Wéi der vläicht wësst, sinn ech e groussen Amateur vum spueneschen Auteur Pedro Almodóvar. An – ech hat et scho rem ganz vergiess, mee – hee schreiwt e Blog.
Do kënnt der op Spuenesch, Englesch a Franséisch séng Gedanken während séngem Schafensprozess u séngem neie Film Los abrazos rotos mam Penélope Cruz, Lola Dueñas a mam Blanca Portillo, déi allen dräi och a Volver matgespillt hunn, noliesen. De Film soll 2009 an de Kinoen erschéngen.
Ze fanne sinn niewent enger Erklärung zum Titel vum Film och Fotoen vum Shooting, wéi zum Beispill déi heiten op deenen en verschidde Frisuren um Penélope Cruz ausprobéiert:

Virun deem de Film an de Kino kënnt, trëtt d’Penélope Cruz awer nach am Woody Allen séngem Vicky Christina Barcelona op. Dozou seet den Almodóvar:
I’ve got no right to stick my nose into other people’s business, but someone should tell my adored Woody Allen that the title of his “Spanish” film doesn’t mean anything in Spanish. In my humble opinion, it isn’t a good or bad title, it’s a non-title.
Wéi wouer…

Mais Vicky Christina klengt jo och einfach no 2 Nimm. Sollt dat dann eng Bedeitung hunn? :-o
Nee, ech denken net. Mee den Titel ass awer keen Titel fir e Film, oder?