EBM = ënnerbewertete Muséker. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Freideg op Pianocktail lafe wäert, an ee Muséker pro Buchstaw vum Alphabet virstellt. Dat hei ass déi éischt Episode.

A And You Will Know Us by the Trail of Dead

Oder och just ganz kuerz Trail of Dead. Op den éischte Bléck: bescheuerte Bandnumm, kléngt wéi iergendeng blöd Death Metal Band. Dat stëmmt sou awer net. Trail of Dead spillen allerfeinsten Avant-garde Art Rock, och wann hieren Numm doduercher net besser gëtt. Referenzbands si Sonic Youth, The Who oder och Fleetwood Mac.

Mäin Uspilltipp: “Mark David Chapman” vun hierem zweeten Album “Madonna” (1999).
Albumtipp: “Worlds Apart” (2005)

Linktipps: http://www.trailofdead.com/ – offiziell Website; http://www.trailofdead.org/ – offiziell inoffiziell Fansite