Den Henry Selick ass bekanntlech de Regisseur vu méngem allerléifsten animéierte Film vun allen Zäiten The Nightmare Before Christmas. Am Februar 2009 kënnt säin neisten Stop-Motion Wierk Coraline raus, wouvunner den Trailer haut Première feiert. Nodeem 2007 an 2008 e gutt Joer fir Animatioun woren (Ratatouille, Persepolis, The Simpsons Movie, Kung Fu Panda, Waltz with Bashir, Wall-E), schéngt 2009 eventuell nach eng dropsetzen ze kennen, vu dass nieft dem Selyck séngem neisten, nach Up vu Pixar, 9 vu Focus Features, an och dem Robert Zemeckis séng Motion Capture Versioun vun A Christmas Carrol mam Jim Carrey an der Haaptroll, sech d’néchst Joer d’Éier ginn. Weider Iwweraschungsfilmer sinn natierlech och da rem z’erwaarden.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.