MTT = Mëttwoch Top Ten. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Mëttwoch op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi éischt Episode.

Iergendwéi huet mech d’Iddi erfaasst ech sollt mäi Blog als Test mol fir eng Zäit programméiren an eng Zuel vu Serien lafen lossen, déi un engem bestëmmte Wochendag diffuséiert ginn. Dat hei ass, wéi der vläicht gemierkt hutt, schon déi drëtt a se wäert 23 Episoden hunn. Den EFW wäert der 28 hunn, d’EBM 26. Domadder halen se alleguer zur nämlechter Zäit op. Et sief dann, ech géif et wéi bei de richtegen Telésprogramme man, an eng Serie bei Mësserfolleg ofsetzen.

Och wann ech heinsdo mol iwwert animéiert Filmkategorie bei den Oscars motzen a mer keng CGI Filmer am Kino undinn, sinn ech e groussen Amateur vum animéierte Film. Hätt ech dach nëmme “Persepolis” gesinn, djö.


#10 The Many Adventures of Winnieh the Pooh
Als Kand war ech verréckt nom Winnieh Pooh. Sou hunn ech zum Beispill 2(!) Pooh Petzien gehat. Dobäi ass de Charakter jo awer eenzegaarteg. All Mënsch muss den dommen ale Bier, wéi de Christopher Robin e gäer genannt huet einfach gäer hunn.

#09 The Lady & the Tramp (Susi & Strolch)
Déi gutt al Geschicht vun der Aristokratin, déi sech an de Bettler verléift. Dat schéint un den alen Disney-Filmer ass, dass se d’Gesellschaft duerch Fabelwiesen duergestalt hunn a sou d’Kanner net fir domm verkaf hunn. Huet soss iergendeen als Kand probéiert déi Szen mat de Spaghettien nozespillen? Ech wette, jo.

#08 Les Triplettes de Belleville
Zur Ofwiesslung eppes modernes a komplett aneres. Groussaartegen, rouegen franséischen Zeechentrick aus dem 21. Joerhonnert, deen all Mënsch gesinn hu sollt. Grouss Konscht.

#07 The Beauty and the Beast
Zréck zu den Disney Filmer. Ech mengen, déi sinn inevitabel. Dëse Film huet et 1991 souguer fäerdeg bruecht fir den Oscar fir de beschte Film nominéiert ze ginn, wat hautesdags opgrond vun der separater Kategorie fir de beschten animéierte Film quasi onméiglech ass. Schéine Film a virun allem schéi Musék.

#06 Wallace & Gromit in The Curse of the Were-Rabbit
Ech sinn e grousse Bewonnerer vum Steve Box an dem Nick Park hierer Aarbecht, net nëmmen um Long-métrage, mee och un hieren Kuerzfilmer. An d’Musék geet mer lo net méi aus dem Kapp an ech päife se viru mech hin…

#05 Sen to Chihiro no kamikushi (Spirited Away)
De Miyazaki ass de grousse japaneschen Zeechentrickkënschtler vun eiser Zäit. Dem Chihiro séng Rees ass eng faszinant Geschicht a wonnerschéine Biller.

#04 Toy Story 2
Dëse Film ass definitiv de beschten CGI Film, deen et gëtt. En ass besser wéi den éischten Deel vun “Toy Story” a besser wéi soss alles, wat Pixar bis well bruecht huet (an ech gesinn hunn). Déi dräi Deeler vu “Shrek” sinn all net gutt, mee dat soll d’Leeschtung vun “Toy Story 2″ awer net schmieleren. De Film ass witzeg an originell.

#03 South Park: Bigger, Longer, Uncut
Frech, vulgär, politesch onkorrekt. A fir den Oscar nominéiert. D’Lidd “Blame Canada” ass effektiv nominéiert ginn. Et gleeft een et kaum, mee et ass sou. De Film ass genial, well en all d’Register zitt.

#02 Jungle Book
Jidderee kennt d’Lidder aus dësem Film an ech denken déi meescht hunn de Mowgli als Kanner beneid a wollten och mam Balou dem Buar an dem King Louie ofhänken. Wee wëll dat och iergendengem verdenken?

#01 The Nightmare Before Christmas
Dem Tim Burton ass e Genie a säi “Nightmare Before Christmas” en onvergiessleche Film. (Jo, ech weess, dass heen net de Regisseur ass, mee et ass awer säi Film.)

Wat sinn är léifsten animéiert Filmer? Iergendeng Wënsch fir eng Top 10? A wat der Däiwel ass mam Bugs Bunny lass?