonard Cohen mol rem eng Kéier  zreck an d’Charts bruecht gett. Ech sin emmer rem frou daat Lidd ze héieren, well ech et immens fannen an well Coveren och emmer eppes feines sin.

D’Times an secher en ganze Koup aaner Zeitungen an Magaziner sichen lo natierlech déi “bescht Versioun”. Daat ass wéi déi “bescht Lieblingsfaarw” ze sichen. Well ech awer wollt wëssen wéi d’Lidder sech am drekten Verglach unhéiren hun ech mech mol duech Youtube (an Times Online) gekuckt an sou munches fonnt.

Héi déi verschidden (mol méi, mol manner serieux) Versiounen:

(Ech kennen verschidden Interpreten net, waat et emsou méi interessant mecht.)