Sou, da fänkt et lo sou lues un interessant ze ginn. De läschte Schrëtt virun den Top 100, an déi gi réicht immens, oh mei, wann dir wéisst…

#125 Pink Floyd – Wish You Were Here
Op dat Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch d’Coverversioun vum Wyclef Jean, deen ech fréier mol gäer gelauschtert hunn. Verréckt, mee eppes gudds hat et jo awer. Mee och soss hätt ech deen absolute Klassiker wuel net verpasst.

#124 The La’s – There She Goes
Op dat Lidd sinn ech opmierksam ginn duerch d’Coverversioun vun Sixpence None the Richer, déi ech fréier mol gäer gelauschtert hunn. Verréckt, mee eppes guddes hat et jo awer. Mee och soss hätt ech deen absolute Klassiker wuel net verpasst.

#123 Coldplay – Green Eyes
De Géigendeel vu Radiohead hierem “Creep”, sou kënnt et mir mol vir. An dëser Versioun kritt en d’Joffer. Textlech um nämlechten Niveau, mee et feelt e bëssen u Selbstmatleed.

#122 Joy Division – Atmosphere
Schued, dass et Joy Division just dräi Joer gouf… “Atmosphere” ass immens wéinst deem, wat den Titel seet, der Atmosphär, déi d’Musék kreéiert. Einfach nëmme wonnerbar.

#121 Fugees – Killing Me Softly
Definitiv déi beschte Versioun vun dësem Lidd. An do wiere mer jo rem beim Wyclef Jean. PS: d’Lauryn Hill ass mam Zach Braff an d’Schoul gaang, a se waren déi beschte Frënn. Wat ech net alles weess…

#120 Manu Chao – Bongo Bong
Wat der Deiwel, nëmmen 120? Wat huet mech dann do geridden, dat Lidd ass dat coolste Lidd aller aller Zäiten, an de Manu Chao de coolste Fransous aller Zäiten… (naja…)

#119 Placebo – Every Me Every You
Jojo, all blöde Lëtzebuerger huet Placebo gäer, mee se si jo awer och verdammt gutt. An niewebäi kann ech da mol rem eng Kéier behaapten, dass ech na nie de Film “Cruel Intentions” mam Buffy Sarah Michelle Gellar gesinn hunn, an deem dëst Lidd virkënnt.

#118 Rage Against the Machine – Killing in the Name of
E bëssen Agressivitéit stécht jo och a ménger verkannte plüscheger Glücksbärchiséil. An besser ofbauen kann een déi mat kengem anere Lidd, äusser vläicht mat SoaD…

#117 The Mamas & The Papas – California Dreaming
Besser hätt ech dee Kontrast lo awer net kënnen hikréien… ech sinn einfach de Chef. An ech haassen déi fiirchterlech schappeg Technoversioune, déi vun all de schéine Klassiker gema ginn. Sidd kreativ, an denkt iech är Musék selwer aus, dir domm Säck amplaz Klassiker ze verschandelen! (Pardon fir d’Gebrëlls.)

#116 The Police – Message in a Bottle
Wat ech méi driwwer nodenken, wat mer d’80er besser gefalen. The Police si phänomenal gutt gewiescht, eppes anescht kann een net soen. Dat Lidd kënnt iwwregens säugutt, wann ee stacksat no der Fouer heemgefouert gëtt, all d’Fënstere vum Auto op sinn a jidderee matséngt.

#115 The Doors – Break on through
Bëssen The Doors muss och ëmmer sinn, obwuel ech net méi sou verléift a se sinn wéi nach op IIe.

#114 Elvis Presley – Jailhouse Rock
Et kann ee soe wat ee wëll, mee ouni de King hätte mer haut net déi Musékszen, wéi mer se hunn. A gutt Musék huet e jo och alt heinsdo gema. Dee Mann war schon extrem talentéiert.

#113 Muse – Time is running out
Hach, war dat schéin um Concert. Zënter dass ech “Absolution” fir d’éischte Kéier geläuschtert hunn war et mäi Lieblingslidd vu Muse an dat wäert sech kaum iergendwann änneren.

#112 The Billy Corgan Show Smashing Pumpkins – Disarm
Den Drecksak huet et net gespillt um Concert. If the killer in me erwëscht you.

#111 Tocotronic – Wir sind hier nicht in Seattle, Dirk
Und das ist auch gut so.

#110 The Beatles – Here Comes the Sun
Ech denken, dëst ass eent vun de meescht ënnerschatene Lidder vun de Beatles. Dobäi ass et dach wonnerschéin. Erënnert mech drun wéi méng Mamm mech mat hirem Cabrio an de Cactus fuere geloss huet, an ech haart Beatles geläuschtert hunn.

#109 Oasis – Supersonic
“Ich bin bereit, gib mir Korn und Sprite” ass d’Äntwert vun Tomte. Mee mir sinn net nëmme prett, mir fillen eis supersonic. Méng Léift zu där Band ass einfach onbeschreiflech grouss, wéi der vläicht mierkt.

#108 Massive Attack – Unfinished Sympathy
Kee Witz, just wéinst Massive Attack hunn ech mech zu Bristol un der Uni ugemellt. D’Säck hu mech net ugeholl, mee ech ech wollt jo souwisou op Glasgow (Belle & Sebastian!!).

#107 Depeche Mode – Enjoy the Silence
Nach méi onbeschreiwlech gutt 80er Mucke. ‘t ass schon ongerecht, wéi krass d’80er gehaasst ginn, éierlech lo. D’90er déi ware vill méi schro (ofgesi vun Oasis, Blur, Radiohead a sou…).

#106 Radiohead – Karma Police
Onvergiesslech war de Singalong vun dësem Lidd um Pukkelpop. 40’000 Leit, déi “I lost myself” sangen, einfach nëmmen Hingerhautstëmmung. An natierlech net ze vergiessen “Her Hitler hairdo is making me feel ill”. Ganz grousse Kino.

#105 The Libertines – Up the Bracket
De Pete Doherty zesumme mam Carl Barât war e musikalescht Duo mat souvill Kraaft, dass et mer am Häerz wéi deet drun ze denken, wat se hautesdags fir Musék man. Näicht géint d’Babyshambles, mee et feelt dach d’uerdnend Hand vum Barât a bei den Dirty Pretty Things feelt de chaoteschen Input vum Doherty.

#104 The Velvet Underground – Heroin
Aaaah, Drojhe si bah. Dat ass festgestallt, lo kann ech da jo soen, dass et kee Lidd gëtt, wat besser e visuellt Erliewnis duerstellt wéi dëst. Du läuschters d’Musék a gesäis dem Lou Reed séng Wierder virun der sech zu engem Bild zesummesetzen. Ganz ouni Drojhen ze huelen.

#103 Jerry Lee Lewis – Great Balls of Fire
Wat hunn ech mer da scho rem heibäi geduecht? D’Lidd ass jo gutt an alles, mee awer net um Niveau vun de Lidder, déi virdru komm sinn. Wat sinn ech dach e blöde Vull. (Iwwerhaapt gëtt an deem Artikel vill geflucht, fällt mer op.)

#102 Red Hot Chili Peppers – Californication
Ee vun den éischten Alben op deen ech haut nach stolz sinn e kaf ze hunn. De Video war deemols eppes kmplett neies, wonnerschéines, wéi ech seelen gesinn hat. Dat huet mech faszinéiert. A faszinéiert mech haut nach.

#101 Louise Attaque – J’t’ emmène au vent
Dat ultimativt Remhopps a Matsanglidd. Dat Lidd, wat all Lëtzebuerger gäer huet. DAT Lidd.