Vum Stamminet an der Wikipedia:
Ech krut haut de Moien um 8:53 Auer vun der IP 213.135.244.90, e Message op menger Diskussiounssäit hannerlooss, datt “je vous mets en demeure, par la présente, de supprimer avec effet immédiat toute référence à ma personne de votre « encyclopédie » et ceci dans les 24 heures. Als Grond gouf uginn, “La page et les rubriques y afférant constituant un ramassis de ragots, d’imprécisions, de diffamations, de calomnies et de contre-vérités.”
Dozou wëll ech bemierken:
D’Wikipedia ass e gemeinschaftleche Projet, wou jidderee matschaffe kann. Hei eng méi ausféierlech Explicatioun (op Englesch), wat Wikipedia ass a wat net: en:Wikipedia:About.
Am “Historique” vun enger Säit (Reider “Versiounen”) kann een noliesen, wien wéini wat an engem Text geännert huet. Deen a Fro gestallten Artikel gouf, wéi am Historique nozeliesen, dacks geännert an ergänzt.
Gouf eppes dohi gesat, wat net de Wikipedia-Kritèren entsprecht (objektiv an iwwerpréifbar Informatioun ze sinn) gouf et, wann et bis gesi gouf, vun anere Mataarbechter nees ewechgemaach oder gännert.
En Administrateur ass kee Chefredakteur. Hien ass e fräiwëllege Mataarbechter un deem Projet, wéi jiddereen aneren och, deen e puer méi technesch Méiglechkeeten huet wéi en “normale” Mataarbechter (kuckt: Wikipedia:Administrateuren). Verantwortlech fir den Inhalt ass déi jeweileg Persoun, déi bestëmmte Passagen oder Artikelen dohi geschriwwen huet.
Zënter de Moie sinn e puer Leit am Gaang, d’Informatiounen am betraffenen Artikel, wéi en elo do steet, ze iwwerpréifen. Déi Inforamtiounen baséieren op anere Publikatiounen oder goufe vun deenen, déi s’eragesat hunn, recherchéiert.
Ech kann bei deenen Inforamtiounen, esou wéi se am Moment (dh. an der Versioun vun [[1]] do stinn, näischt feststellen, wat “ragots, imprécisions, diffamations, calomnies [a] contre-vérités” wieren.
Aus deem Grond gesinn ech keng Ursaach, deen Artikel ze läschen. Wat ech kinnt proposéieren ass, wann déi betraffe Persoun näischt un deem Inhalt, esou wéi en do steet, auszesetzen huet, d’Säit fir weider Ännerungen ze protegéieren, sou dass eng “konsolidéiert Versioun” do stéing. Ween dann eppes ännere wéilt, misst dat op der Diskussiounssäit explizéieren.
Zensur war nach ni eng gutt Léisung. –Zinneke 11:26, 5. Dez. 2008 (UTC)
- D’accord mam Zinneke. Cayambe 12:39, 5. Dez. 2008 (UTC)
E puer Stonne méi spéit
Den betraffenen Artikel gouf provisoresch duerch e Message ersat. En anere Wikipedia-Maraarbechter huet mat der betraffener Persoun geschwat. En inhaltlech “waasserdichten” Text ass an der Maach a gëtt an deenen nächsten Deeg eropgesat. Domat ass dann hoffentlech d’Diskussioun ofgeschloss. –Zinneke 14:38, 5. Dez. 2008 (UTC)
Fro 1: Wat ass geschitt?
Nodeem gëschter eng 17. verbessert Versioun vum Artikel iwwert de Jean Nicolas am Joer 2008 op der Wikipedia publizéiert gouf, ass den Artikel haut duerch e Message ersat ginn:
Op dëser Säit stoung en Text, deen de 5. Dezember vun der IP 213.135.244.90, déi mat “Jean Nicolas” ënnerschreift, erausgeholl gouf
Nach emol: wat ass geschitt?
Äntwert: de Jean Nicolas (oder eng Persoun, déi behaapt heen ze sinn) huet den Artikel iwwert hien vun der Wikipedia geläscht an beméit sech lo eng Versioun, déi him gefällt online ze setzen. Hien huet ënnert anerem juristesch Schrëtt géint den Administrateur vun der Wikipedia ugekënnegt, sollt keng Léisung a séngem Sënn fonnt ginn.
Fro 2: wat fir eng Ännerung um Artikel huet en dozou bewegt?
Äntwert: Gëschter gouf säin Artikel folgendermoosse geännert. Wou virdru stoung,
1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.
stoung spéider:
1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. geleegentlech als Informatiouns-Iwwermëttler fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.
Fro 3: Kann déi Ännerung alleng de Jean Nicolas (oder déi Persoun, déi behaapt heen ze sinn) zu där Reaktioun bewegt hunn?
Äntwert: Anscheinend jo. Opmannst kann et net vill méi gewiescht sinn. Den 29. August 2008 ass den Artikel neemlech vun der nämlechter IP, déi d’Läschung haut virgeholl huet, miniscule geännert ginn. De Gedanke läit no, dass dëst och de Jean Nicolas (oder déi Persoun, déi behaapt heen ze sinn) war. Zu deem Moment schéngt den Artikel awer na net e “ramassis de ragots, d’imprécisions, de diffamations, de calomnies et de contre-vérités” gewiescht ze sinn. Soss hätt d’Läschung deen Dag scho misse kommen. Zënter hir sinn neemlech grob gesinn just déi hei schon diskutéiert Ännerung an dës, déi mer virun e puer Wochen ugeschwat hunn, dobäi komm.
Fro 4: Ass d’Ännerung vu gëschter berechtegt gewiescht oder falsch?
Äntwert: Jo an nee. Jo, well wéi de Spiegel matzedeelen huet:
Sehr geehrter Herr ______,
vielen Dank für Ihre E-Mail. Leider kommen wir erst heute dazu, Ihnen zu
antworten.Jean Nicolas hat in einigen wenigen Fällen Informationen zugeliefert. Er
war nicht beim SPIEGEL festangestellt.Mit freundlichen Grüßen
Jörg R_____
Leser-ServiceSPIEGEL-Verlag Rudolf Augstein GmbH & Co. KG
Effektiv huet de Jean Nicolas also ni fir de Spiegel geschafft. En huet Informatioune geliwwert, net fir se geschriwwen. An dat ass et ëmmerhin, wat säi Beruff ass.
Nee, well fir de Rescht vun der Ausso hunn ech selwer keng Beweiser virleien an an der History vum Artikel gouf et och keng weider Hiweiser dorobber, dass um Rescht vun der Ausso eppes ze réckele gewiescht wier.
Fazit: Wat mer heirauser schléisse kënnen ass interessant (soufern et sech net just em eng Persoun handelt, déi behaapt de Jean Nicolas ze sinn):
1. De Jean Nicolas manipuléiert d’Informatiounen, déi et iwwert e gëtt.
2. De Jean Nicolas wëll, dass d’Bild iwwert heen, sénger Meenung konform ass.
3. De Jean Nicolas huet anscheinend d’Mechanismen vum propper recherchéierten Internet net verstan.
[UPDATE (20/12)/15:02]: Ech hu mech giert, ech hunn d’Mechanismen vum Internet wuel net verstan. Dat kuscht neemlech a Lëtzebuerg, soubal ee blärt. Lamentabel wéi d’Wikipedia sech lächerlech mécht an sénger eegener Ideologie Stierfhëllef gëtt.
Links zum Thema:
- D’Biller an der Letzebuerg Privat an de Jean Nicolas a séng Vergaangenheet (Pianocktail)
- Letzebuerg Privat fellt Wanterlächer (Pianocktail)
- Geldstrofen an Deelwourechten (Pianocktail)
- Letzebuerg Privat am Facebook-Krich an dem Jean Nicolas seng Schéinheets-OP an der Wikipedia [Update] (Pianocktail)
- Artikel “Jean Nicolas” an der Wikipedia
- History vum Artikel
- Benotzer Diskussioun: Les Meloures
- De Stamminet

Weider sou. Richteg spannend, die Geschicht! Nach eng Kéier Respekt :)
Wat sin d’Motiver? Wien ass deen ominéisen “Jean Nicolas” ob der Wikipedia? Ass et hien oder en Trettbriedfuerer? An firwat ass am Block Vis A Vis schon erem Feieralarm?
Ausserdem huet de Jean Nicolas ganz offensichtlech d’Prinzip vun der Wikipedia net verstan. Wéi schon gesot ass den Administrateur “just” en Admin a soss näischt, a keen dee dofir strofbar ka gemach gin wat aaner Leit an d’Wiki schreiwen – dat ass de Prinzip. Ech fannen och déi Aart a Weis an dat Virgoen an deen Toun zimmlech verzweifelt.
Desweiteren: Firwat wellegen d’Admins vun der letzebuergescher Wikipedia an, heen säin eegenen Artikel schriwen ze loossen, ass dat net schwach vun der Letzebuergescher Wikipedia?
An kéint de Jean Nicolas mol drob agoen, WAT falsch ass?
Wann et hien iwwerhapt ass.
Alles valabel Froen! Kann een die letzebuergesch Admins sou liicht aschüchteren?
Anscheinend.
Zum Update: di lëtzebuergesch Wikipedia huet a mengen Aen definitiv all Glafwürdegkeet verluer, a wann ech vierdrun gär drop zreckgegraff hunn, sou wäert ech se vun elo u meiden.
Och rëm e *perfekt* Beispill dofier dass Wikipedia eben och nët als zouverlässeg Quell fier akademësch Aarbeschten benotzt ka ginn.
Wat do ofgelaf ass, ass einfach lächerlech. Fier d’Wiki.
Eng interessant Observatioun zu den Editeuren vun der Wikipedia: http://tinyurl.com/99c7te
—-
Wales decided to run a simple study to find out: he counted who made the most edits to the site. “I expected to find something like an 80-20 rule: 80% of the work being done by 20% of the users, just because that seems to come up a lot. But it’s actually much, much tighter than that: it turns out over 50% of all the edits are done by just .7% of the users … 524 people. … And in fact the most active 2%, which is 1400 people, have done 73.4% of all the edits.” The remaining 25% of edits, he said, were from “people who [are] contributing … a minor change of a fact or a minor spelling fix … or something like that.”
——
No Zap.lu gett lo an der neier Ausgab laut luxprivat.lu op facebook geschoss.
Op do wuel och eppes dra steet iwwert ee gewessen Tim Eweart?
Ass ze bezweifelen, wanns de op hirer homepage nokucks steet jo nemmen do: ‘Neuer Karrierekiller: Facebook – Wenn der Chef vorm Bewerbungsgespräch oder der Fiskus schnüffelt’. Et kennt effektiv vir, datt e Patron Recherchen iwwert e potentiellen Employé op Facebook mecht, virundeems en en astellt, mee wann Facebook fir verschidde Leit zum ‘Karrierekiller’ get, da sin déi méi domm wéi hir Féiss. All Mënsch ka sech op Facebook säi Profil fir Friemer späre loossen, do kënnt net mol de Fiskus drun. Also rem eng Kéier komplett onnéideg fir en Artikel doriwwer ze schreiwen.