Okay, mer sinn 2008. Ech wees. Mee trotzdem ass d’Filmjoer 2007 nach net riwwer, well d’Filmer an Amerika an Europa net simultan rauskommen. Dat ka schon extrem nerven.
No laangem Hin an Hir, hei da lo d’Top 10 vum Joer 2007. D’Plazen 10-6 sinn numeréiert, 5-1 alphabetesch fir Spannung ze kreéiren bei de Pianocktail Awards.
#10
INTO THE WILD
(Sean Penn)

#9
RATATOUILLE
(Brad Bird)

Ech sinn ëmmer e Frënd vun animéierte Filmer gewiescht, krut an de läschte Joeren awer e bëssen d’Flemm domadder. Dëst Joer hunn awer dräi wonnerbar Filmer mer de Glawen an d’Animatioun remginn. Vun deenen ass sécherlech Ratatouille wéinst sénger artistescher Perfektioun an der wonnerbarer Geschicht mat endlech rem enger Moral fir Kanner, de beschten.
#8
SWEENEY TODD: THE DEMON BARBER OF FLEET STREET
(Tim Burton)

Den Tim Burton kann et nach. A vergaangene Joeren ass e méi wéi eng Kéier dru gescheitert mech mat sénger mystescher Welt ze begeeschteren, mee Sweeney Todd ass en Treffer riicht an d’Schwaarzt. Net nëmmen ass et dat beschte vun den insgesamt iwwerduerchschnëttlech villen a gudde Musicals dëst Joer, mee e spillt och ganz vir mat, wann et drëms geet, wéiee Film de schauregste vum Joer ass.
#7
THE BOURNE ULTIMATUM
(Paul Greengrass)

Mat der Bourne Trilogie hunn de Matt Damon, den Tony Gilroy an de Paul Greengrass sech op éiweg eng Plaz a méngem Häerz erspillt. D’Filmer sinn allen dräi voller Spannung, faszinanter technescher Aarbescht an immense schauspilleresche Leeschtungen. The Bourne Ultimatum setzt d’Kiischt op de Kuch an toppt séng exzellent Virgänger nach. D’Fro ass: kënne se e véierten Deel vun däer Klass man? Wa jo, dann hu se sech en Denkmal an der Filmgeschicht gebaut.
#6
JUNO
(Jason Reitman)

Bei Juno hunn ech selwer missen zweifelen, wéi gutt ech de Film wierklech fannen. Ech sinn en duerchgaang an duerchgaang a schlussendlech zur Iwwerzeegung komm, dass e wierklech sou gutt ass. Wéi domm hätt e Film mat der Thematik vun Juno kënnen ausfalen. Mee nee, et ass e léiwe Film mat ganz vill Häerz, iwwert e Kand, deem d’Saachen iwwert de Kapp wuessen, ginn.
An déi fënnef bescht Filmer vum Joer an alphabetescher Reiefolleg fir d’Spanung bei de Pianocktail Awards oprecht ze erhalen. (PS: Do sinn all d’Nominéirunge well raus. Gitt se kucken.)
THE ASSASSINATION OF JESSE JAMES BY THE COWARD ROBERT FORD
(Andrew Dominik)

E Film vun enger onbeschreiwlecher Schéinheet an onfaassbarer Déift ass The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford. De Casey Affleck an de Brad Pitt erwecken zwou legendär Gestalte vun der amerikanescher Geschicht opstoen a maachen aus zweedimensionale Wiesen Mënschen mat Kapp an Häerz. Visuell spillt de Film an enger Liga mat de ganz grousse Wierker vun der Filmgeschicht.
ATONEMENT
(Joe Wright)

D’Geschicht vun Atonement ass mer un d’Häerz gewuess, wéi ech virun engem Joer dem Ian McEwan säi Roman gelies hunn. Et ass e ganz liichte Film, dee grouss Konsequenzen opweist a grouss Gefiller am Spectateur ausléist. De Personnage vum Briony beschäftegt een nach deeglang, sou gutt sinn d’Saoirse Ronan, d’Romola Garai an d’Vanessa Redgrave. An engem säin Häerz gehéiert no deem Film ganz dem Robbie Turner.
LE SCAPHANDRE ET LE PAPILLON
(Julian Schnabel)

D’Geschicht vum Jean-Dominique Bauby, dem Editeur vun “Elle”, deen no engem Accident just nach säi lénkst A bewege kann, ass d’läscht Joer nach emol ronderem d’Welt gaang. Et ass eng onbeschreiwlech Schéinheet, déi den Julian Schnabel an de Janusz Kaminski no der Dréibuchvirlag vum Ronald Harwood op d’Leinwand bréngen. Wat de Bauby z’erzielen huet, ass faszinant, säi Liewen ass bemierkenswiert, de Film iwwert en ass legendär.
THERE WILL BE BLOOD
(Paul Thomas Anderson)
![]()
Méng Virléift fir de Paul Thomas Anderson ass bekannt, mee wat soll ech och anescht soe, wa séng Filmer sou gutt sinn, wéi se halt sinn. There Will Be Blood ergrënnt dat Béist mat souvill Poesie an der beschter schauspillerescher Leeschtung säit Joeren, ofgi vum Daniel Day-Lewis. Den Anderson schafft zwar just a kubrickschen Zäitofstänn, mee wann d’Resultater ëmmer sou iwwerzeegend sinn, kann e sech roueg Zäit huelen.
ZODIAC
(David Fincher)

Den David Fincher ass a bleift de Meeschter vun obskure Filmer. A Zodiac verfollege mer e Seriekiller am Kalifornien Ufanks der 70er Joeren. Dem Fincher geléngt et, dës onduerchschaubar a verworre Geschicht, déi op reelle Faite berout, mat kloere, spannenden an deels d’Nerven uerg an d’Mangel huelende Mëttel interessant an epesch ze gestalten. Seelen war e Film an deem een am Viraus wousst, wéi e sech entwéckelt, sou sensationell iwwerzeegend.

Hei meng Comments, déi wahrscheinlech keen interesséieren ;)
Den Jesse James an de Blood muss ech lo endlech irgendwann am Kino gesinn! Den Juno halen ech mer fir op DVD. Genau wéi den Zodiac.
Ratatouille hunn ech gudd fonnt, mee net iwweragend. Genau wéi den Into the Wild.
Bourne huet mech nie immens matgerappt.
Iwwert den Atonement weess ech net vill, mee den Poster léisst mëch emmer ‘Chick flick’ denken ;)
Méng Comments zu dénge Comments:
1. Merci fir déng Comments, alt wéinstens een, deen dat Ganzt interesséiert.
2. Jesse James leeft scho laang net méi, kënnt Enn des Mounts an UK op DVD. Blood misst de am Kino gesinn. Zodiac gëtt et schon op DVD, denken dat deen der och gefale géif, wann ech mer däi generelle Goût ukucken.
3. Ratatouille ass dach sou herrlech. Endlech huet ee vun den Disney (Pixar) Filmer rem eng richteg Ausso. Super gema fir Kanner an och interessant fir Grousser. Iwwer Into the Wild hu mer jo scho geschwat, an do verstinn ech, wann en engem net gefällt.
4. Hues de The Bourne Supremacy gesinn? Wann der deen net gefall huet, denken ech, ass den drëtten och näicht fir dech. Den drëtten ass zwar nach besser, mee trotzdem. Wann s de awer nom éischten opgehal hues, oder guer kee gesinn hues, da roden ech der zouzeschloen. (Op DVD erhältlech.)
5. An Atonement ass definitiv keen Chick flick. Do fillen déi zwee Auteuren vun dësem Blog sech definitiv beleidegt. (Ech denke mol, dass ech fir den Nic matschwätze kann.)
Ech stin zu menger femininer Sait.
Feminin, bah.
Glücksbärchi.
Ech muss zwar soen, daat Zodiac mescht verwonnert an der Lescht. Ech hun den gesin an net esou super fonnt. Also OK, et waar en gudden Film, mee ech wees net, ob et lo ombedengt den Brüller geweescht wier. Aanersaits sin ech oft schwéier begeeschterungsfäheg.
Ech hunn e well schon dräi Mol gesinn, a si vu Kéier ze Kéier méi begeeschtert dovun.
Mee hey, fir dech ass jo awer opmannst och ee Film dobäi op Plaz 10. ;)
Ech wëll just soen, dass mech dat Ganzt och interesséiert. Ech fannen däi Blog kinopädagogesch immens wäertvoll a vu que dass ech e Fernseh-Muffel sinn an zum Kino-Muffel “gezwongen” sinn, ass Pianocktail eng gutt Adress fir dank DVD dat nozehuelen wat een am Kino verpasst huet. An da gëtt et jo och nach d’Cinémathéik … iergendwann an hoffentlech net allzu ferner Zukunft. ;)
Merci fir d’Luew. :) Freet mech, dass et der gefällt.
Lo fillen ech mech emsou méi motivéiert fir u méngem Projet fir am Abrëll weider ze schaffen.