MTT = Mëttwoch Top Ten. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Mëttwoch op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi drëtt Episode.

Filmpouster si sou eng Saach. Wat ass e gutt Pouster? Eent, wat eppes iwwert de Film ausseet? Eent, wat d’Leit an de Kino lackelt? Eent, wat fir sech artistesch wertvoll ass? Sécher, kann een op déi dräi Saache kloer mat “Jo” äntwerten.

Sou huet e Filmpouster fir “Beowulf” sécherlech keen artistesche Reiz, bréngt et awer fäerdeg Séancen ze fëllen. Et ass vläicht net gutt, mee effizient. Anerersäits kann en effizient Pouster och säugutt sinn, sou wéi d’knätschgielt Pouster zu méngem Film vum Joer 2006 “Little Miss Sunshine”.

Dat witzegt ass, dass ech kee vun dene Filmer an den Top 10 bis well gesinn hunn, well ech se entweder verpasst hunn, se na net an dësem Deel vun der Äerd gelaf sinn oder well se mech net interesséiert hunn. Zwee Pouster hunn ech net mat an d’Wertung geholl, well et just Teaser Pouster a keng offiziell Filmpouster waren, déi der am Endeffekt an de Kinoe gesinn hutt, wéi d’Filmer bis gelaf sinn. Soss wieren se wahrscheinlech ganz uewe vertruede gewiescht (klicke fir ze vergréisseren):

simpsons_movie_poster_03.jpgtherewillbebloodteaserposterthumbnail.jpg

Engersäits wier dat onverkenntlech dat lëschtegt Pouster zum “Simpsons Movie”, anerersäits e Pouster bei deem mäi Fanboyhäerz méi séier ufänkt ze klappen. “There Will Be Blood” kënnt den 8. Februar endlech an de Kino. Bis dohinner muss ech mech mat geleeëntlechem Läuschtre vum Jonny Greenwood séngem Score zefridde ginn, a mech vollends drop konzentréiren, dass ech bis zum 8. Februar genug Milkshakes gedronk hunn. Well dono wäert dat sech wuel anescht ufillen… Wéi och ëmmer.

Soss nach un der Top 10 laanscht geschrummt si folgend Pousteren fir “Across the Universe”, “No Country for Old Men” a “Vacancy”, déi mer alleguer gefall hunn, mee net grad gutt genug fir op d’Lëscht ze kommen.

across_the_universe.jpgno_country_for_old_men_med.jpgvacancyposter.jpg

 

A schließlech zu den Top 10 vu ménge léifste Filmpouster vum Joer.

#10 ONCE
(leeft net méi)

onceposter.jpg

 

 

#9 MICHAEL CLAYTON
(leeft net méi)

michael_clayton_movie_poster2.jpg

 

 

#8 BEFORE THE DEVIL KNOWS YOU’RE DEAD
(Sortie: 18.1. Utopia)

beforedevildead-posterbig.jpg

 

#7 DEATH PROOF
(leeft net méi)

poster_grindhouse1.jpg

 

 

#6 3:10 TO YUMA
(leeft net méi)

310poster.jpg

 

 

#5 4 LUNI, 3 SAPTAMINI SI 2 ZILE
(leeft net méi)

4-months-3-weeks-and-2-days-4-luni-3-saptamani-si-2-zile-poster-0.jpg

 

#4 SICKO
(leeft net méi)

sicko-poster-2.jpg

 

 

#3 AMERICAN GANGSTER
(momentan am Utopolis)

american_gangster_poster.jpg

 

#2 THE SAVAGES
(Sortie: onbekannt)

10284295_ori.jpg

 

#1 PERSEPOLIS
(op DVD erhältlech)

posterpersepolis.jpg