Ech sinn a Schreiwlaun, wéi der vläicht gemierkt hutt. Dofir geet et direkt virun, soulaang wéi et nach unhält.
#090 R.E.M. – Losing My Religion
Et gi souvill gutt Lidder vun R.E.M., mee iergendwéi hunn der net vill et a méng Lëscht gepackt. Egal, ech stellen einfach ee fir allemol fest, dass et eng vun de beschte Bands aller Zäiten ass. “Losing My Religion” ass also souzesoen just exemplaresch fir e ganzt Wierk ze gesinn.
#089 Sufjan Stevens – Chicago
De Sufjan Stevens huet no séngem Album “Michigan” aus Witz behaapt all Joer en Album iwwert en aneren amerikanesche Staat rauszebréngen, bis dass en se alleguer duerchhätt. Dat Joer drop ass “Illinois” rauskomm an op deem war dat absolut bezaubernd “Chicago” ze fannen, an dat een sech direkt verléift. Wuelfilllidder mat Gefill a grousser Melodie léise bei mir eng Zort pavlovsche Reflex vu Sympathie aus.
#088 Nine Inch Nails – Hurt
an Johnny Cash – Hurt
Den Trent Reznor, Sänger vun Nine Inch Nails, sot nodeem en dem Johnny Cash séng Versioun vum Lidd héiren huet, dass d’Lidd net méi him gehéire géif, mee dem Cash säint wier. Sou wäit géif ech net goen, mee ech ka mech net decidéiren, wéieent ech besser fannen. D’Zerbriechlechkeet vum ale Mann, oder dach d’klaustrophobesch Verzweiflung vun der Jugend? Ech iwwerlossen iech et z’entscheeden.
#087 Jacques Brel – Amsterdam
Muss een dozou iergendeppes soen? Aus der schéiner Zäit, wéi an der Telé nach gefëmmt gouf.
#086 Echo & The Bunnymen – The Killing Moon
D’Ufankssequenz aus “Donnie Darko”, wéi den Donnie zu dësem Lidd op séngem Velo heem fiert ass scho bal legendär. Déi meescht Leit erënnere sech bal besser un dëst Lidd, wéi un dem Gary Jules säin “Mad World” am Zesummenhang mam Film. Mee lo mol éierlech, och ofsäits vum Film ass d’Lidd wonnerbar düster an dach iergendwéi liicht.
#085 The Beatles – Lucy in the Sky with Diamonds
An do si se alt rem. Dëst war deemols, wéi ech de Film “I Am Sam” gesinn hat mäin éischt Lieblingslidd vun de Beatles. Eng Schan eigentlech, wéi ech drop komm sinn. Mee d’Lidd bleift, opgrond vu sénger Melodie, séngem lëschtegen Text, deen ech mol ganz ouni Drojhebezuch ophuelen, einfach nëmmen e wonnerschéint Erliewnis.
#084 Oasis – Champagne Supernova
Eent vun de Lidder, wat den Thorben an ech zu Lloret am “St. Tropez” voll wéi d’Lächer gesong hunn. Schéin och wéi et am Benjamin von Stuckrad-Barre séngem Buch “Soloalbum” virum Noel séngem Wunnsëtz Supernova Heights vum Haaptpersonnage zesumme mat alkoholiséierten Englännerinne gesong gëtt, nodeem se alleguer den drëtten Oasis Album “Be Here Now” kaf hunn. ‘t ass eventuell dat hymneschste Lidd vun Oasis.
#083 Coldplay – In My Place
“A Rush of Blood to the Head” ass mäi léifsten Album, an “In My Place” ass e wahnsinneg gutt Lidd fir matzesangen, och beim Autofueren matzen an der Nuecht unzeroden, well ee sécher net aschléift. Néchst Joer kënnt eng nei CD vu Coldplay an dir kënnt drop wetten, dass ech mer se den éischten Dag besuergen.
#082 Yann Thiersen – Comptine d’un autre été: L’après-midi
“Le fabuleux destin d’Amélie Poulain” ass e fabuléise Film. D’Musék geet a geet engem net aus dem Kapp an zemols dëst Lidd schwirrt engem deeglaang am Kapp rem. ‘t ass herrlech. Déi Melodie, de Piano, a lo kënnt et: déi Melancholie. Herrlech.
#081 The Cure – A Forest
En düsteren Ofschloss fir dësen Artikel. Um Cheesy Pop an der QMU spillen se ëmmer “Friday I’m In Love”, woubäi “A Forest” dach vill méi cool ass, an ech och nach besser dorobber danze kéint. Mee hey, ech si schon zefridden, dass se iwwerhaapt The Cure spillen. Wou fënnt een dat da soss? Néirens. Äusser wann ech DJ wier, da géif awer béis “A Forest” gespillt ginn an net ze knapps.

Beim Sufjan Stevens hätt ech éierlech net gewosst, wéi ee Lidd huelen. Chicago ass awer eng gudd Wiel. :)
Johnny Cash. Definitiv. :)
“Lucy in the Sky with Diamonds” ass jo och net enner Drogenafloss entstaanen, mee well dem Lennon säi Bouf ee Bild aus der Schoul matheem bruecht huet vun enger Klassekomerodin Lucy, an dat Bild “in the sky with diamonds” genannt huet. De McCartney sot zwar firun e puer Joër, et wier iwwer een Drogentrip, mee deen huet d’Lidd jo net geschriwwen. Ech fannen et also duerchaus gerechtfertegt, deen Drogenbezuch ze ignoréiren. :)
“A Rush of Blood to the Head” hunn ech scho net méi sougär. Ech sinn bei Coldplay ee grousse Fan vun hieren éischten EPs vun 98 an 99 an sinn iergendwéi bei Parachutes dunn hänke bliwwen. (Mol eng Kéier wou ech kann éierlech behapten: “ech hunn se kannt ier se berühmt waren”. :)) Dono sinn se bekannt ginn an ech fannen, dat huet hierer Kreativitéit geschued. “Yellow” fannen ech war hieren Héichpunkt an zanterhier ass fir mech perséinlech näischt méi dorunner erukomm.
Näicht geet iwwer “Chicago” a méngen Aen.
Okay.
Dat weess ech och, dofir jo, keen Drojhebezuch. Mee de Lennon kann och vill zielen.
ARoBttH ass e Gesamtkonschtwierk vu seelener Schéinheet.
Wou se soss The Cure spillen? Um RTL? :-P
A Forest onbedengt an der live-Versioun vum 84er Live-Album lauschteren!
Mir huet “Hurt” an der Originalversioun besser gefall, mee vlaischt och doweinst, well ech The Downward Spiral eischter als Gesamtkonschtwierk ungesin.
Champagne Supernova huet mir laang Zait extrem gudd gefall, lo eischter net méi sou. Vlaischt ze oft héiren…
#090 deng Léisung fir R.E.M. an d’Lëscht anzebannen fannen ech gutt, mä sou häss de awer och bei anere Gruppe virgoe kënnen. Mä soit, et sinn jo d’Top-250-Lidder.
#087 :)
#082 Hingerhaut