A firwat soll ech net heimadder weiderfueren, während ech de Liveticker op kicker.de liesen. Forza Italia!
(Domadder hunn ech mer bestëmmt rem Frënn gema…)

#070 The Undertones – Teenage Kicks
Extrem ausgefeilten Text mat enger eleganter, komplizéierter, usprochsvoller Melodie. Alles dat bidden d’Undertones net. Mee einfach nëmmen eng gutt danzbar a matgrölbar Punknummer.

#069 Fugees – Fu-Gee-La
Déi Anekdot, dass d’Lauryn Hill mam Zach Braff an d’Schoul gaang ass, hunn ech scho mol bruecht. Also soen ech ganz einfach, dass d’Fugees et fäerdeg bruecht hunn mat wierklech just engem eenzegen Album zu der meeschtrespektéierter HipHop-Grupp vun den 90er ze ginn. Wou ech grad dovu schwätzen, kéint ech di CD och mol läuschtren.

#068 Pink Floyd – Shine On You Crazy Diamond
Dorobber huet mech op 3e de Pit bruecht, deen hei ëmmer matliest, mee nie kommentéiert. An de Pitti huet scho Recht, et ass immens. Wat soll een och soss soen?

#067 Coldplay – Yellow
Dat war ëmmer mäi Lieblingslidd vu Coldplay. Ob et et lo nach ass, verroden ech net, ëmmerhin komme jo na 66 Lidder. Mee dass ech e grousse fan vu Coldplay sinn a bleiwen ass wuel kee Geheimnis.

#066 Outkast – Hey Ya!
Ech denken, ech wäert an de Kommentarer wuel déi éischte Kéier héieren, dass iergendeen dat Lidd net gäer huet. Mee ech kenne keen, deen eppes dogéint huet. Ech hu souguer scho Metaller gesinn, déi dat Lidd matgesongen hunn. Sou gutt a beléift ass et.

#065 Queen – Bohemian Rhapsody
Nëmmen op Plaz 65?  Dat ass rem sou eng bescheuert Aktioun vu mir gewierscht. Dat Lidd gehéiert an d’Top 20, ech verbruetenen Aasch. Muss ech déi legendär Szen aus “Wayne’s world” zitéiren? Ech mengen net. Hale mer fest, ech hätt léiwer den Freddie Mercury géif haut nach iwwer Bühnen hopsen, wéi den nach all ze aktiven Mick Jagger.

#064 Beastie Boys – Intergalactic
Alt rem eng Kéier sou e Klassiker vun de Beastie Boys, deen e sensationelle Video huet. Robot-Dance gëtt iwwerhaapt ënnerschat.

#063 Radiohead – Exit Music (for a Film)
Den Thom Yorke huet deemols de Baz Luhrman gefrot, dass deen d’Lidd net op de Soundtrack vu “Romeo & Juliet” setze sollt. D’Lidd huet sou eng perséinlech Bedeitung fir hee gehat, dass en et just op engem Radiohead Album veröffentleche wollt. Dat gëtt mol gemunkelt. Dass et e faszinant Lidd ass, steet äusser Fro.

#062 The Beatles – Eleanor Rigby
Textlech gesinn, ass “Eleanor Rigby” wahrscheinlech dat beschten Lidd vun de Beatles. Eigentlech hätt ech dat och méi héich astufe sollen, well ech et wierklech léiwer hunn wéi sou  munch anert Lidd, wat nach kënnt. Mee et trëfft een eben eng Decisioun a wëll se dann net méi iwwert de Koup werfen. Egal, Plaz 62 ass jo schon zimmlech gutt.

#061 The Kinks – Lola
D’Claire, wat géigentiwwer vu mir wunnt. (Dat heescht hat wunnt am Zëmmer 3 an ech am Zëmmer 4.) ass e riesege Fan vun de Kinks. Ech fannen se och ganz gutt, “Lola” ass e Klassiker, dee batter vun der Coca Col-Reklamm verschandelt gouf. Ech haasse sou Reklammen…