D’Letzebuerg Privat ass ëmmer rem interessant, zumols wann een probéiert e Bild ze kréien vun dem, wat do gespillt gett. An der Lëtzebuergescher Wikipedia steet zum Jean Nicolas senger Carrière

Dono huet en als fräie Journalist fir verschiddenen Zeitunge geschafft, dorënner déi vum belsche Grupp Sud Presse. 1998 huet e fir den däitsche Focus geschafft, vun 1999 bis 2002 ë.a. fir de Spiegel, d’ARD, France 2, a VSD.

Déi Behaaptungen goufen fir d’éischte Kéier vun engem User namens “Him self” obgestallt. Ob et sech dobai em de Jean Nicolas handelt, wësse mir net. An der Facebook Grupp “Jean Nicolas”, déi verschwonnen ass, stoung ausserdem dobäi dass en fir de Stern an fir de Guardian – déi offiziell Pianocktail-Lieblingszeitung – geschafft hätt. Dank der Recherche vum Chris an vun eisem Londoner Büro, dem Joki, hu mir rausfonnt, dass en effektiv mol eppes fir den Guardian gemaach hat, dat wor 1999. Weiderhin hun eis Recherchen erginn, dass den Jean Nicolas effektiv mol an engem Interview am Spiegel dra wor wou hien erklärt dat hien en Guttmënsch ass an dem belschen Vollek d’Wourecht schëlleg ass. D’Sekretärin aus der Chefredaktioun vum Stern widderleet allerdéngs d’Behaaptung (déi ob Facebook gemaach gouf, an kee wees, wien se gemaa huet) dat de Jean Nicolas mam Stern geschafft huet, och wann en dat gären hätt:

Nach einigen Recherchen kann ich Ihnen mitteilen, dass unser niederländischer Kollege Albert Eikenaar Herr Jean Nicolas tatsächlich kennt und Kontakt zu ihm hatte. Letztlich ist es aus verschiedenen Gründen aber nie zu einer Zusammenarbeit mit uns zustande gekommen. Jean Nicolas hat wohl über verschiedene stern Kollegen immer wieder Kontakt zur Redaktion gesucht, letzlich ist aber nie etwas dabei herausgekommen.

Et ass also wuel offensichtlech eng Zäit gin, an däer de Jean Nicolas sech dem méi seriöen Journalismus higinn huet. Dovunner ass an der Letzebuerg Privat net méi vill ze gesin. Dat gellt enner aanerem fir den Layout an de Choix vun de Biller. Zwar ass de Layout zanter der éischter Ausgab emmer manner schlecht gin, mee och elo nach nach emmer typographesch an layouttechnesch eng Katastroph. Eisen Aussenreporter aus Glasgow-Murano, de Fede, huet mol einfach probéiert, mat offensichtleche Suchbegrëffer bei Google Images d’Biller* ze fannen an huet dofir eng kleng Fotomontage gemaach.

Googlemania

Googlemania

Mir behaapten natierlech net, dass d’Redaktioun vun der Letzebuerg Privat hier Biller bei Google “sichen” geet. Et kéint och Yahoo oder Lycos oder Alltheweb sin. Oder et kéint Zoufall sin, dass all déi Biller déi d’Letzebuerg Privat benotzt och bei Google ze fannen sin. E puer Biller sin dobai vu groussen Agenturen wéi GettyImages oder DPA. Mir hu mol einfach ee Bild vun der aktueller Ausgab geholl an d’Foto vun dem Cloachard gekuckt. D’Sich nom Wuert “Bettler” bei Google Images brengt eis en Treffer bei der Münsterschen Zeitung, do steet drenner dass d’Bild der DPA gehéiert. Dat steet awer net an der Letzebuerg Privat.

Eng Mataarbechterin aus dem Copyrightzentrum vun der DPA huet eis verséchert, dass d’Quell – egal wéi – ëmmer ëmmer ëmmer muss mat ugi sinn. Dat Bild do staamt laut DPA och mat 100%er Sécherheet vun engem vun hieren Fotografen. Dat selwecht verséchert eis den Sales-Agent vun der DDP. Enner aanerem dat Teaserbild vun den Prostituéierten ass vun der DDP, Zitat: Selbstverständlich ist jeder, der unsere Fotos veröffentlicht verpflichtet auch eine korrekte Quellenangabe anzugeben (von Bezahlung mal ganz zu schweigen).

Kann een just hoffen dass d’Letzebuerg Privat dat Bild bei engem Partner vun der DPA an der DDP kaaft huet, soss hun se sech net nemmen strofbar gemach wéinst net-ugin vun Copyrights, mee och wéinst Diebstahl vun intellektuellem Eegentum.

* Wuelverstan ass dat do e Beispill vun der Titelsäit vun enger eenzeger Ausgab. Déi 104 bis well publizéiert Ausgaben hunn normalerweis eng Déckt vu méi wéi enger Säit an sou kann een domadder rechnen, das bis ewell wuel opmannst 2000 Säiten an deem Genre an de fräie Verkaf gaang sinn.