E Film, dee schlecht ass, kann eng säugutt Szen dran hunn. E gudde Film kann ouni erwienenswäert Highlight auskommen. Eng Szen mécht kee Film a keng Performance vun engem Schauspiller.

Dofir huelt dat hei net ze seriö. Fir em puer Szenen hunn ech Videoen op Youtube fonnt.

Déi zéng bescht Filmszene vum Joer si ménger Meenung no:

#10 Michael Clayton: de Michael an d’Päerd
Den Tony Gilroy schéngt déi Szen och sou schéi fonnt ze hunn, dass en se zweemol an de Film gesat huet. De Michael klëmmt aus dem Auto a geet den Hiwwel rop bei Päerd. Annerhallef Stonn laang freet een sech, wat dës Szen bedeit an da versteet een et. (Spoiler am Video)

YouTube Preview Image

#9 The Simpsons Movie: Spider-Pig
Déi Szen ass jo wuel den Hummer gewiescht. Obwuel ech den Trailer dausend mol gesinn hat, hunn ech awer nach am Kino (an wéi ech de Film op DVD gekuckt hunn) gelaacht.

YouTube Preview Image

#8 The Darjeeling Limited: Begriefnis (x2)
Naja, eigentlech si jo zwee Begriefnisser am Film, déi de Kär vum Film ausmaachen. D’indescht Begriefnis geet engem no, dat amerikanescht (also d’Garageszen) geet engem ganz déif un d’Häerz.

#7 There Will Be Blood: D’Daf
Et gi souvill gutt Szenen a Blood, dass et schwiereg ass, eng rauszepicken, ouni e schlecht Gewëssen wéinst enger anerer ze hunn. (Kennt der dat Gefill, dass der e schlecht Gewëssen géigentiwwer Kleeder, CDs, Filmer hutt, wann der se laang net méi ugedon, gelauschtert a gekuckt hutt? Anyway, I digress.) Mee d’Daf huet sou eng onwarscheinlech Kraaft, well obwuel den Eli séng Muecht iwwert den Daniel ausspille kann, den Daniel awer nach iwwert him ze stoe schéngt.

YouTube Preview Image

#6 Atonement: Sprangbuer 
Vun all de wonnerschéinen, immense Biller vun Atonement ass de Sprangbuer, d’éischt Mëssverständnis, wat am meeschten hänke bleiwt a méngen Aen. (Vu dass ech d’Buch gelies hat, huet mech de Rescht net iwwerascht. Dofir gesinn aner Leit, wuel aner Szenen als besser un.)

YouTube Preview Image

#5 Zodiac: de Robert Graysmith am Keller
Boah, wat huet een do Angscht mam Jake Gyllenhaal séngem Personnage. Et spiert ee wierklech, wéi de Graysmith sech bal an d’Box mécht. Groussaartege Fincher an deem, wat en am beschte kann: d’Leit psychesch leide lossen.

#4 No Country for Old Men: Tankstell 
Ech denken och de Grommel, deem de Film net gefall huet, wäert mer zoustëmmen, dass dës Szen grousse Kino ass. Den Anton Chigurh a säi “Call it” sinn einfach nëmmen onvergiesslech.

YouTube Preview Image

#3 The Bourne Ultimatum: London
Ech hu laang geschweift fir net och nach d’Tangier Szen an d’Lëscht ranzehuelen, mee am Endeffekt ass dës Szen op enger Gare ze London einfach nëmme fantastesch. De Paddy Considine als Simon Ross brilléiert genee sou wéi de Matt Damon. Dozou gesellt sech dem Christopher Rouse säin onverwiesselbare Schnëtt a mer hunn ee vun de memorabelste Filmmomenter vum Joer.

#2 There Will Be Blood: Bowlingbunn
Ech verroden näicht, et muss een et gesinn. “Draaaaaaaaaaainage!”

#1 The Assassination of Jesse James by the Coward Robert Ford 
D’Szen, net de Film a vu dass den Titel vum Film scho Spoiler genug ass, kënnt der d’Szen jo och kucken:

YouTube Preview Image