MTT = Mëttwoch Top Ten. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Mëttwoch op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi véiert Episode.

(Als Info vir weg: dir misst lo op d’Säit vun de Pianocktail Awards gelaangen.)

Dass ech e riesege Fan vum Paul Thomas Anderson sinn, dierft well bekannt sinn. Den 8. Februar leeft säin neiste Wierk There Will Be Blood am Vereenegte Kinnékräich an domadder hunn ech och gläich endlech d’Chance de Film ze gesinn. Dofir widmen ech mech lo dem Anderson sénge Filmer bis elo. Déi do wieren Hard Eight, Boogie Nights, Magnolia a Punch-Drunk Love. Den Anderson schreift sensationell gutt Personnagen, a leet d’Schauspiller zu brillante Leeschtungen an dofir wëll ech lo mol kucken, wéieng zéng méng léifst sinn. Op 11ter Plaz leien all d’Philip Seymour Hoffman Personnagen an d’Top 10 sinn:

magnolia_420.jpg

10 Quiz Kid Donnie Smith (William H. Macy) – Magnolia
Den absolute Loser. Sou erbärmlech an traureg, dass et engem wéi deet.

09 Amber Waves/Maggie (Julianne Moore) – Boogie Nights
D’Amber ass d’Mamm am Film, rem en eigentlech fuerchtbar traurege Personnage, deem een einfach dat Bescht wënscht, och wann ee wees, dass et net an Erfëllung goe wäert. Grandios de minutelaangen Take an deem de PTA d’Amber am Bild hält obwuel déi aner Leit ronderem hatt, déi net am Bild sinn sech ënnerhalen.

08 Buck Rope (Don Cheadle) – Boogie Nights
E léiwe Mënsch, e Cowboy, dee Gléck huet. Sou eppes, dierf et jo och mol an engem PTA Film ginn.

07 Rollergirl (Heather Graham) – Boogie Nights
Hatt hëllt deel u méngem léifsten Dialog aus dem PTA sénge Filmer. An och soss rullt et wéi e roude Fuedem nieft den anere Personnage vum Film duerch Gléck a Misär. Niewebäi ass d’Heather Graham optesch natierlech och net ze veruechten…

06 Jim Kurring (John C. Reilly) – Magnolia
En tollpatschege, mee sympathesche Polizist, deen d’Léift entdeckt. An da gëtt en nach vun sou engem brillante Schauspiller, dee wéi d’Fauscht op d’A passt inszenéiert.

movie_punch-drunk_love02.jpg

05 Barry Egan (Adam Sandler) – Punch-Drunk Love
De Barry, e Mënsch mat mentale Schwieregkeeten, deen d’Léift sicht an dobäi iwwert sech erauswiist.

04 Frank T.J. Mackey (Tom Cruise) – Magnolia
De Macho schlechthin, mee awer vill méi déif, wéi een sech soueen virstellt. Déi beschte Performance am Tom Cruise sénger Carrière.

boogie4.jpg03 Jack Horner (Burt Reynolds) – Boogie Nights
De Pornoproduzent, deen einfach nëmme Konscht maache wëll a vill Léift fir jiddereen ze verginn huet. Eigentlech e Géigenentworf zum Brando séngem Godfather. (Lo ginn ech wierklech gréissewahnsinneg, iergendee muss mech stoppen.)

02 Dirk Diggler (Mark Wahlberg) – Boogie Nights
Muss een do villes dozou soen? E legendäre Personnage, deen éiweg jonk bleiwe wäert.

1999_magnolia_035.jpg

01 Claudio Wilson Gator (Melora Walters) – Magnolia
En iwweraschende Choix vläicht. Mee iergendwéi gesinn ech am Claudia ëmmer de Personnage, wéi een e schreiwe wëll. De Mënsch, dee sou verzweifelt ass, dass e souguer d’Gléck net méi wëll, well en deem net mol méi traut. An dobäi wëll en trotzdem opgefaang ginn.
“Now that I’ve met you, would you object to never seeing me again?”