Et ass Freides Owes a vu dass ech sozial Kontakter fir iwwerschat halen, ginn ech net raus, mee widmen mech méngem Blog a ménger treier Lieserschaft vun Onbekannten. Also geet et virun am Countdown, wou mer eis lues awer sécher den Top 50 näheren.

Disclaimer: De Chris schätzt sozial Kontakter immens vill, zemols de Fede a schreift nëmme Kabes zur Belustegung vun der Gesellschaft. Äusserdem ass en doheem, well en e klenge Streber ass a voll Kraaft hu wëll fir muer säi French Culture Essay ze schreiwen.

#080 The Beatles – I am the Walrus
D’Beatles si wéi der mierkt zimmlech staark vertrueden. “I am the Walrus” ass vläicht net sou en héich ageschatent Lidd, mee ech fannen et einfach nëmme musikalesch an textlech brillant. (Net wéinst dem Oasis Cover.)

#079 Elliott Smith – Miss Misery
Mat dësem Lidd sinn ech op den Elliott Smith opmierksam ginn, wéi ech et fir d’éischt an den End Credits vu “Good Will Hunting” héiren hunn. Awer réicht no em puer Joer hunn ech mech wierklech fir den Elliott Smith ugefaang z’intresséiren, leider war en du schon dout. Hee war ee vun den interessantesten an talentéiertse Singer-Songwriter aller Zäiten, just ass e leider net op dëser Welt eens ginn. Säi Selbstmord (ech denken net, dass et ee war) ass einfach nëmmen e ganz trauregt Kapitel an der Musékgeschicht.

#078 Noir Désir – À ton étoile (Yann Tiersen Mix)
Vun engem traurege Kapitel zum néchsten. Dem Bertrand Cantat séng Geschicht dierft och bekannt sinn. Ofgesinn dovunner muss een awer soen, dass en rem eng Kéier en extrem talentéierte Muséker, ech géif eigentlech soen Poet ass. “À ton étoile” rappt een einfach mat, net souvill an der Originalversioun, mee dofir ëmsou méi am Yann Tiersen séngem Mix an an der Liveversioun op “Noir Désir En Public”.

#077 Bob Marley – Redemption Song
Ech sinn eigentlech kee grousse Fan vu Reggae a vum Bob Marley. Ech héiren et awer ëmmer rem, well mäi Brudder et gäer huet. “Redemption Song” ass sécherlech dat schéinste Lidd vum Bob Marley, an ech sinn réicht rem sou richteg drop opmierksam ginn, wéi de Youssou N’Dour, de Bono an de Bob Geldof d’Lidd zu Heiligendamm um Anti-G8 Concert gesongen hunn, deen ech op der ARD verfollegt hunn. Et war e sensationellen Optrëtt, deen awer net un d’Original rugereecht huet.

#076 Pet Shop Boys – West End Girls
Ech denken net mol dru mech heifir ze rechtfertegen. D’Pet Shop Boys si grousse Kino. Dat muss einfach sinn.

#075 Simon & Garfunkel – The Only Living Boy in New York
Ech weess net wéi oft ech den Album “Bridge Over Troubled Water” scho gelauschtert hunn, mee dat Lidd, wat  bei mir  de gréissten Androck hannerléisst, ass “The Only Living Boy in New York. Firwat? Wéinst dëser Zeil: Half of the time we’re gone, but we don’t know where. Wann déi net immens ass, da sinn ech wierklech mat méngem Latäin um Enn.

#074 The Beatles – Help!
Ah, do si se jo scho rem. Däerf ech et sou soen? “Help!” ass dat coolste Lidd vun de Beatles, et huet de meeschte Groove an keen anert Lidd geet sou ab wéi “Help!”… obwuel… et kommen der jo nach vläicht…

#073 The White Stripes – Fell in Love With a Girl
Acclaimedmusic.net no sinn d’White Stripes déi gréisste Band vun dësem Joerdausend. Wann déi Säit dat sou seet, dann ass dat och sou. An dofir op Plaz 73 hiert bescht Lidd, wat op eng grujheleg Aart a Weis vum Joss Stone verschandelt gouf. Kuckenswäert ass och de legendäre Lego-Video zum Lidd.

#072 Grandmaster Flash and Melle Mell – White Lines
Dubi dubi du bidu bass… White Lines, silver dreams of passion, going through my mind… Ehm pardon, ech hu mech matrappe geloss. Old School HipHop ass wonnerbar Musék, déi vill ze oft duerch hier heiteg Nofolger mat an den Dreck gezu gëtt. Éierlech lo, Grandmaster Flash hunn et net verdéngt, dass Leit wéinst Hampelmänner wéi dem halwen Euro behaapten HipHop wier schäiss.

#071 Steve Miller Band – The Joker
Gutt al Kiermesmusék. Op dëst Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch déi saugutt däitsch Adaptatioun vu Fettes Brot, déi ech deemols rop a rof gelauschtert hunn. An da gëtt et natierlech och déi Simpsons-Episode an däer den Homer et séngt. An dass den Homer e gudde Muséksgoût huet ass gewousst.