Ech hu grad mäi Myspace Account geläscht, eppes wat ech scho laaaaang maache wollt.

Myspace ass eng Plaz fir Leit, déi gäer schwaarz-wäiss Fotoe vu sech man, an deenen een hiert Gesiit net gesäit oder an deenen se fir e méi (sorry un d’Melancholiker ënnert ménger Lieserschaft) melancholeschen Effekt ze hunn, hiert Gesiit vun der Lëns wegdréien. Dat soll da weisen, dass et eppes méi Déiwes an hierem Liewe gëtt, wat se entweder schon erkannt hunn oder äusserhalb vum Bild sichen.

Dat sinn ech einfach net. Ech sinn net melancholesch, ech si Realist mat Hang zu geleeëntlechem Pessimismus, respektiv naivem Glaawen an iergendeppes Guddes am Mënsch. Ech fanne schwaarz-wäiss Fotoen schéin, mee ech sinn a Faarw. Ech schreiwe keng Bulletins, an deenen ëmmer déi nämlecht langweileg Froe beäntwert ginn. Ech bräuch méng Bekannter net an enger Ranglëscht klasséiren. Ech bräuch virun allem net dat aekriibserreegend Design. Ech gehéiren net op Myspace, et ass net mäi Stil.

Also hunn ech mech vu Myspace verabschied mat dem Kommentar: “I prefer Facebook. Goodbye!”