EFW = ënnerbewertete Film vun der Woch. Wéi den Numm scho seet, ass dëst eng Serie, déi all Dënschdeg op Pianocktail lafe wäert. Dat hei ass déi drëtt Episode.
“Anything else” (2003)
Regisseur: Woody Allen
Dréibuch: Woody Allen
Cast: Woody Allen (de Maestro himself), Christina Ricci (méng grouss Kannerléift), Jason Biggs (den Haaptduersteller aus den “American Pie”-Filmer) an den Danny DeVito (muss ech net virstellen, oder?).
Munchereen seet, de Woody huet laang kee gudde Film méi gemeet. Anerer soe méi präzis, dass et säit 1994,1989 oder 1985 näicht Guddes méi vun em gi wier. Dat halen ech alles fir Kabes.
Okay, en Niveau vu séngem 1977-79er Streech (“Annie Hall”, “Interiors”, “Manhattan”) z’erreechen ass em net méi gelongen. Mee ween erwaart da sou eppes? “Hannah and her Sisters”? Herrlech. “Crimes and Misdemeanours”? E Genoss. “Bullets over Broadway”? Genial. A schließlech “Match Point”, deen ech voller Hybris an d’Gesellschaft vun den Enn 70er Meeschterwierker setzen.
Mee hei geet et em “Anything else” a wann der sou wëllt och em all aneren vill kritiséierte Woody-Film. “Anything else” ass natierlech näicht neies, jiddereen deen de Woody kennt, weess dass en sech net nei erfënnt. Mir hu rem e gescheiterten, liicht neuroteschen Artist an enger heikler Bezéiung zu enger jonker Joffer. Dozou gesellt sech nach säi Mentor, dee se absolut net méi huet, natierlech vum Woody selwer gespillt.
An de Film ass einfach witzeg a sympathesch. Méi net. Et ass kee grousse Kino, nee, et ass e gudde Film, deen d’Leit net zevill beusprocht. Et ass kee vum Woody sénge beschten, mee awer na besser wéi dat meescht wat rauskënnt.

Sorry, mä hei gëtt de Moment net kommentéiert.